• Kategorien

  • Politiker

  • Politesch Themen

Gratis Daarmkriibs Tester - wat bréngen se wierklech ? 
Am Mäerz steet de Kampf géint den Daarmkriibs am Mëttelpunkt vun enger Preventiounscampagnevum Gesondheetsministère. All zwee Joer ginn Invitatiounen u Persoune geschéckt fir e gratis Depistage. Mee ginn dës och genotzt? Ons Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn nogefrot.
weiderliesen...
Wéi gesäit et aus mat der Police-App?
Nom Lancement vun der Police-App goufen iwwer d'Joren eenzel Funktioune bäigesat. Mee wéi vill gëtt des Applikatioun tatsächlech genotzt. Onsen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim zoustännege Minister informéiert.
weiderliesen...
Sollt et méi fëmmfräi Zonen zu Lëtzebuerg ginn ?
Frankräich féiert weider fëmmfräi Zonen, z.B. op de Plagen, an ëffentleche Parken an a Bëscher, a fir dem Tubakskonsum entgéint ze wierken. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob och zu Lëtzebuerg weider fëmmfräi Zonen agefouert sollte ginn.
weiderliesen...
Wéi huet sech d’Situatioun vun den Dubliner zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht Joren entwéckelt?
Säit Enn Oktober kënne männlech „Dubliner“, déi als Eenzelpersoun ënnerwee sinn net méi an den Opfänkstrukturen ugeholl ginn. Dëst well d’Gebailechkeete knapp, an d’Strukturen iwwerfëllt sinn. D‘Prioritéit soll op Kanner, Fraen a vulnerabel Persoune geluecht ginn. Mee wéi hunn sech d’Zuelen iwwer déi lescht Joren entwéckelt a wéi konnt et zu dëser Situatioun kommen? Eis Deputéiert Corinne Cahen a Gusty...
weiderliesen...
Bréiwer vum Gesondheetsministère u verstuerwe Persounen
Joren nom Doud vun enger Persoun, kënnt et anscheinend nach vir, datt de Gesondheetsministère dëse Persoune Bréiwer schéckt. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi et dozou komme kann a wat ënnerholl ka gi fir esou Situatiounen an Zukunft ze verhënneren?
weiderliesen...
Hëllefen diagnostesch Schnelltester géint de Mangel un Antibiotiquen?
Frankräich iwwerleet d'Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z'erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt. Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d'Antibiotikaresistenz verréngeren. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch...
weiderliesen...
Wéi vill Patienten krute kee Rendezvous méi an engem Stater Spidol?
Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen - ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint...
weiderliesen...
Kënnt et zur Kommerzialiséierung vun therapeutesche Wunnstrukturen?
Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden. Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch...
weiderliesen...
Kënnt et och zu Lëtzebuerg zum Mëssbrauch vu "Protonenpumpenhemmer"?
De laangjärege Konsum vu sougenannte "Protonenpumpenhemmer" (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z'erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.
weiderliesen...
Dierf eng Coproprietéit Elektroautoen am Parking vun enger Residenzen verbidden?
Dem DP-Deputéierte Gusty Graas ass zu Ouere komm, dass eng Assemblée générale vun enger Koproprietéit e Verbuet fir Elektroautoen am Parking vun der Residence decidéiert huet, dat well anscheinend eng erhéichte Brandgefor vun esou Gefierer géif ausgoen. Well dëst awer net beluecht ass an esou e Verbuet engem Iwwergang op eng nohalteg Mobilitéit am Wee steet, huet de Gusty Graas dowéinst nogefrot, ob...
weiderliesen...
Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?
Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem 'Frëndeskrees' zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.
weiderliesen...
Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?
De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
Verschlechtert sech déi neurochirurgesch Prise en charge vun de Patienten zu Lëtzebuerg ?
Rezent gouf d’Nomenclature fir neurochirurgesch Akten geännert, esou datt intrakranial Agrëff just nach am CHL, an net méi an den HRS, rembourséiert ginn. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu beim zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, ob dës Ännerung net zu enger Verschlechterung vun der Prise en charge vun de Patiente féiert, an ob de Minister net gewëllt wier dës Ännerung nach eng...
weiderliesen...
Gëtt d’Recht op Ofdreiwung reforméiert ?
De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt eng Aarbechtsgrupp d’Reform vum Ofdreiwungsrecht soll diskutéieren. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéini dëse Grupp seng Aarbechten ophëlt, wéi eng Akteuren un den Aarbechten deelhuele wäerten an ob nach an dëser Legislaturperiod mat enger Reform gerechent ka ginn?
weiderliesen...
Sollt Lëtzebuerg de Gebrauch vu Generika fërderen ?
Ëmmer nees kënnt et vir, datt verschidde Medikamenter net méi ze kréie sinn. Zu enger Verbesserung vun der Situatioun kéint de verstäerkte Gebrauch vu Generika bäidroen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, wéi vill Generika hei am Land genotzt ginn a wat ënnerholl kéint ginn fir hire Gebrauch ze fërderen.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm d'Grondwaasser zu Lëtzebuerg?
D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte wëssen, wéi de Grondwaasserpeegel déi lescht Méint evoluéiert huet.
weiderliesen...
Soll d'Ënnerféierung vum PN7 wéi geplangt ëmgesat ginn?
No méi wéi 10 Joer, wou d'Gleiser um Niveau vum PN7 tëscht Leideleng a Märel zou sinn, sollen d'Aarbechte fir eng Ënnerféierung deemnächst ufänken. Well dës awer fir den Autosverkéier gespaart soll sinn, wollten d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn wëssen, ob déi Ausgaben nach gerechtfäerdegt wieren.
weiderliesen...
Soll Cattenom ausgebaut ginn?
Wéi et rezent an der Press stoung, huet de Buergermeeschter vu Cattenom d'Kandidatur vu senger Gemeng eragereecht fir dass nei Reakteren do gebaut solle ginn. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d'Regierung heizou steet, an ob et Projeten am Beräich vun den erneierbaren Energië mat Frankräich gëtt fir eis Noperen z'encouragéiere Cattenom zouzemaachen.
weiderliesen...
Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?
Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim...
weiderliesen...
Wéi een Impakt hunn d’Waasserbüffelen op d’Waasserqualitéit vun der Sir ?
Den Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi een Impakt d’Präsenz vu Waasserbüffelen op d’Waasserqualitéit vun der Syr huet. Wéi kann d’Syr besser geschützt ginn, a wat sinn d’Alternativen ?
weiderliesen...
Wéi reagéiert d'Regierung op d'Ausweisung vun engem UN-Diplomat aus dem Mali?
Déi malesch Autoritéiten hunn en UN-Diplomat aus dem Land verwisen. Den Deputéierte Gusty Graas freet beim Aussen- an Europaminister no, wéi déi Lëtzebuerger Regierung op dee Virfall reagéiert, a wéi et generell ëm eis Relatioune mam Mali steet.
weiderliesen...
Wéi eng Suitte kritt d'Verknaschtung vun der Drosbech bei Leideleng?
Nodeems d'Drosbech an der Industriezon zu Leideleng an der Lescht e puer Mol verknascht gi war, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nogefrot, wat déi genee Ursaachen dovu sinn a wéi eng Suitten dës Verknaschtunge wäerte kréien.
weiderliesen...
Wat ass d'Ursaach vun der Verknaschtung vun der Sauer bei Maartel?
Nodeems bei Maartel Bensin an d'Sauer gelaf ass, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas nogefrot, wat d'Ursaach heifir wier a wéi een Impakt dës Verknaschtung op d'Sauer huet.
weiderliesen...
Sinn d'Kontrolle vun der EDF vu Cattenom credibel?
Déi franséisch Agence fir nuklear Sécherheet ASN huet rezent festgestallt, dass d'Kontrolle vun EDF vun den Ersatzdeeler fir d'Atomkraaftwierk zu Cattenom net grëndlech genuch waren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob elo net och aner Kontrolle vun EDF widderholl misste ginn.
weiderliesen...
Brauch Lëtzebuerg eng Gedächtnisambulanz ?
Ëmmer méi Leit ginn ëmmer méi al. Domadder klëmmt och de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéivill Persounen bis elo um „Programme Démence Prévention“ deelgeholl hunn, an ob et sënnvoll wier hei am Land eng Gedächtnisambulanz opzeriichten.
weiderliesen...
Onfair Konkurrenz am Secteur vun der Agrikultur
Vertrieder vun der Landwirtschaft bekloen sech méi oder manner reegelméisseg iwwert déi onfair Konkurrenz vun iwwerséieschen an anere Länner, déi net deselwechte Verflichtungen a Saache Ëmweltschutz an Déiereschutz respektéieren wéi d‘Lëtzebuerger Landwirtschaft. Eis Deputéierten André Bauler a Gusty Graas hunn dem Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung e puer Froen zu dësem Thema...
weiderliesen...
Häerzinfarkter bei Fraen verstäerkt thematiséieren?
D’Symptomer vun engem Häerzinfarkt kënne bei Fraen a Männer variéieren. Well déi weiblech Symptomer oft manner bekannt sinn, kann d’Diagnos bei Fraen méi laang daueren an esou d’Liewensgefor erhéijen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministerinnen nogefrot, ob d’Bevëlkerung iwwert dëse Sujet net nach méi sollt sensibiliséiert ginn, an ob d’Éischt-Hëllef-Kueren op...
weiderliesen...
D‘Parlament iwwert der Justiz an Israel?
An Israel riskéiert eng gréisser Reform vum Ieweschte Geriichtshaff, déi de Justizminister virgesinn huet, e wesentlechen Impakt op d'Justiz ze hunn an d'Opdeelung vun de Pouvoiren ze stéieren. Wat kéinten d'Konsequenze sinn, a wäert et zu enger europäescher Reaktioun kommen? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim Ausseministère nogefrot.
weiderliesen...
Sollt mat den deegleche Covid-19-Bilanen net Schluss sinn?
Am Mee 2022 hat de Gesondheetsministère annoncéiert, datt just nach wéchentlech Bilanen zur Covidsituatioun zu Lëtzebuerg géife publizéiert ginn. Bis haut kann een awer deeglech aktualiséiert Zuelen um Site www.covid19.public.lu fannen, déi och all Dag vun der Press opgegraff ginn. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat, no der Decisioun am Mee, nach ëmmer...
weiderliesen...
