Vous êtes ici

Froestonn mat 3 DP-Deputéierten

Actualités Emploi Education Sport Économie Joëlle Elvinger André Bauler Gilles Baum

An der Chamber war dësen Dënschdeg erëm eng Heure de questions, an där d’Deputéiert der Regierung hir Froe stelle konnten, an déi dann och direkt vum zoustännege Minister beäntwert gi sinn.

Eng Sportshal fir den Iechternacher Lycée

Aus de Reie vun der DP-Fraktioun waren et dräi Themen, déi den Deputéierten ënnert de Neel gebrannt hunn. Fir d’éischt de Gilles Baum, dee wësse wollt wéi et mat der geplangter Sportshal fir den Iechternacher Lycée steet. Bis haut huet dee Lycée keng eege Sportshal an et gëtt och schon zanter Joere doriwwer geschwat, ma ouni dass Neel mat Käpp gemaach gi wieren. De Gilles Baum wollt dofir wëssen, ob een sech da well mat der Iechternacher Gemeng iwwert e Site fir déi Hal eens gi wier; wéi d’Pläng fir dës Hal ausgesinn; ob z.B. eng Schwämm virgesinn ass; bis wéini dat Gebai soll stoen a wat an deem Kader mat der aler Sportshal geschitt, déi een dem Gilles Baum no nëmmen als „vétuste“ bezeechnen kéint.

De Minister Bausch sot a senger Äntwert, dass een d’Tatsaach, dass et sou laang gedauert hätt fir eng Plaz ze fannen, net dem Ministère ulaaschte kéint, dee vill Propose gemaach hätt. Allerdéngs wier et an enger Stad wéi Iechternach, wéinst dem historeschen Patrimoine, effektiv net evident fir e Site ze fannen, dee jidderengem gefält.

Ma déi Plaze wier elo fonnt, an zwar hannert der Orangerie. Wann  d’Paperassen elo all gekläert sinn, da fänken d’Aarbechten un där neier Hal a Schwämm am Fréijoer 2019 un. Bei engem virleefege Käschtepunkt vun 7,5 Milliounen Euro soll de Chantier ronn 18 bis 20 Méint daueren, a wier deemno Enn 2020/Ufank 2021 fäerdeg. Déi al Hal wäert nach esou laang a Stand gehale ginn bis déi nei fäerdeg ass. Duerno gëtt decidéiert, wat mat hir geschéie soll.

 

D'Fro vum Deputéierte Gilles Baum

 

 

D'Konsequenze vum Brexit

Dem André Bauler seng Fro huet sech op den Impakt vum Brexit op d’Industrie hei zu Lëtzebuerg bezunn. Vu dass d’Englësch Pond zënter dem Referendum vun 2016 e gutt Stéck gefall ass, hunn déi englesch Betriber kuerzfristeg u Kompetitivitéit um internationale Marché gewonnen, well hir Produite méi bëlleg sinn. Op där anerer Säit sinn Importer fir d‘Englänner awer méi deier ginn, wouduerch lëtzebuergesch Exporter an England natierlech manner interessant gi sinn.

Aus deem Grond huet den DP-Deputéierte beim Wirtschaftsminister eng Bestandsopnam iwwer d’Handelsbezéiungen tëschent deenen zwee Länner gefrot an iwwer aktuell a kommend Auswirkungen op déi Bezéiungen.

Den Etienne Schneider huet geäntwert, dass den Ament schwéier wier, eppes iwwert déi zukünfteg Relatioun mam Vereenegte Kinnekräich ze soen, well d‘Brexit-Verhandlungen jo nach voll am Gaange sinn. Doriwwer eraus géif sech déi wirtschaftlech Bezéiung mat England haaptsächlech op Finanz-Déngschtleeschtungen begrenzen. An der Industrie ginn nëmme 4% vun den Exporter a Groussbritannien a souguer nëmmen 1,5% komme vun do. Vun den Zuelen aus gesinn, wäert de Brexit also keng gréisser Konsequenzen fir d’Wirtschaft vum Land hunn.

  

D'Fro vum Deputéierten André Bauler

 

 

Den Détachement vereinfachen

Als lescht Riednerin vun dëser Froestonn huet d’Joëlle Elvinger sech beim Aarbechtsminister iwwer den Detachement bei Betriber informéiert. Quitt dass selbstverständlech fir d’DP en zolidd a kloer definéiert Reglement a reegelméisseg Kontrollen an deem Beräich eng absolut Noutwendegkeet wieren, fir z.B. de Sozialdumping ze ënnerbannen, géifen et awer och Fäll, an deenen een duerchaus an der Legislatioun nobessere kéint. Als Beispill huet déi liberal Deputéiert Situatioune genannt, wou e Betrib Maschinnen aus dem Ausland keeft an dann fir den Entretien oder fir d’Manipulatioun muss en auslänneschen Expert fir eng Formatioun komme loossen. D’Käschte fir sou en Detachement wieren onverhältnisméisseg héich wéinst den opwännegen Prozeduren, fir sou en Expert op Lëtzebuerg ze bréngen. Dofir wollt d’Joëlle Elvinger wëssen, ob et net méiglech wier, dës Prozeduren ze vereinfachen.

A senger Äntwert huet de Minister virop op den E-Detachement verwisen, deen et erlaabt den Détachement digital unzefroen. Dat wier sécherlech schonn e Schrëtt an déi richteg Richtung. Allerdéngs huet de Minister der Joëlle Elvinger Recht ginn, dass d’Prozeduren deels net proportionéiert wieren par rapport zur Zäit, déi d’Aarbechter zu Lëtzebuerg verbréngen, an am Verglach mat der Aarbecht, déi se hei maachen.

Den Nicolas Schmit huet ugekënnegt, fir d’Legislatioun esou unzepasseen, fir dass qualifizéiert Salariéen an Zukunft  kënnen eng Dispense ufroen, wa se net méi wéi fënnef Deeg am Mount op Lëtzebuerg schaffe kommen, respektiv wann se nëmmen wéinst enger Formatioun oder Reunioun an d’Land kommen. Just am Bausecteur, wier dat net virgesinn, well do déi meeschten Abusë géife geschéien.

 

D'Fro vun der Deputéiert Joëlle Elvinger

 


Gilles Baum

Joëlle Elvinger

André Bauler