30 September 2025
De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.
31 July 2025
Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.
16 July 2025
Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net...
26 June 2025
Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten...
26 June 2025
De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen....
25 June 2025
Zënter dem 1. Juni 2025 mussen d’Dokteren en neie Formulaire ausfëllen, wann si ee Patient fir Soinen an d’Ausland schécke wëllen. Den Dokter muss elo obligatoresch uginn, ob d’Prestatiounen zu Lëtzebuerg an engem “akzeptabelen Delai” ugebuede kënne ginn, oder net. Kräizt den Dokter un, datt d’Prestatiounen eigentlech och zu Lëtzebuerg ugebuede kéinte ginn, da gëtt d’Demande fir den Transfert automatesch...
28 May 2025
Am Norde vum Land mussen d’Bierger oft wäit Deplacementer a Kaf huele fir an eng Klinick oder eng Maison médicale ze kommen.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hunn d’Gesondheetsministesch ënnert anerem gefrot, wéi vill Generalisten a Spezialisten am Norde vum Land schaffen, wéi d’Altersstruktur bei den Dokteren ass a wéini eng zweet Maison médicale am Norden opgemaacht kéint ginn.
22 May 2025
D’Aarbechtsrecht gesäit vir, datt schwanger Fraen op der Aarbecht verschidden Tâchen net iwwerhuelen dierfen. D’Gesetz gesäit dofir een Amenagement vun der Aarbechtsplaz vir oder eng Reaffektatioun op een anere Posten. Ass béides net méiglech, da muss d’Fra an Dispens gesat ginn.
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Frae...
21 May 2025
Fir der laanger Waardezäit bei der Analyse vu Biopsien entgéint ze wierken, huet den LNS, deen hei ee Monopol huet, eng Rei Mesüren en place gesat.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi een Impakt dës Mesüren op d’Waardezäiten haten an ob net awer eng gréisser Zesummenaarbecht mat Privatlaboen envisagéiert sollt gi fir d’Delaie weider ze...
15 May 2025
Am Kader vun der Ënnersichung bei engem Hautdokter kënne Fotoe vu verdächtege Plazen op der Haut gemaach ginn, wou de Risiko besteet, datt sech Hautkriibs entwéckele kéint. Dem DP-Deputéierte Gusty Graas gouf elo zougedroen, datt dës Fotoen net méi vun der Krankekeess rembourséiert ginn. An enger parlamentarescher Fro un d’Gesondheetsministesch wëll de liberale Politiker ënnert anerem gewuer gi firwat...
27 March 2025
Gesond an equilibréiert Iessen dréit noweislech zu engem besseren Heelungsprozess bäi a reduzéiert de Risiko vu Komplikatiounen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hunn an deem Kontext bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot wéi gutt d’Qualitéit vum Iessen an eise Spideeler ass, ob virun allem regional Produite verschafft ginn an ob virop bei méi vulnerabele Patienten opgepasst...
26 March 2025
Wann ee Personalvertrieder, opgrond vu schwéierem Feelverhale suspendéiert gouf, kann een Employeur ufroen den Aarbechtskontrakt geriichtlech opléisen ze loossen, z.B. iwwert eng Demande reconventionnelle. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann gouf awer zougedroen, datt de President vum Aarbechtsgeriicht sech ëmmer nees weigere géifen dës Demanden unzehuelen. Dëst féiert zu Problemer bei...
21 March 2025
Cyberattacken op Spideeler sinn an Europa keng Seelenheet. Aus dësem Grond huet d’EU een Aktiounsplang lancéiert fir d’Cybersécherheet am Gesondheetssecteur ze verbesseren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet d’Gesondheetsministesch dozou befrot, wéi oft d’Spideeler hei am Land vu Cyberattacke viséiert waren, wéi gutt d’Spideeler a Simulatiounsübunge reagéiert hunn a wéi eng Recommandatiounen ausgeschafft...
21 March 2025
Aus enger däitscher Etüd geet ervir, datt Kariesproblemer an de leschte Joerzéngte staark zeréckgaange sinn. Parodontos wier do dergéint nach ëmmer eng Vollekskrankheet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Situatioun zu Lëtzebuerg ausgesäit, ob d’Preventiounspolitik misst ugepasst ginn a wéi d’Zuel un Zänndokteren sech hei am Land entwéckelt huet.
27 February 2025
Ëmmer méi Leit si vun Demenz betraff. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Fäll vun Demenz hei am Land evoluéieren, wéi vill Leit um Programme Démence Prévention (pdp) deelhuelen an ob déi nei lancéiert App vu pdp vill genotzt gëtt.
20 February 2025
A Frankräich stiechen sech zënter der Pandemie méi Leit mat Meningokokken un. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Infektiounen sech hei zu Lëtzebuerg entwéckelt hunn, wéi vill Leit geimpft sinn an op d’Impfquot héich genuch ass fir d’Gesondheet vun de Bierger ze schützen.