D'Grompereproduktioun hei am Land
D'Gromper ass eng vun deene populäerste Kulturen hei am Land. Eis Deputéierten Gusty Graas an André Bauler hunn den Här Landwirtschaftsminister an enger parlamentarescher Fro notamment gefrot wéi héich eise Versuergungsgrad un Iessgromperen hei am Land ass.
weiderliesen...
Firwat gouf de Rappel vun Otemgeräter eréicht sou spéit bekannt ?
Am Juli 2021 huet eng Entreprise hir medezinesch Otemgeräter weltwäit zeréckgeruff. Dëse Rappel gouf zu Lëtzebuerg awer eréischt Enn Oktober bekannt. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wien an esou enger Situatioun responsabel fir d’Kommunikatioun mat de betraffene Leit ass, firwat d’Informatioun net mat Zäite bekannt ginn ass, an ob d’Prozeduren ënner Ëmstänn...
weiderliesen...
Ginn d’Urgentisten fir Garden an Astreinten net bezuelt ?
No laange Joren gouf en Accord fonnt fir d’Garden an d’Astreinten vun Dokteren ze bezuelen. Mee den DP-Deputéieren Gilles Baum a Gusty Graas ass zu Ouere komm, datt d’Urgentisten net Deel vun dësem Accord sinn. Si hunn d’Gesondheetsministesch gefrot, ob dat tatsächlech esou ass, a wa jo, firwat d’Urgentisten ausgeschloss goufen an ob dës Decisioun nach eng Kéier iwwerduecht wäert ginn?
weiderliesen...
AMMD verléisst de Conseil de gérance vun der Agence eSanté
D’Memberen vun der AMMD hunn de Conseil de gérance vun der Agence eSanté verlooss. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi hir Reaktioun op dës Demissioun ass, wéi eng Auswierkungen dëst op de Fonctionnement vum Conseil de gérance wäert hunn an op den Dialog mat der AMMD gesicht wäert ginn.
weiderliesen...
Eng Ueleg Pipeline duerch e Naturpark?
Am Norde vun Uganda soll eng nei Ueleg Pipeline vun 1440 km gebaut. Dëst duerch d’Gebitt vum Murchison Falls National Park, engem vun deene schéinsten Naturparken op der Welt. Souwuel Politiker, Wëssenschaftler wéi och ONGen hunn sech dofir ausgeschwat, dëse Projet ze stoppen. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim Ausseministère nogefrot ob dëse Projet ënnerstëtzt gëtt, an ob een net sollt Alternativen...
weiderliesen...
NATO-Atomwaffen a Polen?
Dem polnesche President no, wëll d'Land um nuklearen Deelprogramm matmaachen. Deementspriechend wier ee gewëllt NATO-Atomwaffen um polneschen Territoire ze stationéieren. Ginn et scho konkret Pläng a wéi denken déi aner NATO Memberstaaten doriwwer? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ausseministère ëmfrot.
weiderliesen...
Wéi geet et weider mat Liberty Steel zu Diddeleng?
Am Stolwierk vu Liberty Steel zu Diddeleng soll elo emol fir 4 Méint net produzéiert ginn. De Süd-Deputéierte Gusty Graas freet beim Wirtschaftsminister no wéi et mam Stolwierk an och mat senge ville Mataarbechter weidergoe wäert?
weiderliesen...
Manner Primär-Holz fir d'Energieproduktioun: Wat sinn d'Auswierkungen op d'Pelletsproduktioun?
Laut enger Decisioun vum EU-Parlament, soll den Undeel u Primär-Holz, dee fir d'Energieproduktioun genotzt gëtt, lues a lues erofgoen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat den Impakt op d'Produktioun an de Präis vun Holzpellets wäert sinn.
weiderliesen...
Wat sinn d'Auswierkunge vun der Kerosensfuite zu Iechternacherbréck op d'Ëmwelt?
Wat sinn d'Auswierkunge vun der Kerosensfuite zu Iechternacherbréck op d'Ëmwelt, a besonnesch op d'Sauer? D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.
weiderliesen...
Beaflossen d'Kärenexporter aus der Ukrain den europäesche Bannemaart?
Déi europäesch Solidaritéitskorridoren sollen den Export vu Kären aus der Ukrain erliichteren. D’Logistik géif sech awer nawell schwiereg gestalten, an de Weidertransport wier net ëmmer assuréiert. Wat ass den Impakt op den europäesche Bannemaart? Eisen Deputéierte Gusty Grass huet sech informéiert.
weiderliesen...
Wäert de Putin d'Referende benotze fir op méi staark Waffen zeréck ze gräifen?
A senger Televisiounsried huet de russesche President d'territorial Integritéit vu Russland als Haaptprioritéit genannt. Wat ass wann d'Referenden an der Donetsk Regioun zugonschte vun der russescher Federatioun sinn? Wäert de Putin dat als Impuls gesinn fir méi schaarf Waffen ze benotzen? Eisen Deputéierten Gusty Graas huet sech beim Ausseministère zu der Situatioun ëmfrot.
weiderliesen...
Wéini kënnt eng eenheetlech digital Léisung am Lëtzebuerger Gesondheetswiesen?
Mat der GesondheetsApp huet den Digital Health Network a Kooperatioun mat der AMMD eng Applikatioun entwéckelt, déi dem Patient et géif erlaben, op digitalem Wee, all seng medezinesch Demarchen ze erleedegen. Trotz engem politeschen Accord, géif dës App awer nëmme bedéngt, an op limitéiert Aart a Weis benotzt ginn? Wisou kënnt des App net zum Asaz, a wéini kommen eenheetlech Léisungen an dësem Dossier?...
weiderliesen...
Coordinateur sportif an eise Gemengen
Divers Gemengen uechtert Land hunn a rezenter Vergaangenheet mam Staat Konventioune betreffend dem Coordinateur sportif ënnerschriwwen. An dem Kontext, hunn DP-Deputéiert Claude Lamberty a Gusty Graas beim Sportminister nogefrot wéi et mam Coordinateur sportif an de Gemenge weidergeet.
weiderliesen...
Kann en Déierendokter en Hausdéier zeréckhalen?
Als Besëtzer vun engem Hausdéier sollt een och d’Méiglechkeeten hunn nom Déier ze kucken. Bei Rechnungen déi net virgesi waren, kann et munchmol sinn, dass e Client dës net direkt ka bezuelen. Dierf en Déierendokter an esou engem Fall d’Déier zeréckbehalen? Eisen Deputéierte Gusty Gras huet nogefrot.
weiderliesen...
Eng Remise fir Leit déi nieft Wandanlage wunnen?
An Irland kréie Leit an nieft Wandanlage wunnen eng Entschiedegung, a Frankräich ass en änleche System geplangt. Op déi Manéier soll de Widderstand géint sou Projeten ze reduzéieren an den Ausbau vun den erneierbaren Energië virunzedreiwen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob sou e Modell net och zu Lëtzebuerg eng Iddi wier.
weiderliesen...
Gëtt d’Impfung géint d’Gürtelrous an den nationalen Impfplang opgeholl?
Bei Persounen iwwer 50 besteet de gréisste Risiko un enger Gürtelrous z'erkranken. Vaccinen kënne bei der Behandlung a bei der Preventioun hëllefen. D'DP-Deputéiert Gilles Baum, Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, op de Vaccin Shingrix, dee géint Gürtelrous agesat gëtt, an den nationalen Impfplang kann opgeholl ginn.
weiderliesen...
Wéi vill Männer leiden zu Lëtzebuerg ënner Broschtkriibs?
Och Männer kënnen u Broschtkriibs erkranken. D'DP-Deputéiert Gilles Baum, Carole Hartmann a Gusty Graas wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi vill Männer zu Lëtzebuerg betraff sinn an ob Mammographien bei Männer duerchgefouert ginn.
weiderliesen...
Wéi oft gi Kandidaturen fir eng Staatskonzessioun fir eng Apdikt refuséiert?
Fir d'Staatskonzessioun fir eng Apdikt ze kréien, musse bei der Kandidatur gewësse Krittären erfëllt sinn. D'Deputéiert vun der Demokratescher Partei, Gilles Baum, Carole Hartmann a Gusty Graas, hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi vill Kandidaturen refuséiert goufen a wéi oft géint ee Refus erfollegräich geklot gouf.
weiderliesen...
Grouss Offshore-Wandparken viru Grönland fir den europäesche Energieverbrauch ze decken?
Etüdë vun der Uni Léck no kéinte grouss Offshore-Wandparke viru Grönland e groussen Deel vum europäeschen Energieverbrauch decken. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob et scho konkret Projete gëtt an ob Lëtzebuerg wëlles huet doran z'investéieren.
weiderliesen...
Hëlleft den zypriotesche Gas méi onofhängeg vu Russland ze ginn?
Rezent si weider Gasreserve virun der zypriotescher Küst fonnt ginn. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn wollte vum zoustännege Minister wëssen, ob dës Reserven dozou bäidroe kéinte méi onofhängeg vu russeschen Importer ze ginn.
weiderliesen...
Deportatioun vun ukrainesche Mannerjäregen a Russland.
Laut Informatioune vum russesche Verdeedegungsministère sinn 307.000 ukrainesch Mannerjäreger zanter der Invasioun vun der Ukraine gezwongen a Russland geplënnert ginn, fir d'ukrainesch Identitéit auszerotten Déi betraffe Mannerjäreg riskéiere vu russesche Familljen adoptéiert ze ginn, besonnesch well Dekreter, déi viru kuerzem vum President Putin ënnerschriwwe goufen, esou Adoptioun erliichteren....
weiderliesen...
Wat sinn d'Perspektive vun eiser Landwirtschaft?
Wéi kann sech eis Landwirtschaft un de Klimawandel upassen ? D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, ob et an deem Kontext eng Klima-Task-Force gëtt, déi zesumme mam Secteur no laangfristege Léisunge sicht ?
weiderliesen...
Hunn d’Retarden bei der Präisfixéierung een Impakt op den Accès vun de Patienten zu neie Medikamenter?
