24/11/2017
Parlamentarische Fragen
Justiz und Sicherheit
Claude Lamberty
Max Hahn
Am Kader vun der Ausstellung "Milipol" dësen November ass e Casque mat integréierter Kamera fir Policehënn virgestallt ginn. Op déi Aart a Weis gesäit de Polizist live dat, wat den Hond gesäit a kann him iwwert Funk och direkt Instruktioune matdeelen. Vu dass eng ähnlech Technologie schonn an anere Länner vun der Police a Rettungsdéngschter agesat gëtt, fir notamment Mënscheliewen a geféierleche Situatiounen ze schounen, hunn de Max Hahn an de Claude Lamberty de Minister Dan Kersch gefrot, ob sou ee Casque net och vun Interêt fir déi Déngschter zu Lëtzebuerg wier.