Vous êtes ici

Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch - Ginn d'ASBL'en mat agebonnen?

Questions parlementaires Education Claude Lamberty Gilles Baum

Viru baal 3 Méint hunn den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an den Här Staatssekretär am Kulturministère ee 40- Punkteplang fir d’ Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. D'DP-Deputéierte Gilles Baum a Claude Lamberty froe bei den zoustännege Ministeren no, wéi déi aktuell Kooperatioun mat de privaten ASBL'en verleeft.

Parlamentaresch Fro

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, géife mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Kulturminister an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden :

„Am Mäerz 2017 hunn den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an den Här Staatssekretär am Kulturministère ee 40- Punkteplang fir d’ Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Dernieft ginn et säit laangem och vill privat Initiativen an ASBL’en, déi duerch hiert luewenswäert Engagement, sief dat iwwer Literatur, Konscht, Recherchen oder Korrekturprogrammer, d’ Lëtzebuergesch Sprooch fërderen a fleegen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Kulturminister an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend stellen:

  • Ewéi ugekënnegt soll déi laangfristeg Strategie an Zesummenaarbecht mat allen Acteuren aus der Gesellschaft definéiert ginn. A wéi enger Form gi privat Initiativen an ASBL'en agebonnen? Wéini soll dës Zesummenaarbecht ufänken?

  • Ginn den Ament esou Initiativen oder ASBL’en ënnert iergendenger Form ënnerstëtzt? Wa nee, ass et ugeduecht dëst an Zukunft ze maachen?“

Mat déiwem Respekt,

Claude LAMBERTY a Gilles BAUM 
Deputéierten

Äntwert vum Kulturminister a vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend op d’parlamentaresch Fro n°2980 vum 11. Mee 2017 vun den Hären Deputéiert Claude Lamberty a Gilles Baum betreffend d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

Am Mäerz 2017 huet d'Regierung eng Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch ugeholl, déi och d’Wichtegkeet vun der Villsproochegkeet ënnersträicht. D’Regierung ass der Meenung, datt et muss eng eenheetlech Strategie ginn, déi vun alle Concernéierte gedroen  an op déi konsequent higeschafft gëtt. D’Festhale vu gemeinsamen an iwwergräifende Richtlinne soll e kohärente Suivi vun der Lëtzebuerger Sprooch erméiglechen. Dës Strategie fir d’Fërdere vun der Lëtzebuerger Sprooch wäert zesumme mat allen Acteure vun eiser Gesellschaft ausgeschafft ginn an an engem 20-Joresplang fir d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehale ginn.

Fir dësen 20-Joresplang auszeschaffen an der Regierung hiren Engagement fir d’Lëtzebuergescht nach weider ze stäerken, gëtt de Poste vun engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch geschafen. Seng Missioun wäert et sinn, d’Ministere vun der Educatioun an der Kultur am Hibléck op d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen ze beroden an d’Efforten an deem Beräich vun alle Ministèren an Administratiounen ze koordinéieren. De Kommissär soll ënner anerem e Kader fir déi aktuell Mesuren an Efforte ginn, d’Kohärenz vun de sproochlechen Iwwerleeungen assuréieren, de Suivi vun de Mesuren institutionaliséieren an den Dialog tëschent deenen eenzelen Interessenten, déi sech mam Sproochgebrauch respektiv der Kultur zu Lëtzebuerg beschäftegen, opbauen, koordinéieren an um Liewen halen. De Kommissär gëtt a senger Aarbecht vun engem interministerielle Comité begleet a kann iwwert dee Wee och mat Missioune beoptraagt ginn.

Déi verschidde Mesuren, déi dee Strategiepabeier virgesäit (wéi d'Schafe vun engem Kommissär fir d‘Lëtzebuergescht), ginn an e Gesetzprojet ageschriwwen, deen nach dëst Joer soll vun der Regierung approuvéiert an deposéiert ginn. Soubal d’Gesetz an der Chamber gestëmmt a publizéiert an de Kommissär nominéiert ass, definéiert hien d’Modalitéite vun der Zesummenaarbecht mat den Acteuren aus der Gesellschaft an déi vu privaten Initiativen ewéi ASBLen an deem Beräich.

Et gëtt eng ganz Rëtsch vun Associatiounen, déi sech fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzen, an d’Efforten, déi si an deem Kontext leeschten, sinn e wichtege Bäitrag fir d’Erhalen an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch. Déi zwee Ministèrë si reegelméisseg am Kontakt mat deenen Associatiounen an eenzel Vertrieder dovunner sinn och Member am Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch (CPLL). Den ugekënnegte Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch wäert am Kader vu senger Aarbecht och am enke Kontakt mat deenen Associatioune stoen.

Initiativen, déi vun deenen Associatioune lancéiert ginn, gi reegelméisseg ënnerstëtzt, zum Beispill iwwer Subventioune vum Kulturministère. All privat Initiativ an ASBL, déi duerch hiert kulturellt Engagement, sief dat iwwer Literatur, Musek, Konscht oder Theater, d'Lëtzebuerger Sprooch fërdert a fleegt, ka beim Kulturministère e Subside ufroen. An deem Sënn gi regelméisseg Projeten, déi mat der Lëtzebuerger Sprooch verknäppt sinn, vum Kulturministère ënnerstëtzt, z.B. literaresch Wierker, Theaterstécker oder Kompositiounen op Lëtzebuergesch.

Déi Initiativen an ASBLen, déi sech reng fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzen, ginn net zousätzlech vum Educatiounsministère ënnerstëtzt. Dat ass anescht, wann e pädagogescht Zil ugepeilt gëtt, dat an eise Schoule kann ëmgesat ginn. Dofir huet de Service de Coordination de la Recherche et de l´Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) eng Konventioun mat Freed um Liesen a.s.b.l. fir verschidde Projeten an de Schoulen, wou och Bicher op Lëtzebuergesch concernéiert sinn.

 


Claude Lamberty

Gilles Baum