Sie sind hier

Max Hahn

1. Schäffen an Deputéierten
Elektroingenieur
President vum Tennisclub
36 Joer, Betteng

 

 

De Max Hahn huet 36 Joer an ass bestuet. Hien ass zu Betteng opgewuess, wou hien och haut nach wunnt.

Scho ganz fréi huet de Max sech fir d’Demokratesch Partei an der Kommunalpolitik engagéiert a gouf 2005 eng éischt Kéier an de Gemengerot vun der Gemeng Dippech gewielt.

Säit 2011 ass hien 1. Schäffen a senger Gemeng, ëmmer trei senger Devise: „D’Politik vu muer mëscht sech haut!“

A sengem politeschen Engagement gëtt de Max gedriwwe vun der Ambitioun, net just ze kritiséieren, mee Saachen duerch d’Abrénge vu neie Perspektiven a neien Iddien an d’Rullen ze bréngen. Aus dem Grond huet de Max sech och bei de Jongdemokraten engagéiert a war vun 2010 bis 2014 hire National-President.

Säi besonneschen Interessi vir alles wat mat Technologie ze dinn huet, krut hie schonn a ganz jonkem Alter vu sengem Papp mat ob de Wee. Et louch deemno ob der Hand, dass de Max no senger Schoulzäit, déi hien am Lycée Technique des Arts et Métiers verbruecht huet, en Ingenieursstudium un der Science-Fakultéit vu der Universitéit Lëtzebuerg ufänkt, dat hien als beschte vu sengem Joergang ofschléisst.

Hien huet während e puer Joer als Elektroingenieur (Fachrichtung Energie) an engem Ingenieursbüro geschafft iert hie sech eng nei Erausfuerderung sicht. 2010 wiesselt hien nämlech als Formateur bei d’Beruffspompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg, wou hie bis zu senger Wiel an d’Chamber am Oktober 2013 täteg war.

De Max, den ausserdeem President vum Dippecher Tennisclub ass, ass och sportlech ganz aktiv a bekannt vir säin Teamgeescht souwéi seng Standhaftegkeet, Qualitéiten, déi hien och als Politiker ausmaachen.

De Max gouf 2013 an d'Chamber gewielt.

An der Chamber si seng Prioritéiten d’Logementspolitik an d’Energiepolitik mat all hiren Aspekter. Hien ass President vun der Logementskommissioun a Vizepresident vun der Ëmweltkommissioun. Derniewent ass hie Member vun der Familljekommissioun, der Wirtschaftskommissioun (fir de Volet Energie), der Kommissioun fir Nohalteg Entwécklung, der Kommissioun fir Innepolitik, esou wéi vun der Kommissioun vun der Force publique.

Niewent sengem Engagement op nationalem Niveau ass de Max och an der Gemengepolitik aktiv, well hien dovun iwwerzeegt ass, dass d'Gemeng Dippech vill Potenzial huet an hie well hëllefen, d'Gemeng Dippech fit fir d'Zukunft ze maachen. 

Och hei zielt seng Devise: Net nëmme kritiséieren, mee sech abréngen an et besser maachen.