Den DP-Deputéierten Gusty Graas, Carole Hartmann a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt am Ministère fir Sozialversécherung d’Prozedur fir d’Präisfixéierung vun neie Medikamenter geännert huet. Doduerch kann et zu Retarde kommen, bis een neit Medikament fir d’Patienten erhältlech gëtt. Firwat gouf d’Prozedur geännert a wéi oft gouf den Delai vun 90 Deeg fir eng Präisfixéierung iwwerschratt?
weiderliesen...
Gëtt d'Déiereschutzgesetz adequat ëmgesat?
Gëtt dat aktuellt Déiereschutzgesetz net adequat ëmgesat a wéi ass d’Situatioun an den Déierenasyler ? Dës a weider Froe stellen d’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas dem zoustännege Landwirtschaftsminister.
weiderliesen...
Wéi eng Schlussfolgerunge vum leschte Biodiversitéitsrapport vun der IPBES fir Lëtzebuerg?
De leschte Rapport vun der IPBES huet gewisen, wéi staark d'Mënschheet vu wëllen Déieren a Planzen ofhängeg ass. Virun der COP15 am Kanada iwwer d'Biodiversitéit hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn nogefrot, wéi eng Konklusiounen d'Regierung aus deem Rapport fir Lëtzebuerg zitt.
weiderliesen...
Wéi steet d'Regierung zu de Pläng vun der Kommissioun a puncto Biomass?
D'EU wëll bis 2050 20% vun de landwirtschaftleche Fläche fir Biomass notzen an d'Importatioun vun Holz fir Energie ze produzéieren vervéierfachen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi d'Regierung zu deene Pläng steet.
weiderliesen...
Ginn och zu Lëtzebuerg manner Bioproduite verkaf?
Geet de Konsum vu Bioproduiten zu Lëtzebuerg erof ? A wa jo, firwat ? Dës a weider Froe ronderëm d’Biolandwirtschaft hunn d’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler de Ministere fir Wirtschaft a Landwirtschaft gestalt.
weiderliesen...
Wien ass den Haaptverursaacher vun der Phosphorbelaaschtung vun eise Gewässer?
Eng rezent däitsch Etüd ass zur Konklusioun komm, datt net d’Landwirtschaft, mä éischter d’Kläranlage fir d’Phosphorbelaaschtung vun de Gewässer responsabel sinn. Den DP-Deputéiert Gusty Graas freet d’Ëmweltministesch ob dës Konklusioun och kann op Lëtzebuerg iwwerdroe ka ginn a wéi héich d’Phosphat-Konzentratioun an eise Gewässer ass.
weiderliesen...
Gouf et schonn Tëschefäll vu ‚Needle spiking‘ zu Lëtzebuerg?
"Needle spiking" beinhalt d'Iwwerdroe vun enger Substanz duerch eng Nol op eng aner Persoun, ouni, dass déi et matkritt a fir si esou schwaach oder esouguer bewosstlos ze maachen. Zënter enger Zäit ginn et ëmmer méi Berichter, datt Leit a Baren, op Concerten oder op Fester Affer vun dësem Phänomen ginn. Ginn et schonn zu Lëtzebuerg Fäll a wéi soll een reagéieren? Wat mécht d'Police an esou engem Fall?...
weiderliesen...
Wat bedeit eng Landwirtschaft ouni Kéi?
Wat bedeit eng Landwirtschaft ouni Kéi? Ginn domadder d’Emissioune vun Zäregasen erof? Huet dat aner Konsequenzen op d’Ernierungssécherheet. Amerikanesch Wëssenschaftler hunn dozou eng Etude gemaach. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet de Landwirtschaftsminister gefrot ob hien dës Etude kenne géif an ob déi selwecht Konklusioune fir Lëtzebuerg gezu kéinte ginn ?
weiderliesen...
Wéi vill Grippeimpfstoff huet Lëtzebuerg fir déi nächst Grippesaison virbestallt ?
Am Hierscht a Wanter musse mir eis warscheinlech nees op eng méi schwéier Grippewell gefaasst maachen. D'Virbestellungen fir de Grippeimpfstoff hunn a verschidde Länner dann och missen bis Enn Mäerz agereecht ginn. Den DP-Deputéierten Gusty Graas wollt vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi vill Grippeimpfstoff Lëtzebuerg bestallt huet an ob et duergoe wäert fir alle vulnerabele Leit an dem Gesondheetspersonal...
weiderliesen...
Wat fir Konsequenzen huet d'Präisshausse vun de Mëllechproduiten?
Fir dëse Summer gëtt sech eng Präishausse bei de Mëllechproduiten erwaart. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot wat d’Ursaache vun dëser Hausse sinn an ob d’Baueren iwwerhaapt dovunner profitéiere wäerten?
weiderliesen...
Drénkwaasser aus der Musel?
Aktuell ginn Etüde gemaach fir an Zukunft méiglecherweis Waasser aus der Musel zu Drénkwaasser opzebereeden. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn nogefrot, wéini dës Etüden ofgeschloss wäerte sinn a wéi et ëm d'Waasserqualitéit vun der Musel steet.
weiderliesen...
Wéi een Impakt huet d'Dréchent op eis Gewässer?
Wéi schonn 2018 an 2019, kënnegt sech och dëst Joer als aussergewéinlech dréchen un. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn der Ëmweltministesch dowéinst e puer Froe gestallt.
weiderliesen...
Wat fir en Afloss huet d'Klima op d'Recolte vun dësem Joer?
Aktuell sinn d’Temperaturen zimmlech héich. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet bei Landwirtschaftsminister no wat fir Konsequenzen dat aktuellt Klima op d’Recolte vun dësem Joer huet. Hi freet och ob et spezifesch Aide wäert gi fir de Baueren ze hëllefe fir sech dem Klimawandel unzepassen.
weiderliesen...
Erweiderung vun der Doudesstrof am Belarus
Den 18 Mäerz vun dësem Joer huet de Belarus per Dekret d’Méiglechkeet mat der Doudesstrof bestroft ze ginn erweidert, sou dass elo net méi nëmmen d’Acteure vun engem terroristeschen Akt, mee och schonn d’Tentative vun esou engem Akt mat der Doudesstrof kënne bestrooft ginn. D’Oppositioun gesäit an dëser Decisioun de Versuch d’fräi Meenungsäusserung an d’Géigner vun der Regierung ze ënnerdrécken. Wéi...
weiderliesen...
Handysradaren och zu Lëtzebuerg?
Zu Tréier an zu Mainz huet d'Police e Pilotprojet vun engem mobillen Handysradar lancéiert. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob dëse Radar net och zu Lëtzebuerg agesat kéint ginn.
weiderliesen...
Rekrutéierungsbüro vun der Arméi soll a noer Zukunft zougemaach ginn?
D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn beim zoustännege Minister nogefrot, wat hannert de Rumeuren stécht, de Rekrutéierungsbüro vun der Arméi géif a noer Zukunft zougemaach ginn.
weiderliesen...
Wéi oft kënnt et bei Schéinheetsagrëff zu Lëtzebuerg zu onerwënschte Niewewierkungen?
Den Interêt un der Schéinheetsmedezin gëtt ëmmer méi grouss. Leider kënnt et awer och ëmmer nees vir, datt Agrëff vu Persounen ouni adequat Ausbildung virgeholl ginn. D’Konsequenz sinn reell Geforen fir d’Patienten. Den DP-Deputéierten Gusty Graas wollt vun den zoustännege Ministeren wëssen, ob et Zuelen zu de Schéinheetsagrëff zu Lëtzebuerg ginn a wéi oft Patienten wéinst onerwënschte Niewewierkungen...
weiderliesen...
Wéi eng reell Gefor geet vun neien Zeckenaarten aus?
D’Zeckesaison fänkt nees un an nei Zeckenaarten fannen hire Wee op Lëtzebuerg. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Krankheeten bis haut no Zeckebëss zu Lëtzebuerg nogewise goufen an ob net nees op méi visibel Manéier zum Sujet sensibiliséiert sollt ginn.
weiderliesen...
Wéi steet d'Regierung zur geplangter geologescher Endlagerung vun Atommüll an der Belsch?
An der Belsch geet d'Diskussioun ëm d'Endlagerung vun Atommüll an eng nei Phase. De geologesche Stockage schéngt beschlosse Saach ze sinn. D'DP Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot, wat d'Positioun vun der lëtzebuerger Regierung ass a wéi si an dee Decisiounsprozess agebonn ass.
weiderliesen...
Kritik un der aktueller Politik betreffend dem Wollef
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot wéi et mat der Preventiounspolitik vum Wollef ausgesäit, nodeems e Schéifer an engem rezenten Zeitungsartikel seng Onzefriddenheet iwwert déi aktuell Politik betreffend dem Wollef zu Lëtzebuerg zum Ausdrock bruecht huet.
weiderliesen...
Ginn am Spidol um Kierchbierg Patienten an der Urgence refuséiert?
Den DP-Deputéierten Max Hahn a Gusty Graas ass zu Ouere komm, datt d’Spidol um Kierchbierg, wärend der „klenger Garde“, deelweis Patiente refuséiert, déi mat der Ambulanz an d’Urgence bruecht goufen. An enger parlamentarescher Fro wollte si dowéinst vun den zoustännege Ministere wëssen, ob dat stëmmt a wa jo, wat ënnerholl gëtt fir esou Fäll ze verhënneren.
weiderliesen...
Wéi ginn ukrainesch Flüchtlinge viru Menschenhandel geschützt ?
Europol no si grad Fraen a Mineure vu kriminellen Organisatiounen cibléiert. Wat ënnerhëlt Lëtzebuerg fir ukrainesch Flüchtlinge virun där Gewalt ze schützen ?
weiderliesen...
Wéi vill Lëtzebuerger kämpfen an der Ukrain?
De Gusty Graas huet nogefrot, ob den Ausseminister weess ob Lëtzebuerger Bierger oder Awunner sech fir déi ukrainesch Friemelegioun gemellt hunn.
weiderliesen...
Wéi ass d'Entwécklung vun de Fleeschpräisser?
