Sie sind hier

 

DÄITLECH MÉI CHANCË FIR EIS KANNER

Der DP léit d’Bildung vun eise Kanner besonnesch um Häerz. Mir setzen eis zënter Joren fir eng qualitativ héichwäerteg Schoul an, déi all eise Kanner a Jugendlechen déi nämmlecht Startchancë erméiglecht an hinne besser Zukunftsperspektive bitt. Den Educatiounsminister Claude Meisch leet dofir grousse Wäert op eng méisproocheg, differenzéiert a kandgerecht Schoul, déi Potentialer fräisetzt an déi individuell Talenter vun eise Schüler fërdert.

Däitlech méi Chancë duerch eng besser Kannerbetreiung

Schonn an de Crèchen sollen d’Kanner duerch eege pedagogesch Konzepter net nëmme versuergt, mee och op eng spilleresch Aart a Weis gefërdert ginn. Kanner tëschen engem a véier Joer léieren nämlech besonnesch séier. Déi gratis, multilingual Fréifuerderung soll de Kanner dofir erméigleche scho fréi eng éischte Kéier mam Lëtzebuergeschen an Franséischen a Kontakt ze kommen an si esou lues un d’Méisproochegkeet vun eiser Gesellschaft erunzeféieren. D’Freed an d’Loscht um Vermëttele vun dëse Sprooche solle bei de Kanner am Mëttelpunkt stoen, well dëst si wichteg Viraussetzunge fir den Zougang zu enger Sprooch ze fannen.

Modernisatioun vum Lycée

„Mir brauchen nämlech eng Schoullandschaft, déi esou villfälteg ass, wéi d’Talenter vun eise Schüler.“
Claude Meisch, Edukatiounsminister

Och bei der Modernisatioun vum Lycée steet all eenzele Schüler am Mëttelpunkt. Mir brauchen nämlech eng Schoullandschaft, déi esou villfälteg ass, wéi d’Talenter vun eise Schüler. Duerch d’Konzept vun « Ënnerschiddlech Schoulen, fir ënnerschiddlech Schüler », kréien d’Lycéen an Zukunft däitlech méi Autonomie fir hiert eengt differenzéiert Konzept auszeschaffen an hirem Schülerprofil unzepassen. Fir hinnen déi beschte Chancë op hirem weidere Bildungs- a Beruffswee ze ginn, steet och weiderhin d’Fërderung vun den individuellen Talenter kloer am Virdergrond.

Ee grousse Wäert gëtt och op d’Nohëllef an de perséinlechen Encadrement vun de Schüler geluecht. D’Schüler léieren nämlech net alleguerte gläich séier. D’Schoul wäert sech an Zukunft esou opstellen, fir all de Schüler duerch eng besser Betreiung do ze hëllefen, wou se grad Hëllef brauchen.

Ee weidere Schwéierpunkt läit op der neier Partizipatiounskultur, déi den Echange tëschen den Elteren an de Lycéeë soll fërderen. An dem Kontext gëtt och op nationalem Niveau eng Elterenvertriedung agefouert, déi als Porte-parole vun de Schüler an Eltere beim Educatiounsministère op een oppent Ouer soll stoussen.

Am Zäitalter vu Big Data, FinTech a Programmatioun, mussen och eis Schoulen am 21. Joerhonnert ukommen. Duerch d’Fërderung vun de sougenannten « E-Skills », sollen d’Schüler scho fréi un eis digital Welt erugefouert ginn. Dëst geschitt duerch modernt, innovatiivt Léiermaterial, eng néi Sectioun I (informatique et communication), an duerch dräi spezialiséiert« Pôles de formation ».

Méi spezifesch Hëllef

„Wa mir de Kanner an de Schoulen däitlech méi Zukunftschancë bidde wëllen, däerfen mer och op kee Fall d’Schüler mat Verhalenopfällegkeeten der Léierschwieregkeete vergiessen.“
Lex Delles

Iwwer déi nächst véier Joren, ginn dofir zousätzlech 150 spezialiséiert Enseignanten agestallt, déi dës Kanner an de Klassesäll betreien. Och regional ginn d’Equipes multiprofessionelles verstäerkt. Et sollen och op nationalem Niveau 3 weider Instituter geschaaft ginn, fir besser op déi spezifesch Problemer vun de Kanner anzegoen. Dëst sinn, een Institut fir Kanner mat Léierschwieregkeeten, een Institut fir Kanner mat Verhalenopfällegkeeten, an een Institut fir héichbegaabt Kanner.

Weider Informatiounen zur Bildungspolitik (Link op de Site vum Educatiounsministère) [méi...]


[Zeréck]