Sie sind hier

News Außenpolitik Gusty Graas

Gusty Graas: „Verdammte Flicht fir eis z’engagéieren.“

D’Lëtzebuerger Entwécklungshëllef wäert och an Zukunft noutwenneg sinn, esou den DP-Spriecher Gusty Graas, dës Woch bei der Chamberdebatt iwwert d’Cooperatioun, och wa sech hei an do géinge Korrekturen opdrängen.

News Außenpolitik Eugène Berger

D'Zukunft vun der EU an der Euro-Zone

De Fraktiounspresident vun der DP huet de Mëttwoch de Mëtte bei der Debatt zur EU Stellung geholl.

News Außenpolitik Eugène Berger

Visite vum neie President vum Europaparlament zu Lëtzebuerg

D’Brite wäerte méi ënnert dem Brexit leiden, wéi d’Unioun.

News Außenpolitik Charles Goerens

Méi Kohärenz a méi Moyene fir déi europäesch Entwécklungshëllef

Grouss Ambitiounen a kleng Zieler fir se z'erreechen. A senger Pressekonferenz ass de Charles Goerens op déi europäesch Entwécklungshëllef agaang.

News Außenpolitik Xavier Bettel

De beschte Sproch koum vum Lëtzebuerger

De Premier Xavier Bettel an der Emissioun vum Anne Will.

News Außenpolitik Charles Goerens

Positioun zum Livre Blanc vun der EU-Kommissioun

E Méinden huet den Europadeputéierten Charles Goerens an enger Pressekonferenz seng Positioun zum Livre Blanc vun der EU-Kommissioun presentéiert.

News Außenpolitik Gusty Graas

„Loosse mer eis de Friddensplang Europa net zerstéieren.“

A senger Ried zur aussepolitescher Debatt e Mëttwoch an der Chamber, ass de Gusty Graas ënner anerem ob d'Errongenschaften an déi grouss Defie vun der Europäescher Unioun agaangen.

News Außenpolitik Justiz und Sicherheit Alexander Krieps Gusty Graas

Déi lëtzebuergesch Arméi an d’Roll vu Lëtzebuerg an der NATO an

En Dënschden war d’Haaptthema an der Chamber d’Defense. Am Kader vun zwou Interpellatioune gouf iwwert d’Erausfuerderunge vun eiser Arméi diskutéiert, an op Initiativ vum Deputéierten Alexander Krieps, och iwwert d’Roll vu Lëtzebuerg an der NATO.

News Außenpolitik Gusty Graas

Immigratiounsgesetz – Upassung vum legislative Kader

Lëtzebuerg wier ouni seng Awanderungsgeschicht net dat modernt Land wat et haut ass. Dofir ass et wichteg, datt sech eis Gesetzer un déi nei Entwécklungen upassen, an dat net nëmmen am Interêt vun eiser Wirtschaft, mee och fir de Leit déi nämmlecht Rechter ze garantéieren.

News Außenpolitik Gusty Graas

Ambitiéis Ziler déi konkret mussen ëmgesat ginn

Déi international Communautéit huet sech mam Agenda 2030 ambitiéis Ziler an der Entwécklungspolitik ginn. Fir datt dës Realitéit ginn, mussen nach vill Efforte gemaach ginn. An der alljährlecher Cooperatiounsdebatt ass den Deputéierte Gusty Graas niewent dem lëtzebuergeschen Engagement och op déi grouss international Erausfuerderungen agaangen.

News Außenpolitik Charles Goerens

Pressekonferenz vum Europadeputéierte Charles Goerens

Och 6 Méint nom Jo zum Brexit vum britesche Vollek, huet Groussbritannien nach ëmmer net hiren Austrëtt aus der EU an d'Weeër geluecht. 

News Außenpolitik Anne Brasseur

Veruerteelen ouni d’Brécken ofzebriechen

D’Lag an der Tierkei ass alarmant. Nom versichte Putsch, mee och scho virdrun, sinn d’Regele vum Rechtsstaat net méi respektéiert an déi individuell Fräiheeten ausgeklamert ginn. An deem Kontext huet en Mëttwoch d’Chamber eng Resolutioun ugeholl, déi d’tierkesch Republik opfuerdert um Wee vun der Demokratie ze bleiwen.

News Außenpolitik Eugène Berger Xavier Bettel

Brexit: „Europa steet viru groussen Erausfuerderungen“

Den 23. Juni huet d’britesch Vollek decidéiert: Groussbritannien soll net méi Member vun EU sinn. Wéi et elo viru geet a wat de Brexit fir Konsequenzen op der Insel an am Rescht vun der Unioun wäert hunn, gouf de Donneschden de Mëtteg an der Chamber debattéiert.

News Außenpolitik

Attentat zu Orlando

No dem grujelegen Attentat zu Orlando hunn d'Parteipresidentin Corinne Cahen an de Generalsekretär Marc Ruppert an engem Bréif un den amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, David McKean, hiert déifste Matgefill ausgedréckt.

News Außenpolitik Gusty Graas

Fräihandelsofkommes mat Kanada: Sachlech a mat Verstand un de CETA eru goen

Eng Majoritéit vun de Deputéierten hunn en Dënschden eng Motioun gestëmmt déi d’Regierung opfuerdert, sech dofir anzesetzen, datt déi nationaler Parlamenter bei der Ratifikatiounsprozedur vum Fräihandelsofkommes mat Canada matbestëmme kënnen.