De Präis vu ville Fleeschzorten ass an de leschte Woche staark geklommen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wëlle vum Landwirtschaftsminister wëssen, wéi dës Entwécklung konkret war, wie vun dësen Hausse profitéiert a wat fir e Roll d'Ukrainkris spillt
weiderliesen...
Wat gëtt zu Lëtzebuerg géint d'Endometriose ënnerholl?
A Frankräich gouf dëse Mount eng national Strategie fir d’Bekämpfung vun der Endometriose annoncéiert. Eng Krankheet, déi weltwäit 180 Millioune Frae betrëfft. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi vill Fraen hei am Land un dëser Krankheet leiden a wat géint d’Endometriose ënnerholl gëtt.
weiderliesen...
Firwat fiert keen Zuch méi vu Beetebuerg op Chengdu?
Ausser engem éischten Testzuch wier anscheinend keen aneren Zuch méi tëscht Beetebuerg an der chinesescher Stad Chengdu gefuer. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, firwat dat sou ass, a wat d'Regierung wëlles huet, z'ënnerhuelen.
weiderliesen...
Wéi geet et eise Baueren, Gäertner a Wënzer?
Virun e puer Jore gouf de Service "En oppent Ouer fir de Bauer, Wënzer a Gärtner" an d'Liewe geruff. D'Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et em dëse Service steet an ob e pandemiebedéngt deslescht méi an Usproch geholl gëtt?
weiderliesen...
Wéi steet et em d'Spargelproduktioun zu Lëtzebuerg?
Zanter e puer Jore ginn zu Lëtzebuerg och Spargelen ugebaut. D'Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et em dës Produktioun zu Lëtzebuerg steet?
weiderliesen...
Biodünger mat Wierm hierstellen?
An der Schwäiz huet e Bauer eng nei Aart a Weis fonnt fir mat Wierm biologeschen Dünger hierzestellen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustänneg Ministeren nogefrot, ob och schonn zu Lëtzebuerg esou e Biodünger mat Wierm hiergestallt gëtt a wat fir Genehmigungsprozedure gëlle fir e Wuermstall opzeriichten?
weiderliesen...
Sanktiounen och géint Journaliste vu russesche Staatsmedien – wat seet de Ministère?
Den Dr. Florian Töpfl hat an engem Interview dorop opmierksam gemaach, dass och Journalisten a Moderatore vu russesche Staatsmedien en enormen Afloss op d’Astellung vun der Leit op de russesche Krich an der Ukrain hunn. Änlech wéi Oligarchen a grouss Entreprisen, sollten dofir och si sanktionéiert ginn. Wat ass dem Ausseministère seng Stellung heizou. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot.
weiderliesen...
Wéi kann ee garantéieren, datt d'EU-Agrargelder net mëssbraucht ginn?
D’Budgetskontrollkommissioun vum Europaparlament warnt an enger Resolutioun iwwert de Mëssbrauch vun EU-Agrargelder. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet de Landwirtschaftsminister gefrot, wat hie vun där Warnung hält a wat ee ka maache fir dëse Mëssbrauch ze ënnerbannen.
weiderliesen...
Gréisser Zäre fir den Ubau vun Uebst a Geméis?
An engem Interview gouf behaapt, d'Regierung géif de Bau vu gréisseren Zäre fir datt méi regionaalt Uebst a Geméis kéint ugebaut ginn net ënnerstëtzen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi hien zum Bau vu gréisseren Zär steet a wat hie vum "vertical farming" hält.
weiderliesen...
Wéi vill Leit deklaréieren hir Rees beim Ausseministère?
Bei Reesen oder méi laangen Openthalter kann et ëmmer mol zu Problemer komme fir déi et nëtzlech ka sinn e Kontakt op der Plaz ze hunn. Den Ausseministère bitt fir Urgencen a Krisesituatiounen Hëllef un. Mee wéi vill Leit mellen hiren Openthalt iwwerhaapt beim Ministère un. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot.
weiderliesen...
Verknaschtung vun der Musel duerch d'Atomzentral zu Cattenom?
Wéi et schéngt, ass et zu enger Verknaschtung vun der Musel op der Héicht vu Cattenom komm. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, fir weider Detailer ze kréien.
weiderliesen...
Wat fir Konsequenze kommen opgrond vun der Zerstéierung vum armenesche kulturelle Patrimoine?
De 7. Dezember 2021 huet den Internationale Geriichtshaff den Aserbaidschan ordonéiert den armenesche kulturellen a reliéise Patrimoine ze schützen. Trotzdeem geet d'Zerstéierung vu kulturellem Eegentum ronderëm d'Nagorno-Karabach Konfliktzon weider. Plangen déi zoustänneg Ministèren ze reagéieren, a wéi? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot.
weiderliesen...
Grouss Onrouen am Kasachstan am Januar – an elo?
Ufanks des Joers koum et am Kasachstan zu groussen Onrouen. Demonstranten si brutaliséiert an agespaart ginn, vill sinn der verschwonnen. Enger onofhängeger Enquête hat de President ufanks net zougestëmmt. Wéi geet et elo op der Plaz virun? Eis Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu sech renseignéiert.
weiderliesen...
Wat ass den Impakt vun der "Farm to Fork"-Strategie op eis Landwirtschaft?
Mat der “Farm to fork”-Strategie huet d’Europäesch Kommissioun Ziler definéiert fir d’Landwirtschaft bis 2050 méi nohalteg ze gestalten. D’Stëmmen no enger globaler Impaktstudie iwwert d’Objektiver ginn ëmmer méi haart. D’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi Lëtzebuerg zum Feelen vun esou enger Studie steet an ob si esou eng vun der Kommissioun verlaange...
weiderliesen...
Wéi steet et ëm de Rechtsstaat a Polen?
D’Attacke vun der polnescher Regierung op de Rechtsstaat an d’LGBTIQ-Kommunitéit huelen zou. Wéi geet den Aussen-an Europaminister dogéint fir?
weiderliesen...
Wéi vill Leit leiden zu Lëtzebuerg ënnert enger Sklerodermie, a wou kritt ee gehollef?
Lokal oder systemesch – d’Sklerodermie ass eng relativ onbekannten Autoimmunkrankheet mat verschiddene Pathologien. Eenzel Variante vun dëser Krankheet hu vu ‚liicht‘ bis déidlech Symptomer. Wien ass zu Lëtzebuerg betraff, wien sinn d’Spezialisten a wou kritt ee gehollef? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech renseignéiert.
weiderliesen...
De Schütteltrauma-Syndrom bei Bëbeeën – e kuerzen Abléck mat groussem Risiko
E Schütteltrauma ka bei Bëbeeën Bluddungen am Kapp provozéieren, am schlëmmste Fall zum Doud féieren. Wéi gi nei Elteren zu Lëtzebuerg informéiert, a wat gëtt gemaach fir d’Bëbeeën ze schützen. Eis Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
Firwat gëtt et e Formulaire vun der Patiente Vertriedung zu den Impf-Niewewierkungen?
Um Site vun der Patiente Vertriedung asbl ass, säit dem 26. Januar 2022, e Formulaire ze fannen, deen et de Leit erlaabt Impf-Niewewierkungen ze deklaréieren. D'Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann froe sech, firwat et dee Formulaire gëtt, an ob dee konform zur Legislatioun ass.
weiderliesen...
Wéi kann de Leit gehollef ginn déi am Afghanistan hir Nier verkafe fir net ze erhéngeren?
Déi humanitär Situatioun am Afghanistan spëtzt sech zou. Vill Mënschen verkafen eng Nier fir hir Familljen weider kënnen ze ernären. Munch een denkt doriwwer no d’Kanner ze verkafen. Ass een sech der Situatioun bewosst a wat gëtt gemaach fir dëse Mënschen ze hëllefen. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
Wou sinn d’Aarbechten un engem Entschiedegungsfong fir „aléa thérapeutique“ drun?
Am Koalitiounsaccord gouf festgehalen, datt een Entschiedegungsfong fir „aléa thérapeutique“ agefouert soll ginn. Wann Accidenter bei Behandlungen geschéien, mee kee Feeler beim Gesondheetsdéngschtleeschter virläit, soll dëse Fong d’Patienten entschiedegen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou d’Aarbechten dru sinn an ob dëse Fong nach an dëser...
weiderliesen...
Wéi eng Pist fir den Impakt vun der Digitaliséierung op d'Klima ze reduzéieren?
A Frankräich si rezent eng Partie Gesetzer a Kraaft getrueden, déi sollen hëllefen, den Impakt vun der Digitalisatioun op de Klima ze reduzéieren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wat zu Lëtzebuerg an där Hisiicht virgesinn ass.
weiderliesen...
Wéi geet et weider am Dossier Déierentransport?
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn de Landwirtschaftsminister gefrot, wéi et ëm de Suivi vum Debat mat de Jongbaueren zum Thema aartgerechten Déierentransport steet, wéi déi nei EU-Recommandatioune konkret wäerten ëmgesat ginn an ob et zu engem weideren Debat zu deem Sujet wäert kommen ?
weiderliesen...
Op wéi enge Krittäre berout déi national Representativitéit vun der Patiente Vertriedung asbl.?
D’Patiente Vertriedung asbl. (PV) gëtt vum Staat subventionéiert an ass an diversen nationalen Organismen vertrueden. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, opgrond vu wéi enge Krittären d’Representativitéit vun der PV unerkannt gëtt a wéi héich hir Subventiounen an de leschte Jore waren.
weiderliesen...
Kënnt et méi heefeg zu Diabetes Typ 2 bei Kanner a Jugendlechen?
Zanter der Pandemie schéngen an Däitschland d’Fäll vun Diabetes Typ 2 bei Kanner a Jugendlechen an d’Luucht ze goen. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob och zu Lëtzebuerg eng Hausse ze verzeechnen ass a wéi oft eng Behandlung bei enger Dieteticienne rembourséiert gouf.
weiderliesen...
Net autoriséiert Ewechmaache vun Hecke laanscht eng Autobunn
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi et ka sinn, dass de Staat Hecken op engem Terrain, deen enger Gemeng gehéiert, ouni ze froen einfach ewechmécht.
weiderliesen...