18 February 2025
Zu Lëtzebuerg fuere bis haut ëmmer Anästhesisten, zesumme mat Infirmiers en anesthésie-réanimation, mam SAMU. Den DP-Deputéierte Corinne Cahen a Carole Hartmann ass awer elo zu Ouere komm, datt an Zukunft och Generalisten oder Urgentisten mam SAMU fuere kéinten. Déi liberal Deputéiert hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat bis haut nëmmen Anästhesiste beim SAMU u Bord waren, ob d’Infirmiers...
13 February 2025
An Däitschland hunn, leschten Zuelen no, manner Jonker wéinst Alkohol missen an d’Spidol. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Jonker an de leschte Joren opgrond vun Alkoholkonsum hu missen hospitaliséiert ginn, op wéi engen Deeg am Joer besonnesch vill alkoholiséiert Leit an d’Spidol kommen an ob den Nationalen Aktiounsplang géint Alkoholmëssbrauch...
12 February 2025
D’Gemengen hunn d’Aufgab Jodpëllen ze stockéieren an un hir Residenten ze verdeelen. D’DP-Deputéiert Mandy Minella huet bei de concernéierte Ministeren nogefrot, wéi de Stockage vu Jodpëllen aktuell ausgesäit, ob all Resident Jodpëlle proposéiert kritt an ob nees eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn.
30 January 2025
D’Consommatioun vu Vapes bei Jugendlechen a jonken Erwuessene geet ëmmer weider an d’Luucht. Den DP-Deputéierte Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch a beim Ëmweltminister nogefrot, wéi vill Vapes hei zu Lëtzebuerg verkaf ginn, wéi eng Belaaschtunge fir d’Ëmwelt entstoe kënnen, a wat déi gesondheetlech Implicatioune vun den an E-Liquiden enthalene Chemikalie sinn.
24 January 2025
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt d’Maison médicale zu Ettelbréck nei Raimlechkeete wäert kréien. De liberalen Deputéierten huet vun der Gesondheetsministesch Detailer zu den neie Raimlechkeete gefrot a wollt wëssen, ob d’Dokteren aktuell déi néideg Equipementer hu fir all hir Tâchen, och déi administrativ, z’assuréieren.
24 January 2025
Am Joer dierfe Studente bis 27 Joer maximal 346 Stonne schaffen. Et ginn awer Studenten, déi gäre méi schaffe wéilte fir sech hire Liewensënnerhalt ze verdéngen. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Barbara Agostino hu beim Aarbechtsminister nogefrot wéi vill Studenten 2024 geschafft hunn, an ob de Minister gewëllt wier de Studenten z’erlabe méi Stonnen am Joer ze schaffen, wéi och d’Alterslimitt vun aktuell...
21 January 2025
De fréiere Generaldirekter vun der Police gëtt den neie Generaldirekter vun Hëllef um Terrain. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollten dozou vun den zoustännege Ministere wëssen, ob si an dësem Fall am Virfeld consultéiert goufen, wéi vill Staatsbeamten no hirer Karriär beim Staat an de Privatsecteur wiesselen, an op et spezifesch Reegele fir Niewenaktivitéite vu pensionéierte Staatsbeamte...
19 December 2024
Ozempic dierf just u Patiente mat Diabetes Typ 2 verschriwwe ginn. D’DP-Deputéiert André Bauler an Dr Gérard Schockmel hunn d’Gesondheetsministesch gefrot, ob Kontrollen duerchgefouert gi fir z’iwwerpréiwen, ob Dokteren sech un d’Reegelen halen, an ob de Collège médical scho mat Fäll vu Mëssbrauch betraut gouf ?
18 December 2024
An der Belsch an a Frankräich gouf rezent de fräie Verkaf vu Medikamenter géint de Schnapp mat Pseudoephedrin verbueden. Dës Medikamenter sinn opgrond vun eventuelle gesondheetleche Risike vun elo u just nach op Ordonnance ze kréien.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi si dëst Verbuet an eisen Nopeschlänner opfaasst, ob si esou ee Verbuet...
27 November 2024
Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen...
27 November 2024
Zu Wäiswampech soll eng nei Apdikt installéiert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, aus wéi enge Grënn eng nei Apdikt installéiert gëtt, wéini dës Apdikt opgoe wäert an ob se dozou bäidroe wäert de Gardesystem am Norde vum Land ze verbesseren.
21 November 2024
D’ITM gesäit d’Ënnerstëtzung vu Betriber an d’Preventioun als hir Prioritéiten un. Am Secteur vun der Restauratioun schéngt awer den direkten Asaz vu Sanktiounen no enger Kontroll éischter d’Reegel an net d’Ausnam ze sinn. An deem Kontext wollten d’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann vum Aarbechtsminister ënnert anerem wëssen, wéi vill Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun an de leschte...
