14/03/2018
News
Außenpolitik
Gusty Graas
A senger Ried zur aussepolitescher Debatt e Mëttwoch an der Chamber, ass de Gusty Graas ënner anerem op déi aktuell politesch Situatioun an Europa agaangen. Déi westlech Iddie vu Solidaritéit, Toleranz a fräier Maartwirtschaft sinn hautzedaags an der EU leider keng Selbstverständlechkeet méi. An deem Kontext huet den DP-Deputéierten a senger Ried der EU-Kommissioun hier verschäerfte Sprooch aus deene lëschte Woche gelueft. Och d’Drohung, Polen d’Stëmmrecht an der EU ofzehuelen ass dee richtege Wee.