Sie sind hier

News Chamberwalen Gesellschaft Kultur Claude Meisch Claude Lamberty

Identitéit & Kultur

Sech senge Wuerzele bewosst sinn a preparéiert sinn, fir d’Chancë vun der Zukunft ze notzen.

News Gesellschaft Corinne Cahen Gilles Baum

Unerkennung vun der däitscher Gebäerdesprooch

En Dënschdeg ass um Krautmaart déi däitsch Gebäerdesprooch offiziell zu Lëtzebuerg  unerkannt ginn. Dat Gesetz ass e grousse Schrack fir d’Gläichbehandlung an d’Integratioun vun den héiergeschiedegten an de gehörlose Leit an eiser Gesellschaft.

News Arbeit Bildung Familie Finanzen Gesellschaft Haushalt Wirtschaft Eugène Berger

D’Gesellschaft an d’Politik sinn erëm am Takt!

"Dës Regierung mam Premier Xavier Bettel huet Lëtzebuerg aus dem politeschen, wirtschaftlechen a gesellschaftleche Stëllstand erausgefouert", dat sot den Eugène Berger e Méindeg op der Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun.

News Gesellschaft Justiz und Sicherheit Eugène Berger

D'Geschlecht an de Numm méi séier an onkomplizéiert am Etat civil änneren

An Zukunft kënnen trans- an intersexuell Matbierger op eng méi séier an onkomplizéiert Prozedur zréckgräife fir hiert Geschlecht an hiren Numm am Etat civil ze änneren. Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger huet dës administrativ Vereinfachung um Krautmaart ausdrécklech begréisst.

News Arbeit Gesellschaft Claude Lamberty Gilles Baum

REVIS gestëmmt: Däitlech Verbesserung vun der Ënnerstëtzung.

En Dënschdeg gouf an der Chamber de REVIS gestëmmt. De Revenu d’inclusion sociale wäert an Zukunft den RMG ersetzen. Esou ginn d’Konditioune geschafen, fir datt déi betraffe Leit hiert Liewen nees kënne selwer meeschteren.

News Gesellschaft Corinne Cahen

Corinne Cahen : D’Accessibilitéit vun ëffentleche Gebaier a vu gréissere Residence fir behënnert Leit garantéieren

Ee vun de wichtegste Punkte vun der Behënnertepolitik vun der Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen, ass d’Accessibilitéit vun den ëffentleche Gebaier zu Lëtzebuerg, esou wéi et am Regierungsprogramm steet.

News Gesellschaft Claude Lamberty André Bauler

D'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

Dëse Mëttwoch stoung d'Gesetz iwwer d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch am Mëttelpunkt vun de Chamberdebatten um Krautmaart. Den DP Deputéierten a Rapporteur vum Gesetz Claude Lamberty huet de Projet virgestallt.

News Tribune libre Gesellschaft Nicole Sibenaler

Unerkennung vun der däitscher Gebäerdesprooch zu Lëtzebuerg

A senger Tribune libre thematiséiert d'Nicole SIbenaler d’Unerkennung vun der däitscher Gebäerdesprooch zu Lëtzebuerg. Geschwat vum Tanja de Jager.

News Familie Gesellschaft Eugène Berger

Scheedungsreform gestëmmt

Op dëst Gesetz hu vill Leit laang musse waarden. D’Chamber huet en Donneschdeg gréng Luucht ginn, fir d’Schafe vun engem Familljegeriicht, enger neier Gesetzgebung iwwer d’Scheedung an d’Autorité parentale.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Claude Lamberty Max Hahn

Gemengen sollen och Kreditkaarten benotzen däerfen

Wéinst der aktueller Gemengegesetzgebung ass et de Gemengen net erlaabt hirem Personal Kreditkaarten zur Verfügung ze stellen. Verschidde Servicer a Gidder kënnen awer just iwwert dëse Wee bezuelt ginn, zum Beispill mobil Applikatiounen déi an der Grondschoul gebraucht ginn. D'Deputéierte Claude Lamberty a Max Hahn hunn den Inneminister gefrot d'Gemengegesetz op deem Punkt ze änneren.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Gesundheit und Pflege Edy Mertens Gusty Graas

Beschneidung wéinst net-medizineschen Ursaachen

An Island debattéiert Parlament grad eng Gesetzespropositioun, déi d'Beschneiden aus net-medezineschen Ursaache bei Mineure wëll verbidden a criminaliséieren. D'DP Deputéiert Gusty Grass an Edy Mertens wëllen an hirer Question parlementaire wëssen,wéi déi zoustänneg Ministeren dat hei am Land gesinn an ob Handlungsbedarf besteet.

News Gesellschaft Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Frank Colabianchi Fernand Etgen

Méi informéieren, fir manner ze verbëtzen!

An der Chamberdebatt iwwer d’Liewensmëttelverschwendung huet den DP-Deputéierte Frank Colabianchi sech zefridde gewisen, dass d’Regierung sech dësem wichtege Problem endlech ugeholl hätt.

News Gesellschaft Corinne Cahen

Neie Plan d’Action National d’Intégration

Corinne Cahen: „Integratioun ass keng Assimilatioun… ma en Zesummewuesse vu Kulturen… e géigesäitegt Kenneléieren“.

News Tribune libre Gesellschaft Mittelstand Wirtschaft Carole Hartmann

Ëffnungszäiten

A senger Tribune libre geet d'Carole Hartmann op d'Ëffnungszäiten am Commerce an.

News Gesellschaft Verfassung, Institutionen und Demokratie Eugène Berger

E modernt Wahlgesetz: Vereinfachung bei der Bréifwahl

An Zukunft ka jiddereen d’Bréifwahl ufroen. Dat ass déi gréissten Ännerung um Wahlgesetz, déi d’Chamber e Mëttwoch decidéiert huet.