04/07/2019
Parlamentarische Fragen
Arbeit
Wirtschaft
André Bauler
Carole Hartmann
Am Kader vu senger ekonomescher Diversifikatiounspolitik wëll de Wirtschaftsministère jo d’Entwécklung vu Start-Upen encouragéieren. Fir Lëtzebuerg als „Start-Up Nation“ z’ënnerstëtzen, wëll d'Regierung den Image vum Land an déi Richtung entwéckelen an domadder d’Visibilitéit op nationalem an internationalem Niveau stäerken. Ë.a. mat enger Marketing- a Kommunikatiounsstrategie, déi soll méi Investisseuren an deene verschiddenen Domänen unzéien. An dësem Kontext hunn eis Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler e puer Froen un de Wirtschaftsminister gestallt.