Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Kultur Landesplanung und Wohnen André Bauler

Wat soll mam Max-Goergen-Haus geschéien?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass d'Haus vum Schrëftsteller Max Goergen, dat dem Staat gehéiert an denkmalgeschützt ass, eidel steet. Dowéinst wollt hie vun den zoustännege Ministere wëssen, wat mam Haus geschéie soll a firwat sech bis lo nach näischt gedoen huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Carole Hartmann

Zousätzleche Lärmschutz laanscht d'Autobunnen?

Am Aktiounsplang géint de Kaméidi bei grousse Verkéiersachsen ass a priori näischt virgesi fir de Lärmschutz laanscht d'A1 ze verstäerken. Der DP-Deputéiert Carole Hartmann ass awer zu Ouere komm, dass awer vill Leit, déi an der Géigend wunnen, sech weider Mesure géife wënschen. Dowéinst huet d'Carole Hartmann bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob net awer weider Mesure méiglech wieren.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Tourismus Carole Hartmann

Wéi wäit sinn d'Aarbechte vum neie Wäimusée zu Éinen?

Den 26. September 2018 gouf de Grondstee fir den Ëmbau vum Wäimusée zu Éinen geluecht. Zanterhier ass awer net vill geschitt. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann freet bei den zoustännege Ministeren no wou de Schantjen drun ass a wéini den neie Musée wäert opgoen.

Parlamentarische Fragen Wirtschaft André Bauler

Hausse vun de Pëtrolspräisser: kënnt de neien Index schonn dëst Joer ?

Nieft dem Diesel an dem Bensin, sinn och aner Rohstoffer iwwer déi leschte Méint däitlech méi deier ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Wirtschaftsminister ënnert Anerem nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn a wat dat fir déi nächst Index-Tranche bedeit.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler Carole Hartmann

Ab wéini kënnen Hausdokteren géint de Covid-19 impfen?

Nieft den Impfzenteren soll an Zukunft och an de Praxissen vun Hausdokteren géint de Covid-19 geimpft kënne ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ab wéini dëst méiglech wäert sinn an ob jiddereen sech vu sengem Hausdokter wäert kënnen impfe loossen. 

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Medien und ICT Guy Arendt Gusty Graas

D'Pressefräiheet an der EU

An Ungarn ass Mëtt Februar e Radiosender gezwonge ginn seng Emissiounen ze stoppen. Schonn am Juli 2020 war déi ungaresch Regierung sech an d'Mediewelt agemëscht andeems si dem Chefredakter vum éischten Informatiounssite "Index" gekënnegt haten. A Polen sinn am Februar iwwer 40 Medienhaiser op d'Strooss gaange fir géint e Projet fir eng "taxe publicitaire" ze protestéieren, déi eng Attack op d'Pressefräiheet soll sinn. An deem Kontext hunn eis Deputéiert Gusty Graas a Guy Arendt bei den zoustännege Ministeren nogefrot wat d'EU konkret kann an dëser Saach ënnerhuelen an ob eventuell de "Media Audiovisual Plan" vun der EU eppes virgesäit fir déi Verstéiss géint d'Pressefräiheet ze ënnerbannen oder ze bestrofen. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Ännerung vum Code de la route: Manner Visibilitéit fir Vëlosfuerer

Vill Vëlosfuerer hunn eng Luucht um Vëlo, déi blénkt, fir dass ee se besser op der Strooss gesäit a wëll se sech sou méi sécher spieren. Well de Mobilitéitsminister sou Luuchte verbidde wëll, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wéi et zu där Decisioun komm ass an ob d'Vëlosinteresseverbänn am Virfeld no hirer Meenung dozou gefrot gi sinn.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler

Impfen zu Ettelbréck, an der Nordspëtzt an am Nordweste vum Land?

Fir Professioneller aus dem Gesondheetsberäich, déi am Norde wunnen, ass et mat engem groussen Zäitopwand verbonnen fir hir 2. Impfung géint de Covid-19 bis op de Lampertsbierg ze fueren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem nogefrot, ob dës Leit hir 2. Impfung net och am neien Impfzentrum zu Ettelbréck kréie kéinten?

Parlamentarische Fragen Gemeinden Kultur André Bauler

Geschützte Patrimoine am PAG

D'Gemenge kënnen a sollen hire schützenswäerte Patrimoine an de PAG androen. De Service vu Sites et Monuments huet hier Recommandatiounen un d'Gemenge weiderginn, ma net all Gemeng geet deene Recommandatiounen no. Elo ass e Ranking publizéiert ginn, deen d'Madamm Inneministesch an engem rezenten RTL Interview zur Sprooch bréngt. Zu deem Sujet huet den Deputéierten André Bauler e puer Froen un d'Madamm Inneministesch an un d'Madamm Kulturministesch gestallt. 

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Claude Lamberty Gusty Graas

Verkéierssécherheet beim Gefaangenentransport

D'Sécherheet vu Gefaangene beim Transport wier zu Lëtzebuerg net garantéiert, well dës net ugestréckt sinn, sou de Comité européen pour la prévention de la torture et des peines ou traitements inhumains ou dégradants (CPT) an engem Rapport vun 2015. Och déi lëtzebuergesch Associatioun "Eran, eraus… an elo?" reprochéiert der Regierung an deem Beräich déi international Normen nach ëmmer net ze respektéieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Claude Lamberty hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat dass sech hei bis haut nach näischt gedoen huet a wéi et an Zukunft domadder ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Invasiv Kriibsen-Aarten an eise Gewässer: Gräifen d'Mesuren?

De Signalkrebs an de Kamberkrebs sinn zwou invasiv Aarten, déi sech a ganz Europa zënter Joren ausbreeden - dëst mat engem gravéierenden Impakt op déi lokal Ökosystemer. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Mesuren déi am Aktiounsplang virgesi sinn, bis lo de gewënschte Succès haten, wéi vill där Déieren an de leschte Jore konnte gefaangen oder gefëscht ginn a weider Detailer zur Bekämpfung vun dësen invasiven Aarten.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Kënnt gläich eng nei Variant vun der Schwéngspescht op Lëtzebuerg?

Déi australesch Autoritéite warne vun enger neier Variant vun der Schwéngspescht. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot wéi héich d'Gefor ass, datt dës Variant et bis an Europa packt.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler

Verschidde Froen zum Stauséi

Wéi huet de Waasserstand am Stauséi an de leschte Joren evoluéiert? Wéi ass den Zoustand vun der Staumauer? Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Mobilität und Verkehr Gilles Baum Carole Hartmann

Fërderung vu Lëtzebuerger Produiten duerch staatlech Firmen?

Et ass den DP-Deputéierte Gilles Baum a Carole Hartmann zougedroe ginn, dass d'Luxair franséische Schampes op hire Flich zerwéiere géif. Déi zwee Ost-Deputéiert hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob et net sënnvoll wier Lëtzebuerger Cremant a Wäiner iwwer Firmen, wou de Staat Haaptaktionär ass, ze fërderen?

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et mam Contournement Ettelbréck-Feelen virun?

Well et anscheinend net richteg viru geet mat de Planungen um Contournement Ettelbréck-Feelen, ënnert anerem och well nëmmen e klenge Budget fir Studie virgesi wier, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat de Stand der Dinge an deem Dossier ass.