17/02/2021
Parlamentarische Fragen
Claude Lamberty
Carole Hartmann
An der Phase 1 vun der Impfstrategie gouf d'Personal aus dem Gesondheetssecteur oder déi, déi a Spideeler oder Altersheemer schaffen, prioritär geimpft. An der 2. Phas vun der Impfcampagne gi Persounen ab 75 Joer, souwuel gesond wéi och vulnerabel Persounen, ofsteigend nom Alter geimpft. D'DP Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty froen bei den zoustännege Ministere no, ob och aner Beruffsgruppen, déi essentiel staatlech Missiounen erfëllen, wäerten prioritär geimpft ginn.