Froen zu de Fëschereilousen zu Lëtzebuerg
Wéi vill Fëschereilousen a -syndikater gëtt et zu Lëtzebuerg? Wat ass d'duerchschnëttlech Längt vun de Lousen? Wéi vill sinn der an de leschte Joren aus der Pacht erausgeholl ginn? Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet der zoustänneger Ministesch eng Rei Froe gestallt.
weiderliesen...
Kënnt et zu enger Verlängerung vun der Autorisatioun vum Glyphosat an der EU?
An hirem Prerapport kommen déi véier Memberstaaten, déi d'Verlängerung vun der Autorisatioun vum Glyphosat an der EU bewäerte sollen, zur Konklusioun, dass et kee Grond géif ginn, dat ëmstriddent Planzeschutzmëttel ze verbidden. Allerdéngs gëtt d'Expertise vun dësem Prerapport vu verschiddene Säiten a Fro gestallt. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi d'Lëtzebuerger Regierung d'Saach gesäit...
weiderliesen...
Wat ënnerhëlt d'Ministesch géint déi laang Delaien bei den Ordonnancë fir e PCR-Test oder fir sech z'isoléieren?
Well et aktuell zu gréissere Retarde beim Auststelle vun den Ordonnancë fir den Isolement, fir d’Quarantainen a fir PCR-Tester kënnt, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas nogefrot, wat d'Grënn dofir sinn a wéi d'Situatioun verbessert soll ginn.
weiderliesen...
De Luuchtepotto als Luedstatioun fir Elektroautoen?
Ënner anerem an Dortmund gëtt un engem System geschafft, bei deem en den Elektroauto un der Stroosseluucht opluede kann. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, ob dat keng Iddi wier, fir och zu Lëtzebuerg ëmzesetzen.
weiderliesen...
Weider Hëllef fir de Schwéngssecteur?
Dem Schwéngssecteur geet et nach ëmmer ganz schlecht. Vill Produzente wäerten hir Produktioun astelle mussen. D’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob net nach weider Hëllefe fir de Secteur kéinte kommen a wat déi Schwéngsproduzente mat hire Gebaier kënnen an Zukunft maache falls se ophale mussen.
weiderliesen...
Wat sinn d'Resultater vun der ëffentlecher Consultation am Kader vum drëtte Plan de gestion?
Sou wéi et d'Directive cadre iwwer d'Waasser virgesäit, ass am Kader vum drëtte Plan de gestion eng ëffentlech Consultatioun organiséiert ginn, bei där souwuel Privatleit wéi och Gemengen hir Remarquen a Meenungen eragi konnten. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wat d'Resultat vun dëser Consultatioun ass.
weiderliesen...
Kaméidisradare wéi a Frankräich och zu Lëtzebuerg?
Zënter kuerzem ass a Frankräich e Kaméidisradar am Asaz fir géint den iwwerméissege Kaméidi vu friséierte Motorrieder virzegoen; weiderer si scho geplangt. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn nogefrot, ob sou Radaren och zu Lëtzebuerg virgesi sinn.
weiderliesen...
Wou ass de Projet vun enger Digue zu Clierf drun?
Viru Joren gouf de Projet vun enger Digue zu Clierf virgestallt, fir den Héichwaasserschutz an der Entrée vun der Uertschaft ze verbesseren. Well deen Dossier awer wéi et schéngt net richteg virugeet, hunn d'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas nogefrot, ob de Projet nach ëmmer aktuell ass a wa jo, wou en drun ass.
weiderliesen...
Wéi vill Huefbutteker ginn et zu Lëtzebuerg?
Duerch d‘Pandemie hu vill Leit d’Virdeeler vu regionale Produkter erëm schätze geléiert. Besonnesch d’Kafe vu Fleeschproduiten, Geméis an Uebst, Eeër an och Mëllech direkt um Bauerenhaff schéngt déi lescht Méint zougeholl ze hunn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi d'Zuel vun den Huefbuttéker déi lescht Joren evoluéiert huet.
weiderliesen...
Wéi wierkt sech déi wirtschaftlech Blockad tëschent China a Litauen op aner EU Memberstaaten aus?
Säit an der litauescher Haaptstad Vilnius eng taiwanesch Ambassade hir Dieren opgemaach huet, blockéiert China Exporter aus Litauen, ma och aus aneren europäesche Länner. Vill verschidden Industrien si betraff. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministère nogefrot ob och Lëtzebuerger Entreprisë betraff sinn.
weiderliesen...
Benelux - Zesumme géint illegal Drogekriminalitéit an organiséiert Verbriechen
Den 11 Dezember huet déi interparlamentaresch Benelux Assemblée eng Recommandatioun am Bezuch op déi illegal Drogenindustrie an d’organiséiert Verbriechen eestëmmeg ugeholl. Wéi soll dës Kooperatioun funktionéieren a wéi gesäit d’Regierung déi zukünfteg Zesummenaarbecht op dësem Sujet. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot.
weiderliesen...
Erschëpfung vum Gesondheetspersonal duerch d’Covid-19-Pandemie
Duerch d’Pandemie riskéiere mir Gesondheetspersonal ze verléieren, well si de Beruff opginn oder d’Fréipensioun froen. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob et Zuele fir Lëtzebuerg ginn a wat ënnerholl ka ginn fir ee Verloscht vu Gesondheetspersonal z’evitéieren.
weiderliesen...
D’Aung San Suu Kyi ass zu 4 Joer Prisong verurteelt ginn – wéi geet et elo weider am Myanmar?
De 6. Dezember ass d’Aung San Suu Kyi am Myanmar zu 4 Joer Prisong condamnéiert gi wéinst Ustëftung zu ëffentlechem Iergernes a well sanitär Moossnamen net sollen agehale gi sinn. Och aner Leader aus hirer Partei sinn ugeklot gi wéinst Korruptioun a Walbedruch. Dëst obwuel si d’Parlamentswale gewonnen haten. Wéi gesäit et den Ament am Myanmar aus, a wéi geet et op der Plaz weider. Eisen Deputéierte...
weiderliesen...
D’Covid-Helpline funktionnéiert net ëmmer optimal
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet sech bei der Gesondheetsministesch ë. A. renseignéiert, firwat een bei der Helpline net iwwert seng Positioun an der Waardeschläif informéiert gëtt.
weiderliesen...
Benotzen vum Regierungslogo fir eegen Zwecker legal?
Kierzlech hunn dräi Associatiounen eng Annonce geschalt wou si de Logo vum Landwirtschaftsministère fir hir Zwecker benotzt hunn, esou datt de Lieser kéint mengen et wier eng offiziell Matdeelung vun der Regierung. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim Landwirtschaftsminister nogefrot ob dat legal ass a wat dëse gedenkt ze ënnerhuelen.
weiderliesen...
Verknaschtung vun der Noutemerbaach: Wat sinn d'Ursaachen a wat sinn d'Konsequenzen?
Wéi et schéngt si ronn 100.000 Liter Piff an d'Noutemerbaach bei Holtz gelaf. Den DP-Deputéierte Gusty Graas wollt dowéinst wëssen, wat d'Ursaachen heifir wieren a wéi eng Suitten dëse Virfall kritt.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm den Ënnerhalt vun eise Baachen a Flëss?
Nom Héichwaasser vum Juli läit nach vill Knascht an eise Gewässer, zousätzlech zu Offall, deen d'Leit sou dra geheien. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn dowéinst nogefrot, wéi den Entretien vun de Waasserleef koordinéiert gëtt an ob virgesinn ass deemnächst de Knascht ewechzemaachen.
weiderliesen...
Moskau zerstéiert Satellit am Weltall
De 15. November huet Moskau eng Anti-Satellitte-Rakéit op ee vu sengen ale Satellitten am Weltall ofgeschoss. Dës Rakéit huet net nëmmen d’Debatt iwwer de Weltraumschrott nei entfacht, mee och d’Gespenst vum Weltraumkrich. Dësen Ofschoss huet bei den internationalen Acteuren zu heftege Protester gefouert. Dëst weist, dass de Weltraum zu engem Konfliktfeld gëtt, a sech Froen iwwer d’Intentioune vu Moskau...
weiderliesen...
Wéi geet et de Schwéngsproduzenten?
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et momentan de Schwéngsproduzente geet a wéi de Staat hinnen nach kann hëllefen.
weiderliesen...
Wéi steet et ëm de Primärsecteur?
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi et ëm de Primärsecteur steet. Si hunn ënner anerem gefrot, wat d’Valeur ajouté vun deem Secteur ass a wat fir professionell Profiller am meeschte gefrot ginn.
weiderliesen...
Gefor duerch de Japankiewerlek?
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi et dem Japankiewerlek zu Lëtzebuerg steet : wat fir Kulture sinn am meeschten a Gefor ? Wat kann een eng Ausbreedung verhënneren a wou kann een sech melden wann een e Japankiewerlek entdeckt?
weiderliesen...
D'Rehabilitatioun no engem Hiereschlag
Eng neurologesch Reha ass immens wichteg wann ee Laangzäitschied no engem Hiereschlag wëll limitéieren. An engem Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort vum 29. Oktober 2021 ass allerdéngs riets vu méiglech Inkoherenzen tëscht de Rehabilitatiounsbehandlungen zu Lëtzebuerg. An deem Kader huet Eisen Deputéierte Gusty Graas e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt.
weiderliesen...
Gëtt et d'marmoréiert Bamwanz schonn zu Lëtzebuerg? 
D'marmoréiert Bamwanz ass en invasiivt Insekt aus Asien wat de Wënzer, Uebst- a Geméisgäertner vill Kappzerbrieches mécht. Dës Käffere kënnen effektiv ganz grouss Schied an de Wéngerten, Bongerten oder Geméisgäert uriichten. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustänneg Ministeren nogefrot, ob dës Käfferen sech och schonn zu Lëtzebuerg breet gemaach hunn an ob scho Schied an de Kulture...
weiderliesen...
Wéi eng Ënnerstëtzung fir déi verfollegt Hazara Minoritéit an Afghanistan?
Laut enger Enquête vum BBC gëtt d'Hazara Minoritéit erëm vun den Taliban am Afghanistan verfollegt. Honnerte vu Leit ginn aus hiren Haiser verdriwwen ënner dem Virwand datt se illegal do wunnen. Eisen Deputéierten Gusty Graas huet den Ausseministère gefrot ob hei Interventiounen geplangt sinn fir dëser Gemeinschaft ze hëllefen a wat d'Positioun vun der Taliban Regierung bannent de Vereenten Natioune...
weiderliesen...
Firwat huele vu Joer zu Joer manner Gemengen un der Europäescher Mobilitéitswoch deel?
Déi Europäesch Mobilitéitswoch soll d'Leit zu méi nohaltege Mobilitéitsforme wéi dem Auto sensibiliséieren. Well awer vu Joer zu Joer manner Gemengen un dëser Initiativ deelhuelen, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas beim zoustännege Minister nogefrot, wourunner dat läit a wéi een den Trend ëmgedréint kéint kréien.
weiderliesen...
Gefor duerch Bamstämm an der Atert?
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas weisen d’Ëmweltministesch dorop hin, datt an der Atert nach Bamstämm leien, déi eng Gefor fir d’SEBES-Bréck duerstellen. Si froen d’Ministesch dofir wat gemaach gëtt fir dës Gefor ze behiewen an ob et nach aner Plaze laanscht d’Atert ginn, wou ëmgefalle Beem zu Stau-Situatiounen am Fall vun Héichwaasser kéinte féieren?
weiderliesen...
Wéi vill hunn de Baueren hir Recolte wéinst dem Wieder an de leschte Wochen gelidden?
An Deeler vun Europa schéngen d’Recolte vu Kären a Gromperen ënnert dem Wieder vun de leschte Wochen staark gelidden ze hunn. Wéi eng Informatioun konnten d'Servicer vum Ministère diesbezüglech scho kréien a wéi eng Konsequenze ginn et fir zukünfteg Recolte. Eis Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu beim zoustännege Ministère nogefrot.
weiderliesen...
“Déierendoktere fir all” och hei zu Lëtzebuerg?
Am Frankräich hëlleft d’Initiativ “Vétérinaires pour tous” déi mam franséische Plan de relance weider gefërdert gëtt deene Leit, déi fir d’Traitementer vun hiren Hausdéieren net kënnen opkommen. Domat ass esouwuel dem Mënsch ewéi och dem Déier gehollef. Wat gëtt et hei zu Lëtzebuerg u Méiglechkeeten, a sinn änlech Initiativen hei am Land virgesinn. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege...
weiderliesen...
Wechmaache vun engem Eisebunnstunnel zu Rëmeleng: Wat ass den Impakt op d'Natur?
Zu Rëmeleng wëll d'CFL en historeschen Eisebunnstunnel opmaachen, d.h. de Buedem iwwer dem Tunnel ofdroen, fir d'Streck ze moderniséieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat fir en Impakt op d'Natur dës Aarbechten hunn.
weiderliesen...
Fluoreszent Markéierungen op den Autobunne fir eng besser Verkéierssécherheet?
An Holland ass virun e puer Joer e Pilotprojet gestart ginn, bei deem d'Markéierungen op der Autobunn mat Faarf, déi liicht, opgedroe goufe fir d'Verkéierssécherheet ze verbesseren. Wat ass d'Konklusioun vun deem Projet? Wier dëst och eng Iddi fir zu Lëtzebuerg ëmzesetzen? D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Photovoltaik-Anlagen laanscht d'Autobunnen?
De Koalitiounsaccord gesäit vir, dass eidel Flächen laanscht d'Autobunnen an Zuchgleiser genotzt kéinte ginn, fir PV-Anlagen opzeriichten. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wéi eng konkret Projeten et an deem Beräich bis ewell gëtt.
weiderliesen...
Wat bedeit dat neit dänescht Immigratiounsgesetz fir Europa?
Dat dänescht Parlament huet am Juni vun dësem Joer e neit Immigratiounsgesetz gestëmmt wat et soll erlaben net nëmmen déi Leit ofzeweisen deenen hir Demande fir en Asyl refuséiert gouf, ma och déi Mënschen déi en Usproch hätten an Europa eranzekommen. „Null Asylbewerber“ soll d’Zil vun dëser Politik sinn. Wat bedeit dëst fir Europa? Wäerten aner Länner nozéien? Wéi geet et weider mat der Immigratiounspolitik...
weiderliesen...
Manner Walbeobachter bei de Parlamentswalen a Russland?
Den 19. September 2021 gi Parlamentswalen an der Russescher Federatioun ofgehale fir Membere vun der "Duma" ze ernennen. No enger Entscheedung vun de russeschen Autoritéiten, baséiert op der aktueller COVID-19 Gesondheetskris, an trotz der éischter Entscheedung fir 450 Beobachter ze schécken, dierfen nëmmen eng Delegatioun vun 10 OSZE Beobachter d'Walen iwwerwaachen. Wéi ass d'Positioun vun der Lëtzebuerger...
weiderliesen...
Wat fir Auswierkungen hunn d’Iwwerschwemmungen op de Fëschbestand?
Duerch déi kierzlech Iwwerschwemmungen hu vill Fësch et net méi gepackt fir zréck an hir Baach oder hire Floss ze schwammen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet déi zoustänneg Ministesch ob si schonns d’Auswierkunge vun de rezenten Iwwerschwemmungen op den nationale Fëschbestand kennt an ob de Plan de repeuplement elo eventuell misst ugepasst ginn.
weiderliesen...
Koum et viru kuerzem zu enger Verknaschtung vun der Our bei Lieler?
Den DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas ass zu Ouere komm, dass et rezent zu enger Verknaschtung vun der Our bei Lieler komm wier. Si wollten dowéinst vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob si weider Informatiounen zu dësem Virfall hätt.
weiderliesen...
Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg mat der Belaaschtung duerch Schwéiermetaller vun der Bevëlkerung aus?
Laut enger Etüd vun der franséischer Santé Publique wier bei Kanner, déi vill Biogeméis iessen, eng méi héich Kofferbelaaschtung festzestellen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, wéi d'Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit.
weiderliesen...
Wéi staark sinn d'Kläranlage vun de rezenten Iwwerschwemmunge betraff?
Duerch d'Héichwaasser wieren och eng Rei Kläranlage beschiedegt ginn, soudass de Risiko bestoe géif, dass knaschtegt Waasser an d'Flëss leeft. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dat tatsächlech de Fall ass, wéi eng Kläranlage betraff sinn, a wat den Impakt op d'Waasserleef ass.
weiderliesen...
Wéi ass d’Situatioun den Ament am Myanmar?
Nom Militärputsch am Februar vun dësem Joer, geet d’Arméi ëmmer weider a mat ëmmer méi Gewalt géint d’Demonstranten am Myanmar vir. Aus enger politescher Kris ass eng Kris ëm Mënscherechter ginn. Esouguer Kommunikatioune gi mëttlerweil iwwerwaacht an ausspionéiert. Am Franséische Senat an och an der Assemblée Générale hu Resolutioune gefuerdert, d’Walresultat vum November unzëerkennen, an der Gewalt...
weiderliesen...
Aktuell politesch Situatioun op Zypern
Kierzlech sinn déi geopolitesch Tensiounen op Zypern op engen neien Héichpunkt ukomm. D'Tierkei encouragéiert nämlech déi fréier Awunner vun der verloossener Stad Famagousta, hir Grondstécker virun der Eegentumskommissioun ze fuerderen, wou dann awer hiert Eegentum soll kontestéiert ginn. Well dës Machenschaften net nëmme géint international Accorde verstéisst, mee och géint EU Resolutiounen, huet eisen...
weiderliesen...
Si gëfteg Blummen am Hee déidlech fir eis Déieren?
D’Jakobs-Kräizkraut, dat momentan an der Bléi ass, an och d’Herbstzeitlose, déi am Hierscht bléid, landen ëmmer méi oft am Hee wat un d’Béischte vun de Baueren awer och u Päerd verfiddert gëtt. Dës Blummen hu Gëftstoffer, déi d’Liewer vun den Déieren ugräifen an och déidlech kënnen endegen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob d’Hee reegelméisseg kontrolléiert...
weiderliesen...
Wéi ass et mat der Attraktivitéit vu Lëtzebuerg fir déi europäesch Institutiounen?
Zu Lëtzebuerg si vill europäesch Institutiounen installéiert an d’Land ass stolz um Niveau vun der europäescher Politik eng wichteg Roll ze spillen. Duerch d’Präissdeirecht an d‘Haussë bei den Immobiliëpräisser gëtt d’Liewen hei am Land fir jidderee méi deier. Grad am Verglach mat Bréissel gëtt Lëtzebuerg fir déi europäesch Fonctionnairen ëmmer manner attraktiv. Leeft d’Land de Risiko, dass europäesch...
weiderliesen...
Wéi soll ee reagéieren wann een en Déier an engem Auto leide gesäit ?
An Zäite vun héijen Temperature kann d'Hëtzt tragesch Konsequenze fir eis Hausdéieren hunn. Dem Déiereschutzgesetz no ass all Mënsch verflicht engem Déier ze hëllefe wat a Gefor ass. Mä wat sinn d’Konsequenze wat een d’Fënster vun engem friemen Auto aschléit ? Den DP-Deputéierte Gusty Grass huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot.
weiderliesen...
Gëtt d’Museldall Unesco Weltkulturierwen?
De « Weltkulturerbe Moseltal » -Veräin ass am Gaangen eng Kandidatur op d’Been ze stelle fir datt d’Museldall soll en Unesco-Weltkulturierwe ginn. D’Wënzer aus Däitschland sinn awer net begeeschtert, well geplangt ass, datt si hir Wéngerten an Terrasselag nëmmen nach dierfen nom der traditioneller « Einzelpfahlerziehung » ubauen. Den DP-Deputéierte Gusty Grass huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot...
weiderliesen...
Asaz vu serologeschen Tester zu Lëtzebuerg
Serologesch Tester erlaben et engem erauszefannen, ob een an der Vergaangenheet mam Sars-CoV-2 infizéiert war an Antikierper géint d'Infektioun gebilt huet. Ma ee negativen serologeschen Test, e puer Méint no engem positiven PCR-Test, léisst d'Fro opkommen, ob de PCR-Test falsch-positiv war. Zu dësem Sujet, wollt den DP-Deputéierten Gusty Graas vun der Gesondheetsministesch ënnert Anerem wëssen, wéi...
weiderliesen...
