Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Medien und ICT Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Wéini kënnt eng informatiséiert Carte sanitaire?

An Däitschland subventionnéiert d'Gesondheetskees Dokteren beim Prozess fir eng digitaal Carte sanitaire op d'Been ze stellen. DP-Deputéiert Alexander Krieps, Edy Mertens a Gusty Graas froen no, ob dat och zu Lëtzebuerg méiglech ass.

News Medien und ICT Eugène Berger Xavier Bettel

Mediepluralismus fir eng staark Demokratie: Qualitéitsjournalismus fërderen, „Fake News“ bekämpfen!

D’Chamber huet den Dënschden iwwert d’Zukunft vun de Medien zu Lëtzebuerg geschwat, dëst besonnesch an engem Kontext vun der Digitaliséierung, déi eng Partie Erausfuerderungen awer och nei Chancë fir d’lëtzebuerger Press mat sech bréngt.

News Medien und ICT Eugène Berger

Schluss mat den anonyme SIM-Kaarten

No de Paräiser Attentater am November 2015 gouf e Gesetzprojet vun der Regierung an d'Weeër geleet, fir all anonym SIM-Kaart hei am Land ze desaktivéieren. De Rapporteur Eugène Berger huet de Projet virgestallt.

News Medien und ICT André Bauler Xavier Bettel

Neie Konzessiounsvertrag mat RTL

Deklaratioun vum Medieminister Xavier Bettel: Och an Zukunft wäert et zu Lëtzebuerg en Tëleesprogramm a Lëtzebuerger Sprooch iwwert d’Dagesaktualitéit, Politik, Kultur a Sport ginn.

Parlamentarische Fragen Bildung Medien und ICT Gilles Baum

Wéi gesäit den Tëschebilan vun der Strategie "Digital(4)Education" aus?

Am Fréijoer 2015 huet den Educatiounsministère Strategie "Digital(4)Education" virgestallt. Et geet heibäi drëm fir d'Schoul un d'Erausfuerderunge vum zukünftege Aarbechtsmarché unzepassen an d'Talenter vun den Schüler geziilt an den IT-Beräicher ze fërderen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet no engem éischten Tëschebilan vun dëser Strategie. Wéi vill Schüler notzen d'App MathemaTIC oder de gratis "Office 365" ? Wéi vill "Ipad-Klassen" ginn et am Moment an eise Schoule? Dëst si weider Froen, déi hien un de Minister Claude Meisch riicht.

Parlamentarische Fragen Medien und ICT André Bauler

Medielandschaft zu Lëtzebuerg

Wéi steet et mat der Recherche a Saache Medielandschaft zu Lëtzebuerg? Gëtt an deem Beräich gefuerscht? Wier et net opportun eng Ausstellung zu deem Sujet ze organiséieren? Dës Froe stellt den DP-Deputéierten André Bauler dem Medien- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel.