Aussepolitik a Kooperatioun

Aussepolitik a Kooperatioun

Als vollwäertege Member vun der UNO ass Lëtzebuerg en Deel vun enger grousser Staategemeinschaft. Als Member vun der Europäescher Unioun huet Lëtzebuerg eng Stëmm, déi och an der Welt Gehéier fënnt. Nëmmen esou ka Lëtzebuerg sech op Aenhéicht mat anere Länner beweegen. D’Weltaktualitéit ännert permanent. Niewesächlechkeeten entwéckelen sech ganz schnell zu Erausfuerderungen, mat deene mir eis och zu Lëtzebuerg befaasse mussen. International Krisen hunn also och hir Auswierkungen op Lëtzebuerg. Séier ass engem da kloer, datt sou Problemer eng grenziwwerschreidend, also eng kollektiv Léisung brauchen. Leider si sech verschidden EU-Memberstaaten däers net bewosst a sichen hiert Gléck am Nationalismus, Populismus an am Protektionismus. Mir mussen dëst Iwwel un der Wuerzel huelen an décidéiert reagéieren.

Genausou wichteg ass de Constat, datt eis Welt nach ni souvill Wuelstand, Sécherheet, Fridden an international Zesummenaarbecht kannt huet. Dëst ass zu engem groussen Deel de Verdéngscht vun der Europäescher Unioun. D’EU huet e ganzt Arsenal un Instrumenter, déi eng Zesummenaarbecht do erlaben, wou et Sënn mécht a wou en Ellenggang kee Wäert

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp