Sie sind hier

News Finanzen André Bauler Pierre Gramegna

Pressekonferenz zur Standuertpolitik: Permanent innovéieren, nohalteg Nische fannen, Standuert kohärent diversifiéieren

De Finanzminister Pierre Gramegna an den DP-Deputéierten André Bauler hunn den Dënschdeg eng PK iwwert de Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg ginn… iwwer seng Ausriichtung, seng Diversifizéierung a seng Perspektiven.

News Außenpolitik Corinne Cahen Xavier Bettel Marc Hansen Pierre Gramegna

Staatsvisitt a Frankräich: Frëndschaft, Respekt a Realpolitik

Déi éischt Lëtzebuerger Staatsvisitt a Frankräich zanter 40 Joer war markéiert vun der traditioneller Frëndschaft tëschent den zwee Länner. Eng Frëndschaft, déi méi wéi eemol déi lescht Deeg vum Grand-Duc Henri a vum President Emmanuel Macron ënnerstrach ginn ass.

News Finanzen Medien und ICT Eugène Berger Pierre Gramegna

Kryptowärungen: Aktualitéitsstonn an der Chamber

Thema en Donneschdeg an der Chamber ware Bitcoin & Co. Wat sinn d’Risiken an d’Chancë vun esou Kryptowärungen, a wat bedeiten se fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg? Den Eugène Berger ass a senger Ried op déi Froen agaangen.

News Finanzen Eugène Berger Pierre Gramegna

Trotz Rekordinvestissementer a Steierreform: Bescht Budgetszuelen zënter Joren

Gutt Note vum FMI a Lutte géint d’Geldwäsch.

Iwwerschoss vun 364 Milliounen Euro beim Zentralstaat: Een zefriddene Finanzminister Pierre Gramegna huet den Deputéierten aus der Finanz- a Budgetskommissioun kënne gutt Zuele presentéieren.

News Finanzen Joëlle Elvinger Gilles Baum Eugène Berger Pierre Gramegna

Budget 2018

Déi lescht Chamberwoch am Dezember steet gewéinlech ganz am Zeeche vum Staatsbudget. Nodeems dëst Joer d'DP-Deputéiert Joëlle Elvinger de Budget huet dierfen als Rapportrice dem Plenum virstellen, hunn deen Dag drop d'Debatten am Parlament ugefaangen. D'Prioritéite vum Budget 2018 fannt Dir hei.

News Lag vun der Natioun Finanzen Pierre Gramegna

D’Zuelen si gutt

A senger Interventioun am Kader vun den Diskussioun ëm den „Etat de la nation“ huet de Finanzminister Pierre Gramegna Detailer zum aktuelle Stand vun der Economie an de Staatsfinanze ginn.

News Klimaschutz und Energie Max Hahn Marc Hansen Pierre Gramegna

Klimabank

D'Konventioun mat de Banken ass ënnerschriwwen

News Finanzen Eugène Berger Pierre Gramegna

Budget 2017: Am Zeeche vu méi Qualitéit, Solidaritéit a Kompetitivitéit

Kuerz virun de Feierdeeg ass an der Chamber de Budget fir d’Joer 2017 gestëmmt ginn. De Finanzminister Pierre Gramegna huet betount, datt et genee de richtege Budget zum richtegen Ament ass.

News Finanzen Joëlle Elvinger Eugène Berger Pierre Gramegna

Budget 2017: Qualitéit, Solidaritéit a Kompetitivitéit

De Moien huet de Finanzminister Pierre Gramegna de Budget fir 2017 an der Chamber deponéiert.

News Finanzen Pierre Gramegna

"Steierreform konkret"

Vum 12. bis den 26. September luet de Finanzministère op eng Rëtsch Informatiounsversammlungen uechter d'Land an.

News Finanzen Joëlle Elvinger Eugène Berger Pierre Gramegna

Den Text vun der Steierreform kann an d'Prozedur

De Ministerrot huet dës Woch de Gesetzestext zur Steierreform guttgeheescht esou dass d'Parlament sech elo geschwënn mat den Detailer beschäftege kann.

News Finanzen Eugène Berger Pierre Gramegna

E weidere Schrëtt fir eng transparent Finanzplaz

Duerch den automateschen Austausch vu Rulingen, beweist eis Finanzplaz dass se näischt ze verstoppen huet.

News Finanzen André Bauler Pierre Gramegna

En neie Produit fir eis Finanzplaz: de FIAR

Duerch d'Schafe vun engem neien Typ vu Fongen, stellt eis Finanzplaz sech weider gutt op

News Finanzen Pierre Gramegna

Wirtschafts- a Finanzperspektive

„D’Regierung mécht eng verantwortlech Budgetspolitik”, esou de Finanzminister Pierre Gramegna a senger Ried iwwert de Wuesstems- a Stabilitéitsprogramm 2017-2020.

News Steuern Pierre Gramegna

Fir méi Nohaltegkeet, Gerechtegkeet, Selektivitéit a Kompetitivitéit

De Finanzminister Pierre Gramegna huet no den Diskussioune mat de Sozialpartner zousätzlech Elementer vun der Steierreform presentéiert.