Captage a Stockage vun CO2-Emissiounen an der Industrie?
En neit EU-Reglement erlaabt et Memberstaaten "Carbon Capture, Usage and Storage" - Technologien zouzeloosse fir hir Klimaziler ze erreechen, virun allem bei industrielle Prozesser, wou Emissioune schwéier evitéiert kënne ginn. Konkret bedeit dat, dass Betriber hir Emissioune kënnen afänken an z.B. geologesch stockéieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hunn nogefrot, wat d'Positioun vu Lëtzebuerg...
weiderliesen...
Wéi lafen d'Negociatiounen en vue vun der COP26?
Als Preparatioun vun der COP26 Enn dës Joers zu Glasgow lafen aktuell Verhandlungen op internationalem Niveau fir e méiglechen Accord virzebereeden. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn wollten an deem Kader vun der zoustänneger Ministesch weider Informatioune kréien iwwer den Inhalt an de Progrès vun dësen Negociatiounen.
weiderliesen...
Den Asaz vu Schallkanounen op der griichesch-tierkescher Grenz
Medieberichter no géingen op der griichesch-tierkescher Grenz Schallkanounen agesat gi fir illegal Immigratioun an dëse Gebidder ze stoppen. Och allgemeng géing hei vill op nei Technologië gebaut gi fir d’Grenzen ëmmer besser ze schützen an illegal Awanderung ofzewieren. Wéi vill gëtt hei investéiert a wien decidéiert iwwer déi agesate Moyenen? Wat si gesondheetlech Konsequenze fir Flüchtlinge déi...
weiderliesen...
Autorisatioun vu Gigaliner zu Lëtzebuerg fir manner CO2-Ausstouss am Transportsecteur?
Dem Direkter vum Lëtzebuerger Logistikcluster no wiere Camione vu 25 Meter eng Méiglechkeet, d'Emissioune vum Secteur erofzesetzen. Allgemeng géif den Transportsecteur awer riskéieren, d'Klimaziler ze verfeelen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob Gigaliner an Zukunft zu Lëtzebuerg erlaabt kéinte ginn a wéi eng Iwwerleeungen et ginn, fir dem Secteur...
weiderliesen...
Recht op Vergiessen bei bestëmmte Krankheeten?
D'Recht op Vergiessen am Kader vun der Reschtschold-Versécherung ass zanter Januar 2020 a Kraaft. Et gouf e Comité fir de Suivi an d'Reevaluatioun an d'Liewe geruff, fir sécherzestellen dass d'Bestëmmungen aus der Konventioun richteg ugewannt ginn an déi eenzel Parteien hir Verflichtungen anhalen. An deem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas der Madamm Gesondheetsministesch eng Rei Froe gestalt.
weiderliesen...
Mangel un Infirmièren an Infirmieren an de Spideeler?
De Personalmangel an de Spideeler war an de leschte Méint ëmmer nees ee wichtege Sujet an der Gesondheetspolitik. Et schéngt awer esou ze sinn, datt ëmmer nees jonk Infirmièren an Infirmieren keng Plaz an engem lëtzebuergesche Spidol fannen. D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert Anerem wëssen, wéi vill Infirmièren an Infirmieren, an de Spideeler hei am...
weiderliesen...
Corona-Impfung och fir Déieren?
A Russland gouf e Vaccin entwéckelt fir och d’Déiere géint de Coronavirus ze impfen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet de Landwirtschaftsminister wat hie vun der Impfung vun Déieren hält an ob hien dat och zu Lëtzebuerg géif recommandéieren.
weiderliesen...
Fir en internationale Verbued vum Geo-engineering?
Grouss Spigelen am Weltall, d'Verspreeë vu Partikelen an der Atmosphär oder d'Schafe vu kënschtleche Wolleke fir d'Sonn ze reflektéieren: Dat si just e puer Beispiller vum sougenannten "Geo-engineering", op dat verschidde Wëssenschaftler wëlle setze fir d'Äerderwiermung ze stoppen. Well d'Konsequenze vu sou déifgräifenden Agrëffer an d'Natur awer onberechenbar a souguer potenziell dramatesch kënne...
weiderliesen...
Wat sinn der CFL hir Pläng fir déi historesch Lokomotiv 5519?
D'Lokomotiv 5519 ass déi lescht lëtzebuergesch Damplokomotiv, déi nach operationell ass. Allerdéngs dierf se net méi op dem Lëtzebuerger Schinnennetz fueren, well se net mam ETCS Sécherheetssystem equipéiert ass. Och hir véier "Wegmann"-Waggonen dierfen aus Sécherheetsgrënn net méi fueren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat d'Pläng fir d'Lokomotiv...
weiderliesen...
Upassung vun de Quarantänregelen an der Schwäiz
D'Schwäiz huet eng Upassung vun de Quarantänregelen ugekënnegt. Am Fall vum Kontakt mat engem bestätegte Fall vu Covid-19, musse komplett geimpft Persoune wärend enger Period vu sechs Méint net a Quarantän goen, ugefaange 14 Deeg no der Administratioun vun der zweeter Impfdosis.
weiderliesen...
International Sécherheet op Futtballmatcher
D’Assemblée interparlementaire Benelux huet de 19. Mäerz 2021 eng recommandéiert Propositioun adoptéiert, iwwer d’international Sécherheet op Futttballmatcher an am Kampf géint de Rassismus. Den DP-Deputéierte Gusty Graas, huet déi zoustänneg Ministeren ënnert anerem gefrot, wéi d’Benelux Länner den Informatiounsaustausch optiméiere kéint, an ob et ubruecht ass, d’Hooligans dovun ofzehalen an aner...
weiderliesen...
Wéi geet et mam Stolwierk zu Diddeleng virun?
No de rezente Revelatioune vun der "Financial Times", dass et beim Mammegrupp vu Liberty Steel zu dubiéise finanziellen Praktike komm wier, wouduerch eventuell nei Investoren ofgeschreckt kéinte ginn, freet den DP-Deputéierte Gusty Graas beim zoustännege Minister no, inwéifern dës en Afloss op de Standuert Diddeleng hunn an ob hien d'Meenung vun de Gewerkschaften deelt, dass de Staat finanziell intervenéiere...
weiderliesen...
Wat huet den atomaren Opstockungsplang vu Groussbritannien ze bedeiten?
No der Annonce vum brittesche Premier, datt hie plangt den Arsenal vun nukleare Waffen eropzesetzen, sinn d’Spekulatioune grouss. Eisen Deputéierte Gusty Graas wëll vum zoustännege Minister, ënnert anerem wëssen op déi Pläng am Aklang mam Atomwaffensperrvertrag sinn?
weiderliesen...
D’Kreatioun vum Istanbul Kanal
D’Pläng fir d’Kreatioun vum neie Schëfffaartskanal deen d’Mëttelmier an d’schwaarzt Mier soll verbannen, hunn national an international fir Kritik gesuergt. Laut dem kierzlech verëffentlechten oppene Bréif, dee vun 104 pensionéierten Offizéier, géif dës Schafung géint d’Montreux Konventioun verstoussen. An deem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas e puer Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt....
weiderliesen...
Verknaschtung vun der Syr duerch de Findel
Virun allem am Wanter kënnt et ëmmer nees zu Verknaschtunge vun der Syr, déi op d'Entäise vun de Fligeren um Findel zréckzeféieren sinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet nogefrot, op et Analyse gëtt, wéi staark d'Syr doduerch belaascht ass, a wat ënnerholl gëtt, fir d'Situatioun ze verbesseren.
weiderliesen...
Den Austrëtt vun der Tierkei aus der Istanbul Konventioun – e Réckschlag fir d’Fraen an d’Fraerechter
An der Nuecht op den 20 Mäerz huet d’Tierkei d’Istanbul Konventioun verlooss. Wat bedeit dëst fir d’Meedercher an d’Fraen am Land? Wéi steet d‘lëtzebuerger Regierung heizou? Wat wäert d’Euopäesch Unioun an dëser Situatioun ënnerhuelen? Kënnen d’Vereente Natiounen hei Afloss üben fir dës Decisioun réckgängeg ze maachen? Den Deputéierten Gusty Graas huet beim Ausseminister a bei der Ministesch fir d’Gläichstellung...
weiderliesen...
Wéi verbreet ass den Herpesvirus bei de Päerd zu Lëtzebuerg?
Bei engem internationale Reitturnéier zu Valencia ass den Herpesvirus ausgebrach. Honnerte vu Päerd sinn infizéiert. Et fäert een eng europawäit Pandemie. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet déi zoustänneg Ministeren ob de Virus och zu Lëtzebuerg present ass a wat heiheem ënnerholl gëtt fir datt de Virus sech net verbreet.
weiderliesen...
D'Pressefräiheet an der EU
An Ungarn ass Mëtt Februar e Radiosender gezwonge ginn seng Sendungen ze stoppen. Schonn am Juli 2020 war déi ungaresch Regierung sech an d'Mediewelt agemëscht andeems si dem Chefredakter vum éischten Informatiounssite "Index" gekënnegt haten. A Pole sinn am Februar iwwer 40 Medienhaiser op d'Strooss gaange fir géint eng sougenannten "taxe publicitaire" ze protestéieren, déi eng Attack op d'Pressefräiheet...
weiderliesen...
Invasiv Kriibsen-Aarten an eise Gewässer: Gräifen d'Mesuren?
De Signalkrebs an de Kamberkrebs sinn zwou invasiv Aarten, déi sech a ganz Europa zënter Joren ausbreeden - dëst mat engem gravéierenden Impakt op déi lokal Ökosystemer. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Mesuren déi am Aktiounsplang virgesi sinn, bis lo de gewënschte Succès haten, wéi vill där Déieren an de leschte Jore konnte gefaangen oder...
weiderliesen...
