Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Bildung Gesellschaft Gusty Graas

"Demasculinatioun" vun der franséischer Grammatik?

Eng ganz Rei vu Franséischprofesseren a Frankräich hunn sech entscheet, déi grammatikalesch Reegel "le masculin l'emporte sur le féminin" net méi unzewenden. Fir si gëllt d'Gläichberechtegung tëscht Fra a Mann och an der Grammatik an benotzen dofir den sougenannten "accord de proximité". Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet an deem Kontext ënnert anerem beim Educatiounsminister no, wat seng Positioun zu där "Demasculinatioun" vun der franséischer Grammaire ass an ob et am Fall vum Uwende vun där inklusiver Grammaire net zu Konfusioune komme kéint.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Ginn d'Fäll vu Riedelen och zu Lëtzebuerg an d'Luucht?

Scho laang net méi goufen et sou vill Fäll vu Riedelen an Europa. A verschiddene Länner sinn esouguer Kanner dorunner gestuerwen. Wéi gesäit mat den Infektiounen zu Lëtzebuerg aus ? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Beleidegungen a Gewalt an de Spideeler

Beleidegungen a Gewalt géigeniwwer Fleegepersonal an Doktere ginn am Ausland ëmmer méi zu eng traureger Realitéit. Och zu Lëtzebuerg héiert een, datt esou Aggressiounen zouhuelen. D'DP Deputéiert Edy Mertens, Alexander Krieps a Gusty Graas froen dofir no, wéi genau d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob et eng Ulaafstell gëtt fir dem Personal ze hëllefen dat Erliefte besser ze veraarbechten, a wat ugeduecht ass fir déi souwisou schonn usprochsvoll Aarbecht duerch esou Virfäll nach méi schwiereg ze maachen.

News Gesellschaft Gusty Graas

Ombudsman, am Déngscht vun de Bierger an de Verwaltungen

857 Reklamatioune sinn d’läscht Joer un den Ombudsman adresséiert ginn. Wat genau d’Verwaltungen ënnerhuele kenne fir den Déngscht um Bierger ze verbesseren, gouf am Kader vun engem débat d’orientation an der Chamber beschwat.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Gusty Graas

Fentanyl als Drog - och zu Lëtzebuerg?

Fentanyl as e Medikament géint Péng, wat vu Kriibspatiente geholl gëtt. An den USA gëtt et säit neistem och op der Strooss verkaaft, net als Medikament mä als Heroin Ersatz. Den Deputéierte Gusty Graas géing gär vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob et där Fäll och zu Lëtzebuerg ginn an ob eppes Preventives ënnerholl gëtt, fir dat kennen a Lëtzebuerg z'evitéieren.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Justiz und Sicherheit Edy Mertens Alexander Krieps Gusty Graas

Wat maachen géint d'Hausse vun de Vergewaltegungen?

D'Police Grand-Ducale huet déi néi Kriminalitéitszuele presentéiert. Hei geet ervir dass d'Zuel vun de gemellte Vergewaltegungen zu Lëtzebuerg em 56% an d'Luucht gaangen ass. D'DP Deputéiert Alexander Krieps, Gusty Graas an Edy Mertens froe bei den zoustännege Ministeren no, ob et sënnvoll wier d'Verjärungsfrist bei Vergewaltegungen op 30 Joer eropzehiewen a wéi et mat de Léit ass déi wéinst Vergewaltegungen ënnert enger traumatescher Amnesie leiden.

 

 

News Gesellschaft Gusty Graas

Chancëgläichheet: E Gesetz alleng geet net duer

D’Objektiver vum neie Gesetz a Punkto Chancëgläichheet dat en Donneschden an der Chamber ugeholl gouf, sinn duebel. Engersäits ass de Prinzip vun der égalité de salaire zwëschent Männer a Fraen an d’Gesetz verankert ginn, an op der anersäit ass d’Parteiefinanzéierung elo u Quote gebonnen, sou datt d’Wahllëschte fir d’Chamber- an Europawahlen zu 40% aus dem ënnerrepresentéierte Geschlecht bestoe sollen.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Alexander Krieps Gusty Graas

Tiers payant social

Depuis le 1er janvier 2013, les personnes à revenu modeste ont la possibilité de demander le tiers payant social auprès de l’office social en charge. Ce dispositif a pour but de faciliter l'accès aux soins médicaux et dentaires des personnes en difficultés.