19 November 2024
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Gérard Schockmel hunn der Gesondheetsministesch Froen zum annoncéierten Etablissement public fir d’Bluttspende gestallt.
Déi liberal Deputéiert froen ënnert anerem, ob et net méi sënnvoll wier all d’Fraise vun der Croix-Rouge fir de Service vum Bluttspenden ze iwwerhuelen, amplaz een Etablissement public ze schafen?
A wat geschitt mam Espace fir d’Bluttspend, deen...
12 November 2024
D’Croix-Rouge mécht mat der Organisatioun vum Bluttspenden dëst Joer nees een Defizit. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob de Staat seng finanziell Bedeelegung net erhéije sollt, ob Lëtzebuerg ëmmer iwwer genuch Bluttreserve verfüügt, an ob weiderhin d’Croix-Rouge eleng d’Bluttspenden am Land organiséiere soll.
05 November 2024
A villen europäesche Länner geet den Taux vum Absenteismus an d’Luucht. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi den Absenteismus sech a Lëtzebuerg an de leschten 10 Joer entwéckelt huet, wat d’Erklärunge fir d’Absencë sinn a wat aktuell do dergéint ënnerholl gëtt.
30 October 2024
Thonsbéchsen a ganz Europa schénge mat ze vill Quecksëlwer kontaminéiert ze sinn. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeschen nogefrot, ob och Béchsen zu Lëtzebuerg betraff sinn a ob d’Maximalwäerter fir Quecksëlwer beim Thon op EU-Niveau erofgesat misste ginn.
09 October 2024
Den DP-Deputéierten André Bauler a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt an Zukunft zu Wooltz an der Klinik kaum nach chirurgesch Agrëff wäerte getätegt ginn. Déi zwee Deputéiert hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob Dokteren aus der Weeltzer Klinik, déi a Pensioun ginn, net méi ersat wäerte ginn, wéi d'Zuel vun de systemateschen Analysen sech entwéckelt huet, a wat ënnerholl wäert gi fir d'Ettelbrécker...
09 October 2024
De PET-Scan zu Lëtzebuerg fält reegelméisseg en panne. Dat erschwéiert d'Kriibsdiagnos a stellt fir d'Patienten eng psychologesch Belaaschtung duer. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann wollt an deem Kader vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi oft de PET-Scan an de leschte Joren huet misse gefléckt ginn, wéini den 2. PET-Scan installéiert wäert ginn a wéi eng Méiglechkeeten et gi fir Patienten, déi...
14 August 2024
Independante kënnen ënner gewëssene Conditioune Chômage complet ufroen.
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu beim Aarbechtsminister nogefrot, wéi vill Independanten an de leschte Joren de Chômage complet ugefrot hunn, wéi vill Demande refuséiert goufen a wéi oft een Independant a Recours géint de Refus gaangen ass.
14 August 2024
Wann ee Patient eng Zännprothees brauch, muss den Zänndokter fir d’éischt een Devis un de Contrôle médical de la Sécurité sociale (CMSS) schécken. Ouni Accord vum CMSS kritt de Patient d’Zännprothees net rembourséiert.
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi vill Devisen dëst Joer ageschéckt goufen, wéi laang d’Delaien zurzäit sinn an ob engem...
12 July 2024
Laut Handwierkskummer wieren d’Delaien fir de Remboursement vu Salairen, déi Entreprisen am Chômage partiel virstrecken, ze laang.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi laang dës Delaien sinn, a wat ënnerholl wäert gi fir d’Situatioun ze verbesseren.
21 June 2024
Schwanger Salariéen, kënne virum Congé de maternité eng bezuelten Aarbechtsdispens ufroen, wann si z.B. aus gesondheetleche Grënn net schaffe kënnen. Independanteën hunn dës Méiglechkeet net, wat sech negativ op de Recalcul vun hirer Indemnitéit fir de Mammecongé auswierke kann.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob eng remuneréiert Dispens...
19 June 2024
2023 hat déi deemoleg Gesondheetsministesch d’Schafe vun enger Apdikt zu Bettenduerf nach ofgeleent. Well d’Populatioun an der Regioun ronderëm Bettenduerf awer weider wiisst huet den DP-Deputéierten André Bauler bei der neier Gesondheetsministesch nogefrot, ob si d’Decisioun vun hirer Virgängerin iwwerdenke géif. Ass d’Gesondheetsministesch eventuell scho vun der Gemeng Bettenduerf kontaktéiert ginn...
19 June 2024
Zanter 2008 gëtt et an Däitschland een Depistage fir Hautkriibs fir all Assuré ab 35 Joer. Doduercher gi vill Fäll vun Hautkriibs méi fréi entdeckt.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Zuele vun Hautkriibs sech hei am Land zanter 2013 entwéckelt hunn, ob esou een Depistage och zu Lëtzebuerg sënnvoll wier a firwat just d’Zuele fir schwaarzen...
