16/01/2018
Parlamentarische Fragen
Bildung
Medien und ICT
Lex Delles
Eugène Berger
A Frankräich gëtt de Moment eng Applikatioun fir Tablets getest mat där jonk Schüler op eng spilleresch Aart a Weis franséisch liesen a schreiwe léieren. D'Deputéierten Eugène Berger a Lex Delles hu beim Educatiounsminister nogefrot, op GraphoLearn och a Lëtzebuerger Schoule kéint zum Asaz kommen a wat fir eng aner informatesch Léierhëllefen de Lëtzebuerger Schüler de Moment zur Verfügung stinn.