Verkéierssécherheet beim Gefaangenentransport
D'Sécherheet vu Gefaangene beim Transport wier zu Lëtzebuerg net garantéiert, well dës net ugestréckt sinn, sou de Comité européen pour la prévention de la torture et des peines ou traitements inhumains ou dégradants (CPT) an engem Rapport vun 2015. Och déi lëtzebuergesch Associatioun "Eran, eraus… an elo?" reprochéiert der Regierung an deem Beräich déi international Normen nach ëmmer net ze respektéieren....
weiderliesen...
Kënnt gläich eng nei Variant vun der Schwéngspescht op Lëtzebuerg?
Déi australesch Autoritéite warne vun enger neier Variant vun der Schwéngspescht. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot wéi héich d'Gefor ass, datt dës Variant et bis an Europa packt.
weiderliesen...
Nosokomial Infektiounen zu Lëtzebuerg
Och an de Spideeler kann et virkommen, datt Patiente sech eng Infektioun zouzéien. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch ënnert Anerem no aktuellen Zuele gefrot a wéivill spezialiséiert Personal an dësem Beräich zu Lëtzebuerg schafft.
weiderliesen...
Réikitzrettung per Dron
D'Regierung hat leschte Summer e Pilotprojet annoncéiert fir d'Réikitzrettung per Dron virum Mädrescher z'ënnerstëtzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou dee Pilotprojet drun ass.
weiderliesen...
Resilienz vun den Transportweeër vu medezineschem an Impfmaterial
An enger Publikatioun vun enger globaler Liwwerfirma ass dorop higewise ginn, dass et fir Länner déi um technesche Niveau manner developpéiert sinn kéint dozou kommen, dass dat entspriechend medezinescht Material an Impfungen des Regiounen an der Pandemie nëmme schwiereg kënnen erreechen. Den Deputéierten Gusty Graas huet beim Ministère fir Kooperatioun nogefrot ob esou Problemer an dëse Länner effektiv...
weiderliesen...
Wat ass d'Reaktioun vun der Ëmweltministesch op d'Demissioun vum President vun der Jeeërfederatioun?
Als Grond vu sengem Récktrëtt gëtt de President vun der Jeeërfederatioun e Mangel u konstruktiver Zesummenaarbecht an e "Missachten" vu Säite vun der Ëmweltministesch vis-à-vis vun de Jeeër un. D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn nogefrot, wéi d'Ministesch zu de Virwërf steet a wéi d'Zesummenaarbecht an Zukunft verbessert soll ginn.
weiderliesen...
Ze vill Phosphat am Stauséi?
Wéi aus engem rezenten Interview am Wort ervirgeet, hat d'Landwirtschaftskummer dem Ëmweltministère eng Etüd presentéiert iwwer déi héich Konzentratioun vu Phosphat am Stauséi an d'Ursaachen dovunner, déi bei verschiddene Kläranlagen an der Géigend géife leien. Well d'Kummer allerdéngs keng Reaktioun dorop kritt hätt, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.
weiderliesen...
Ënnerdréckung vun de Medien am Burkina Faso
Am Juni 2019 ass am Burkina Faso d’Strofrecht esou geännert ginn, dass eng objektiv Berichterstattung an de Noriichten net méi méiglech ass. Säitdeem erlieft d’Press ëmmer méi Géigewier an ass dem Drock a strofrechtleche Suitte vun den Autoritéiten ëmmer méi ausgesat. Wéi steet Lëtzebuerg dozou a wat fir Implicatiounen huet dëst op d’Lëtzebuerger Kooperatioun an dem Gebitt. Den Deputéierte Gusty Graas...
weiderliesen...
Wat ass den Impakt vum Militärputsch am Myanmar op d’Lëtzebuerger Kooperatioun?
Nodeems d’Partei vun der Friddensnobelpräisdréierin Aung San Suu Kyi d’Wale mat groussem Ofstand gewonnen haten, huet d’Arméi am Myanmar Ufanks Februar duerch e Militärputsch d’Kontroll iwwer d’Land iwwerholl. D’Cheffin vun der burmesescher Zivilregierung a Memberen aus hirer Partei goufe festgeholl an ënnert Hausarrest gesat. Wéi ass d’Positioun vu Lëtzebuerg vis-à-vis vun dësen Evenementer ? Wéi...
weiderliesen...
Eng eege Bank fir d’NATO?
En amerikaneschen ‚Think tank‘ huet proposéiert fir eng Bank speziell fir d’NATO ze kreéieren an domat an d’Finanzéierung vun den europäesche Memberstaaten hiren Verteidegungsmëttel ze assuréieren. Wéi géing dëse System funktionéieren a wien géing dovunner profitéieren? Den Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Atomendlager zu Bure: Gëtt d'Regierung reegelméisseg iwwer nei Entwécklungen informéiert?
An hirem Avis vum 13. Januar huet déi franséisch Ëmweltautoritéit eng ganz Partie Kritike par Rapport zum geplangten Endlager zu Bure opgeworf, dat eng 100 km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech läit. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob gewosst ass, wat d'Suite vun deem Avis fir de Projet wäerte sinn an ob d'Regierung reegelméisseg iwwer sou Entwécklungen...
weiderliesen...
Gen-Schwäin aus den USA fir z'iessen?
An den USA huet d'Administratioun fir Liewensmëttelsécherheet (FDA) kierzlech gentechnesch verännert Schwäi fir déi mënschlech Consommatioun zougelooss. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler froen d'Gesondheetsministesch an de Landwirtschaftsminister wat si dovunner halen an ob dës Schwäin och an Europa fir d'Medikamentenhirstellung oder an der Liewensmëttelhierstellung dierfe benotzt ginn.
weiderliesen...
Wéi geet et nom Alexej Nawalny senger Verhaftung virun?
De Sonndeg ass den Alexej Nawalny aus Däitschland zeréck op Moskau geflunn a bei senger Arrivée direkt verhaft ginn. Op internationalem Plang huet dëst fir vill Reaktioune gesuergt. Wéi wäert et fir de Kreml-Kritiker weidergoen, a wat fir Konsequenzen kënnen dës Handlungen fir Russland mat sech bréngen. Den Deputéierten Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Wéi geet et mat de Refugiéen a Bosnien-Herzegowina virun?
D'Flüchtlinge vum Camp Lipa a Bosnien Herzegowina sinn zanter Méint ouni Waasser, Elektresch, Heizung an Zelter. An dëst obwuel alternativ Méiglechkeete fir e wanterfesten Ënnerdaach bestinn. Déi vun hinnen, déi probéieren hire Wee iwwer d'Grenz ze maachen, gi vun der kroatescher Police ënner Uwendung vu Gewalt zeréckgeschéckt. Déi Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu nogefrot wat gemaach gëtt fir...
weiderliesen...
Relokaliséiert d’CHAFEA vu Lëtzebuerg op Bréissel ?
Ufanks 2020 hunn d’Diskussiounen iwwer eng Relokalisatioun vun der CHAFEA fir Opreegung gesuergt. Aus Grënn vun der Effikassitéit solle Posten an Aktivitéiten op Bréissel verlagert ginn. Den Deputéierten Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot wéi et den Ament ëm des Pläng ausgesäit.
weiderliesen...
Wat ënnerhëlt Lëtzebuerg fir d'Unerkennung vum Ekozid als Verbriechen op internationalem Niveau virunzebréngen?
Am aktuelle Koalitiounsaccord schwätzt sech d'Regierung dofir aus, den Ekozid als Verbriechen op internationalem Niveau unzëerkennen. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat da bis lo konkret an déi Richtung ënnerholl ginn ass.
weiderliesen...
Waasser aus der Musel fir jonk Riewen ze nätzen?
Zu Lëtzebuerg gëtt et haut schonn d'Méiglechkeet, Waasser aus der Musel ze huele fir jonk Riewen ze nätzen, wann et ze waarm an dréchen ass. Dat lescht Joer ass keng Demande beim Waasserwirtschaftsamt rakomm, quitt dass de President vun de Privatwënzer an engem rezenten Interview awer dofir plädéiert huet. Wat ass de Grond dofir? Misst méi iwwer dës Méiglechkeet informéiert, respektiv den administrativen...
weiderliesen...
Spendegelder an Indien
An Indien ass d’Reglement fir Spenden aus dem Ausland am November geännert ginn. Dëst huet Auswierkungen op d’Aarbecht vu Lëtzebuerger ONGen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot.
weiderliesen...
Kéinten CBD-Produiten an der EU verbuede ginn?
D'Europäesch Kommissioun huet dëse November annoncéiert, datt de Cannabidiol (CBD) als Betäubungsmëttel agestuft kéint ginn. Als Konsequenz wiere Produiten mat natierlechem CBD an der EU domadder verbueden. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hunn der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt.
weiderliesen...
Ee neie séieren PCR-Test fir Lëtzebuerg?
Ee Start-up aus dem Beräich vun der medezinescher Technologie huet ee neie séieren PCR-Test entwéckelt. Dësen Test kann a Klinicken an a Praxissen agesat ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dësen Test och zu Lëtzebuerg disponibel wäert sinn.
weiderliesen...
Wäert eis Landwirtschaft méi Waasser brauchen?
Waasser ass eng liewenswichteg Ressource, och fir eis Landwirtschaft. No deene ville waarme Summeren hunn d'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi vill d'Landwirtschaft, de Gaardebau an och de Wäibau momentan brauchen an Zukunft brauche wäerten.
weiderliesen...
Déi beonrouegend Situatioun am Passage vum el Guergarat
Marokko huet eng Operatioun am Passage vum el Guergarat lancéiert fir eng fräi Zirkulatioun vu Persounen a Gidder nees ze garantéieren. De "Polisario" a seng Milizen hunn de Grenziwwergang blockéiert an de Waffestëllstand bedreet, deem an der Zone zanter ongeféier 30 Joer besteet. Am deem Kader huet eisen Deputéierte Gusty Graas dem Bausseminister e puer Froe gestallt.
weiderliesen...
Eng Navette tëscht dem Grenzparking Sterpenech an der Klengbettener Gare?
Fir de Beruffstrafic tëscht der Belsch a Lëtzebuerg ze verbesseren hu rezent zwee wallounesch Deputéiert proposéiert eng Busnavette tëscht dem Grenzparking zu Sterpenech an der Klengbettener Gare z'organiséieren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot, wat dësen dovunner hält.