06 June 2024
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn der Gesondheetsministesch an dem Inneminister Froen zu de Rettungshelikopter beim Nordspidol gestallt, déi an de leschte Joren oft an den Asaz komm sinn. Ënnert anerem wollte si wëssen, wéi de Finanzement gereegelt ass, wéi oft se och iwwert d’Landesgrenzen eraus an den Asaz koumen an ob mëttelfristeg virgesinn ass een neie Site fir d’Helikopteren ze...
05 June 2024
Einsamkeet gëtt zu engem ëmmer méi grousse gesellschaftleche Problem. Enger Etüd no wieren eleng an Däitschland Millioune Leit betraff. D’DP-Deputéiert André Bauler a Mandy Minella hu beim Familljeminister nogefrot wéi hien d’Problematik vun der Einsamkeet zu Lëtzebuerg gesäit a wéi eng Mesüren de Ministère hëlt fir do dergéint virzegoen.
31 May 2024
Am Hannergrond vun den neie Recommandatioune vum däitsche Gesondheetsminister fir Klinicken a Fleegeheemer besser op Hëtztwellen ze preparéieren, hunn d’DP-Deputéiert André Bauler an den Dr Gérard Schockmel bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob och de « Plan Canicule » hei zu Lëtzebuerg misst adaptéiert ginn.
13 May 2024
Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar...
03 May 2024
Ëmmer méi Jonker schéngen ënnert Schilddrüsekriibs ze leiden. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi d’Zuelen sech an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn a wéi eng Ënnerscheeder et jee no Alter a Geschlecht ginn.
03 May 2024
Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.
26 April 2024
D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.
18 April 2024
D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.
18 April 2024
D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hu sech beim Ëmweltminister renseignéiert, wéi vill Autorisatiounen fir Bauten an der Gréngzone an de leschte 5 Joer ugefrot a wéi vill Demanden refuséiert goufen, a wéini de Prinzip vum « silence vaut accord » bei den Autorisatiounsprozeduren wäert agefouert ginn.
12 April 2024
Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d'Waardezäit fir d'Patienten ze verkierzen. D'DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d'Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d'Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d'Zuel vun de Behandlungen...
28 March 2024
Jonker mat engem Handicap schéngen zu Lëtzebuerg keng Léier maachen a gläichzäiteg de Statut vum Salarié handicapé kënnen ze hunn.
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot firwat dat net méiglech ass an ob virgesinn ass dës Situatioun ze behiewen?
25 March 2024
Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.
22 March 2024
Zwee nei Congéë kënnen zanter leschtem Joer ugefrot ginn, wann een sech ëm Famill këmmere muss. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Corinne Cahen wollte vum Aarbechtsminister ënnert anerem wësse wéi oft dës Congéë bis elo ugefrot goufen a wéi laang et dauert bis ee Patron déi virgesi finanziell Ënnerstëtzung vum Staat kritt.
21 March 2024
Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d'Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?
13 March 2024
D’Tetanusimpfung muss a reegelméissegen Ofstänn erneiert gi fir wierksam ze bleiwen, mee net jiddereen denkt un dës wichteg Opfrëschung.
Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Leit aktuell wierksam geimpft sinn, wéi vill Doudesfäll et opgrond vun enger Tetanuserkrankung ënnerhalb vun de leschten 10 Joer gouf, a wéi vill elektronesch Impfcarneten...
01 February 2024
D’Kris am Immobiliesecteur féiert dozou, datt ëmmer méi Firme Leit entloosse mussen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim Aarbechtsminister nogefrot, ob et Zuelen iwwert d’Entwécklung vum Chômage gëtt, wéi vill Salariéen op enger anerer Plaz ënnerkomm sinn, a wéi vill Leit vun de Weiderbildungsmoossname vun der Adem profitéieren.
02 January 2024
Virun iwwer 10 Joer gouf d’Adem reforméiert. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dozou beim Aarbechtsminister nogefrot, ob eng Evaluatioun vun dëser Reform duerchgefouert gouf, wéi vill Beruffsprofiller et bei der Agence ginn a wéi vill « Demandeurs d’emploi » a Weiderbildungen vun der Adem ageschriwwe sinn.
21 December 2023
Betriber an ekonomesche Schwieregkeeten hunn zu Lëtzebuerg d’Méiglechkeet ee Plan de maintien dans l’emploi mat de Sozialpartner ze verhandelen an esou Entloossungen z’evitéieren.
D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren ënnert anerem nogefrot, wéi vill Plans de maintien dans l’emploi an de leschten zéng Joer verhandelt goufen an och wéi vill Plans sociaux...
30 November 2023
Frankräich féiert weider fëmmfräi Zonen, z.B. op de Plagen, an ëffentleche Parken an a Bëscher, a fir dem Tubakskonsum entgéint ze wierken.
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob och zu Lëtzebuerg weider fëmmfräi Zonen agefouert sollte ginn.
02 October 2023
Joren nom Doud vun enger Persoun, kënnt et anscheinend nach vir, datt de Gesondheetsministère dëse Persoune Bréiwer schéckt.
Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi et dozou komme kann a wat ënnerholl ka gi fir esou Situatiounen an Zukunft ze verhënneren?
20 September 2023
Frankräich iwwerleet d'Verschreiwe vun Antibiotiquen nëmmen z'erlaben, wa virdrun een diagnostesche Schnelltest gemaach gëtt. Dëst fir mat Sécherheet festzestellen, op et sech ëm eng bakteriell oder viral Infektioun handelt.
Dëst kéint engersäits dem Mangel un Antibiotiquen entgéint wierken, an anerersäits d'Antibiotikaresistenz verréngeren.
D'DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch...
11 September 2023
Rezent huet ee Spidol an der Stad Bréiwer u Patiente verschéckt hir hinne matzedeelen, datt verschidde medezinesch Zerwisser keng nei Rendezvousen méi unhuele kënnen - ausser et handelt sech ëm eng Urgence oder een héich komplexe Fall.
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi et zu dësen Incapacitéiten konnt kommen, ob nach aner Spideeler betraff sinn a wat géint...
23 August 2023
Therapeutesch Wunnstrukturen ginn aktuell vun der konventionéierter Psychiatrie am Extrahospitalier fir Persounen ugebueden, déi ënnert psychesche Problemer leiden.
Elo zirkuléieren Gerüchter, datt de Gesondheetsministère plangt enger kommerzieller Societéit een Agrément ze ginn fir esou therapeutesch Wunnstrukturen ze geréieren.
D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch...
21 August 2023
De laangjärege Konsum vu sougenannte "Protonenpumpenhemmer" (IPP), déi géint Moproblemer agesat ginn, erhéijen enger rezenter wëssenschaftlecher Etüd no de Risiko un Demenz z'erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob hinnen dës Etüd bekannt ass, wéi eng Conclusiounen si aus hir zéien, an ob Zuelen iwwert den Asaz vun IPP zu Lëtzebuerg bekannt sinn.
01 August 2023
D'Aarbechten un der Rue Clairefontaine zu Dikrech hätte viraussiichtlech 2021 ufänke sollen. Well dat awer net geschitt ass, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot wou d'Prozedur de Moment drun ass a wéini d'Aarbechten un der Strooss ufänke kéinten.
28 July 2023
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt manner "Herzschrittmacher" am Ettelbrécker Spidol gesat ginn, zanter datt déi nei Ekipp un Häerzdokteren do schafft. Aus deem Grond huet den André Bauler d'Gesondheetsministesch gefrot, ob dat wierklech de Fall ass, wat de Grond fir dës Entwécklung ass an ob virgesinn ass nees méi "Herzschrittmacher" zu Ettelbréck ze setzen.
21 July 2023
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt een Industriebetrib zu Dikrech seng Produktioun astelle wëll. Vun den zoustännege Ministeren, wëll den Deputéierte wëssen, ob si iwwert dës Decisioun a Kenntnis gesat goufen, ob eng Demande fir eng "aide au réemploi" gestallt gouf a wat ënnerholl gëtt fir de Betrib am Land ze halen.
20 July 2023
Nodeems d'B7 tëschent Schieren an Angelduerf ausgebessert gouf, wollt den DP-Deputéierten André Bauler vum zoustännege Minister wëssen, ob net virgesinn ass och de Stroossebelag vun der Bréck vun der B7 z'erneieren?
28 June 2023
Tëscht Groussbus a Gréiwels gouf d'Strooss fir op Baaschtnech provisoresch gefléckt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob eng Erneierung vun dësem Streckenofschnëtt virgesinn ass, a wann deem sou wier, wat de Käschtepunkt vun den Aarbechte wier.
27 June 2023
An den Tunnellen vun der A7 sinn zanter e puer Méint Streckeradaren operationell. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt vum zoustännege Minister ënnert anerem wëssen, wéi vill Gefierer bis elo geblëtzt goufen a wéi eng Maximalgeschwindegkeet gemooss gouf.
20 June 2023
A Frankräich gouf de Verkaf an d'Vente vu syntheeteschem Cannabis rezent verbueden. Den DP-Deputéierten Gilles Baum huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob och Lëtzebuerg syntheeteschen Cannabis verbidde wäert, wéi d'Gefor fir déi ëffentlech Gesondheet ageschat gëtt an ob d'Bevëlkerung iwwert de syntheetesche Cannabis a seng Risiken sensibiliséiert wäert ginn.
31 May 2023
De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.
No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass...
