24/02/2021
Parlamentarische Fragen
Justiz und Sicherheit
Claude Lamberty
Gusty Graas
D'Sécherheet vu Gefaangene beim Transport wier zu Lëtzebuerg net garantéiert, well dës net ugestréckt sinn, sou de Comité européen pour la prévention de la torture et des peines ou traitements inhumains ou dégradants (CPT) an engem Rapport vun 2015. Och déi lëtzebuergesch Associatioun "Eran, eraus… an elo?" reprochéiert der Regierung an deem Beräich déi international Normen nach ëmmer net ze respektéieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Claude Lamberty hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat dass sech hei bis haut nach näischt gedoen huet a wéi et an Zukunft domadder ausgesäit.