Sie sind hier

Eis Kandidate fir Fréiseng

News Gemengewalen

D’DP vu Fréiseng ass houfreg, datt si bei de nächste Gemengewahle vum 8. Oktober mat enger jonker, dynamescher a héich motivéierter Equipe wäert untrieden.  

De Mike Varnier, President vun der DP-Fréiseng, ënnersträicht, wéi wichteg déi nei Sektioun vun der Demokratescher Partei ass.

«Et ass eng jonk an dynamesch Equipe, déi mer konnten un een Dësch kréien. Et huet een hinnen net musse fléiwen. Dee Schrack mat der Neigrënnung dëse  5. Juli zu Fréiseng ass op alle Fall méi wéi gegléckt an et spiert een eng immens positiv Stëmmung an der Equipe, déi  mam Carlo Raus och e ganz erfuerene Mann an hire Reien huet.  

D’Gemeng Fréiseng huet sech an de leschte Joren rasant entwéckelt an et gëtt och an Zukunft vill Aarbecht, wou mir wëlle mat upaken.

Eise Programm, deen deemnächst eraus kënnt, wäert weise, mat wéi engem Elan a Fläiss ons Equipe sech Gedanken iwwert déi weider Entwécklung vu Fréiseng gemaach huet. Mir wëllen d’Rad net nei erfannen, ma mir sinn dovunner iwwerzeegt, datt mer mat enger konstruktiver, objektiver, oppener a biergernoer Manéier onsen Deel dozou kënne bäidroen, datt Fréiseng sech weider zum Gudden entwéckelt.»

DP-Kandidate fir Fréiseng

 Carlo RAUS (Spëtzekandidat)

  • 63 Joer
  • Pensionnéierte Landwirt
  • Uespelt

Martine BECKER

  • 44 Joer
  • Staatsbeamten, Professions de la santé
  • Helleng

Sam BERNS

  • 36 Joer
  • Privatbeamten, Schlässer
  • Fréiseng

Rafael CABETE

  • 39 Joer
  • Indépendant, Horesca                
  • Helleng

Samantha HUTMACHER

  • 32 Joer
  • Gemengenbeamtin, Buchbënner
  • Uespelt

André KIEFFER

  • 45 Joer
  • Beamten bei der Eisebunn, Inspekter
  • Uespelt

Edisa KOZAR

  • 37 Joer
  • Privatbeamten, Ressources Humaines
  • Fréiseng

Julie PEREZ

  • 30 Joer
  • Educatrice diplômée, Sozialen Domaine
  • Uespelt

Sonia PINTO

  • 42 Joer
  • Staatsbeamtin, Enregistrement
  • Helleng

Fränk SCHMITZ

  • 42 Joer
  • Employé Public, Technëschen Zeechner
  • Uespelt

Mike VARNIER

  • 40 Joer
  • Staatsbeamten, Responsable de Service
  • Fréiseng

Altersduerchschnëtt : 40 Joer
5 Fraen - 6 Männer

AnhangGröße
PDF Icon freiseng.pdf61.86 KB