22 May 2023
Lëtzebuerg soll een 2. PET-Scan kréien. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob et net sënnvoll wier dësen Apparat am Ettelbrécker Spidol z’installéieren.
15 May 2023
Rezent gouf d’Nomenclature fir neurochirurgesch Akten geännert, esou datt intrakranial Agrëff just nach am CHL, an net méi an den HRS, rembourséiert ginn. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu beim zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, ob dës Ännerung net zu enger Verschlechterung vun der Prise en charge vun de Patiente féiert, an ob de Minister net gewëllt wier dës Ännerung nach eng...
10 May 2023
D’Gesondheetsdirektioun an de Collège médical hu sech géint eng nei Apdikt an der Gemeng Tandel ausgeschwat. Den DP-Deputéierten André Bauler wëll an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob déi geographesch Lag vun der Gemeng Bettenduerf net méi favorabel fir d’Installatioun vun enger neier Apdikt wier.
08 May 2023
Ëmmer nees feelt et a ganz Europa u wichtege Medikamenter. Zanter der Covid-19-Kris schéngt dës ëmmer méi heefeg ze Fall ze sinn. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesuren kuerzfristeg op nationalem an europäeschem Niveau ënnerholl ginn, fir géint de Medikamentemangel virzegoen.
26 April 2023
D’Etüd zur Aarbechtszäitverkierzung bezitt sech op Resultater vun der Etüd iwwert den Plan d’Organisation du Travail – kuerz POT – deen am Dezember 2016 per Gesetz agefouert gouf.
D’Resultater vun der POT-Etüd goufe bis haut awer net verëffentlecht. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst beim Aarbechtsminister, deen dës Etüd an Optrag ginn huet, nogefrot, wéini d’Resultater presentéiert g...
07 April 2023
De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt eng Aarbechtsgrupp d’Reform vum Ofdreiwungsrecht soll diskutéieren. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéini dëse Grupp seng Aarbechten ophëlt, wéi eng Akteuren un den Aarbechten deelhuele wäerten an ob nach an dëser Legislaturperiod mat enger Reform gerechent ka ginn?
03 April 2023
Deelzäitaarbecht gëtt ëmmer méi oft gefrot. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim Aarbechtsminister a beim Minister fir den ëffentlechen Déngscht nogefrot, wéi vill Kontrakter fir Deelzäitaarbecht an de leschten 10 Joer ënnerschriwwe goufen.
Zousätzlech wollt d’Deputéiert vum Aarbechtsminister wëssen, ob d’Reegel vun der 40-Stonne-Limitt fir Deelzäit net gelackert sollt ginn, fir eng gréisser...
30 March 2023
Ëmmer nees kënnt et vir, datt verschidde Medikamenter net méi ze kréie sinn. Zu enger Verbesserung vun der Situatioun kéint de verstäerkte Gebrauch vu Generika bäidroen. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, wéi vill Generika hei am Land genotzt ginn a wat ënnerholl kéint ginn fir hire Gebrauch ze fërderen.
24 February 2023
De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch...
20 February 2023
D’ITM krut an de leschte Joren nei Inspektere bäi, déi op de Chantieren an Aarbechtplazen Kontrollen duerchféieren. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu beim Aarbechtsminister ënnert anerem nogefrot, wéi oft géint d’Aarbechtsrecht verstouss gouf, wéi eng Secteuren betraff waren a wéi eng Sanktioune verhaange goufen.
14 February 2023
Nach dëst Joer soll een Avant-Projet vum Projet « Schlasskéier » zu Wooltz presentéiert ginn. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollten an deem Kader vun den zoustännege Ministere wëssen, ob et eng Ausschreiwung fir de Projet gouf, wéi eng Entreprise zeréckbehale gouf a wéi héich d’Käschte viraussiichtlech ausfale wäerten.
26 January 2023
Eng Enquête vum Konkurrenzrot am pharmazeutesche Secteur, weist dorobber hin, datt Lëtzebuerg am OECD-Verglach eng niddreg Zuel un Apdikten huet. De Rot proposéiert dowéinst d’Schafen vun neien Apdikten, fir déi geographesch Lacunnen auszebesseren. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob schonn Iwwerleeungen amgaange sinn fir nei Apdikten am Norde vum Land ze...
24 January 2023
D’Medikament Ozempic gëtt bei der Behandlung vun Diabetes Type 2 agesat. Et hëlleft awer och beim Ofhuelen a gëtt ëmmer méi heefeg och dofir kaf. Well a sou munche Länner scho vun engem Enkpass bei dësem Diabetikermedikament geschwat gëtt, hunn d’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum bei den zoustännege Ministeren nogefrot, woufir d’Medikament hei am Land haaptsächlech genotzt gëtt, ob et och hei...
20 January 2023
Ëmmer méi Leit ginn ëmmer méi al. Domadder klëmmt och de Risiko un Demenz z’erkranken. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéivill Persounen bis elo um „Programme Démence Prévention“ deelgeholl hunn, an ob et sënnvoll wier hei am Land eng Gedächtnisambulanz opzeriichten.
