Sie sind hier

 

DÄITLECH MÉI ZÄIT FIR MENG FAMILL

 

Neie Congé parental

Méi Flexibilitéit an e méi héije Montant

Als éischt Gesetz fir dës parlamentaresch Rentrée ass d’Reform vum Congé parental gestëmmt ginn. Domadder wäert ab den 1. Dezember en neie Kader a Kraaft trieden, deen et den Elteren erlaabt Beruff a Famill ënnert een Hutt ze kréien.

„De Congé Parental ass eng Méiglechkeet déi dem Papp an der Mamm et erlaabt, méiglechst vill Zäit mat hirem Kand ze verbréngen, ouni mussen ze fäerten op der Aarbecht benodeelegt ze ginn“, esou de Rapporteur an Ost-Deputéierten Gilles Baum.

Wat ännert sech?

Méi Flexibilitéit

Déi gréisste Ännerung wäert déi vun der Flexibiliséierung vun der Dauer sinn. Niewent dem aktuelle System, dee entweder 6 Méint ganzdags oder 12 Méint hallefdag virgesäit, soll et elo méiglech sinn de Congé parental fir  4 Méint ganzdags, respektiv 8 Méint hallefsdags ze huelen. Een Elterendeel muss dee Congé parental, wéi elo och schonn, obligatoresch direkt nom Congé de maternité/d’allaitement, oder dem Congé d’accueil bei Adoptiounen huelen.

Eng weider Méiglechkeet ass bei engem Vollzäitkontrakt vun 40 Stonnen, de CP op eng Period vun 20 Méint während engem Dag pro Woch ze huelen, oder bis zu 4 Auszäiten vu mindestens engem Mount innerhalb vun 20 Méint. Déi nei flexibel Modeller mussen am Accord mam Employeur geholl ginn. De Congé parental ganzdags (also déi 6, an elo och 4 Méint), däerf och weiderhinn net vum Patron  refuséiert ginn.

E méi héije Montant

D’Indemnitéit, déi bis elo bei 1778€/Mount louch, gëtt duerch en Ersatzsalaire ersat, plafonnéiert op 3200€/Mount. Dat heescht, datt ee während dem Congé parental säin Akommes, falls dat ënnert 3200€ läit, behällt. Och déi enescht Limite gëtt eropgesat, an zwar op den onqualifizéierte Mindestloun (1922,9€). Fir den Ersatzsalaire ze définéieren, gëtt de Verdéngscht vun de leschten 12 Méint berücksichtegt.

Aner Ännerungen

Nei ass och, datt de CP bis virum 6. Liewwensjoer vum Kand geholl muss ginn, aktuell ass et bis zum 5. Gebuertsdag. Bei Adoptiounen soll den Délai op 6 Joer nom Congé d’Accueil, a bis den 12. Gebeurtsdag vum Kand, eropgesat ginn.

Eng 10 Stonnen Aarbecht pro Woch wäert an Zukunft och duer goen, amplaz vun 20 Stonnen, fir een Recht op CP ze hunn. Och d’Bedingungen, datt een bei engem eenzege Patron ugestallt ass, soll ewechfaale, sous réserve dat déi verschidde Patronen bei dem een Elterendeel agestallt ass, averstane sinn. 

Déi zwee Elteren duerfen an Zukunft de CP och zu nämmlechter Zäit huelen, also direkt nom Congé de maternité/d’allaitement oder nom Congé d’accueil.

Méi Informatiounen (Link op de Site vum Familljeministère) [méi...]


[Zeréck]