09 January 2023
D’Symptomer vun engem Häerzinfarkt kënne bei Fraen a Männer variéieren. Well déi weiblech Symptomer oft manner bekannt sinn, kann d’Diagnos bei Fraen méi laang daueren an esou d’Liewensgefor erhéijen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministerinnen nogefrot, ob d’Bevëlkerung iwwert dëse Sujet net nach méi sollt sensibiliséiert ginn, an ob d’Éischt-Hëllef-Kueren op...
21 December 2022
Am Mee 2022 hat de Gesondheetsministère annoncéiert, datt just nach wéchentlech Bilanen zur Covidsituatioun zu Lëtzebuerg géife publizéiert ginn. Bis haut kann een awer deeglech aktualiséiert Zuelen um Site www.covid19.public.lu fannen, déi och all Dag vun der Press opgegraff ginn. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat, no der Decisioun am Mee, nach ëmmer...
14 December 2022
No bei der Clinique Saint Joseph zu Wolz gëtt de Projet „Schlasskéier“ realiséiert. D’DP-Deputéiert, André Bauler a Carole Hartmann, hu bei den zoustännege Ministeren ënnert anerem nogefrot, ob eng Maison médicale Deel vun dësem Projet wäert sinn, wéi vill Leit do spéider schaffe wäerten a wéi d’Kollaboratioun mat der Klinick wäert ausgesinn.
15 November 2022
Am Juli 2021 huet eng Entreprise hir medezinesch Otemgeräter weltwäit zeréckgeruff. Dëse Rappel gouf zu Lëtzebuerg awer eréischt Enn Oktober bekannt. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wien an esou enger Situatioun responsabel fir d’Kommunikatioun mat de betraffene Leit ass, firwat d’Informatioun net mat Zäite bekannt ginn ass, an ob d’Prozeduren ënner Ëmstänn...
10 November 2022
Déi héich Zuelen vu Bronchiolitt féieren zu enger Iwwerlaaschtung an de Pediatrien. A Frankräich ass op nationalem Niveau de „wäisse Plang“ ausgeruff ginn, ee sanitären Noutfall- a Kriseplang, dee bei enger Epidemie de Fonctionnement vun de Spideeler verbessere soll.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob och hei am Land zousätzlech Mesüre geholl...
03 November 2022
Mëtt Mee dëst Joer war bekannt ginn, datt de Standuert Woltz vum Centre hospitalier du Nord een IRM soll kréien. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann, wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wou dësen Dossier drun ass a wéi vill Patienten am Dag mat dësem IRM ënnersicht kéinte ginn.
03 November 2022
No laange Joren gouf en Accord fonnt fir d’Garden an d’Astreinten vun Dokteren ze bezuelen. Mee den DP-Deputéieren Gilles Baum a Gusty Graas ass zu Ouere komm, datt d’Urgentisten net Deel vun dësem Accord sinn. Si hunn d’Gesondheetsministesch gefrot, ob dat tatsächlech esou ass, a wa jo, firwat d’Urgentisten ausgeschloss goufen an ob dës Decisioun nach eng Kéier iwwerduecht wäert ginn?
27 October 2022
D’Memberen vun der AMMD hunn de Conseil de gérance vun der Agence eSanté verlooss. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi hir Reaktioun op dës Demissioun ass, wéi eng Auswierkungen dëst op de Fonctionnement vum Conseil de gérance wäert hunn an op den Dialog mat der AMMD gesicht wäert ginn.
30 September 2022
Sechs Kardiologen aus dem Nordspidol wëllen demissionéieren. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi een Impakt dës Demissiounen op d'Gesondheetsversuergung vun de Patiente wäert hunn an ob déi onbezuelte Garden eng Roll bei der Entscheedung vun den Doktere gespillt kéint hunn.
30 August 2022
Bei Persounen iwwer 50 besteet de gréisste Risiko un enger Gürtelrous z'erkranken. Vaccinen kënne bei der Behandlung a bei der Preventioun hëllefen.
D'DP-Deputéiert Gilles Baum, Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, op de Vaccin Shingrix, dee géint Gürtelrous agesat gëtt, an den nationalen Impfplang kann opgeholl ginn.
30 August 2022
Och Männer kënnen u Broschtkriibs erkranken. D'DP-Deputéiert Gilles Baum, Carole Hartmann a Gusty Graas wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi vill Männer zu Lëtzebuerg betraff sinn an ob Mammographien bei Männer duerchgefouert ginn.
30 August 2022
Fir d'Staatskonzessioun fir eng Apdikt ze kréien, musse bei der Kandidatur gewësse Krittären erfëllt sinn. D'Deputéiert vun der Demokratescher Partei, Gilles Baum, Carole Hartmann a Gusty Graas, hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi vill Kandidaturen refuséiert goufen a wéi oft géint ee Refus erfollegräich geklot gouf.
17 August 2022
Een Impfbus, deen zu Ettelbréck ënnerwee war, huet spontan missen een Impfbus am Zentrum ersetzen. Dëst obwuel zu Ettelbréck Bierger fir hir Impfung an der Schlaang stoungen.
Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi den Impfbusdéngscht am Land organiséiert ass, firwat den Impfbus vun Ettelbréck huet missen am Zentrum asprangen, an ob et zoutrëfft, datt an Zukunft...
04 August 2022
Den DP-Deputéierten Gusty Graas, Carole Hartmann a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt am Ministère fir Sozialversécherung d’Prozedur fir d’Präisfixéierung vun neie Medikamenter geännert huet. Doduerch kann et zu Retarde kommen, bis een neit Medikament fir d’Patienten erhältlech gëtt.
Firwat gouf d’Prozedur geännert a wéi oft gouf den Delai vun 90 Deeg fir eng Präisfixéierung iwwerschratt?
06 July 2022
Mat den ëmmer méi héije Präisser klëmmt de Risk vun der Schwaarzaarbecht, wat onweigerlech Konsequenzen op d’Steierrecetten hätt. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollte vun den zoustännege Ministere ënnert Anerem wëssen, ob de Statec Aschätzungen iwwert d’Evolutioun vun der Schwaarzaarbecht an dem Verloscht vu Steierrecetten huet, a wéi vill Kontrollen d’ITM an de leschte Joren duerchgefouert...
29 June 2022
Zu Lëtzebuerg hunn d’Salariéen ee Recht op eng ganz Panoplie u Congéen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Max Hahn wollte vum Aarbechtsminister wëssen, fir wéi vill Deeg dës verschidde Congéen am Duerchschnëtt an de leschte fënnef Joer gefrot goufen an ob Fraen a Männer d’Congéen ënnerschiddlech ufroen.
22 June 2022
Am Oktober 2021 gouf vum deemolege Minister fir Sozialversécherung ee « Remboursement accéléré » fir medezinesch Rechnungen ugekënnegt.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet nogefrot, wéi vill Dokteren dëse méi séieren Remboursement ubidden, wéi laang d’Delaien fir dës Remboursementer sinn a wat ënnerholl gëtt, fir datt nach méi Dokteren de « Remboursement accéléré » ëmsetzen.
08 June 2022
Am Hierscht a Wanter musse mir eis warscheinlech nees op eng méi schwéier Grippewell gefaasst maachen. D'Virbestellungen fir de Grippeimpfstoff hunn a verschidde Länner dann och missen bis Enn Mäerz agereecht ginn. Den DP-Deputéierten Gusty Graas wollt vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi vill Grippeimpfstoff Lëtzebuerg bestallt huet an ob et duergoe wäert fir alle vulnerabele Leit an dem Gesondheetspersonal...
02 June 2022
Zanter 2018 ass den Asaz vu medezineschem Cannabis zu Lëtzebuerg erlaabt an hëlleft ënnert anerem Patienten mat chronescher Péng. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Carole Hartmann hunn déi zoustänneg Ministere gefrot, ob medezinesche Cannabis och bei der Behandlung vu weidere Krankheeten agesat sollt ginn, an ob an Zukunft och an Apdikten ausserhalb vum Spidol medezinesche Cannabis verkaaft kéint ginn.
01 June 2022
A Frankräich ginn d’« Puffs », elektronesch Zigaretten fir ewechzegeheien, bei Jonken ëmmer méi beléift. De franséische Gesondheetsministère ass beonrouegt, well esou eng nei Generatioun vu Fëmmerten entstoe kéint. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’« Puffs » och zu Lëtzebuerg ee Problem sinn an ob et sënnvoll wier d’Bevëlkerung iwwer...
19 May 2022
De ChdN assuréiert op sengen zwee Sitte Wolz an Ettelbréck d’Gesondheetsversuergung fir de Norden an deelweis fir den Oste vum Land. Wat wäert an Zukunft ënnerholl ginn, fir datt déi zwee Sitten och an Zukunft attraktiv bleiwen? D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, ob eng Kollaboratioun mat der Universitéit Lëtzebuerg geplangt ass,...
11 May 2022
Den Interêt un der Schéinheetsmedezin gëtt ëmmer méi grouss. Leider kënnt et awer och ëmmer nees vir, datt Agrëff vu Persounen ouni adequat Ausbildung virgeholl ginn. D’Konsequenz sinn reell Geforen fir d’Patienten. Den DP-Deputéierten Gusty Graas wollt vun den zoustännege Ministeren wëssen, ob et Zuelen zu de Schéinheetsagrëff zu Lëtzebuerg ginn a wéi oft Patienten wéinst onerwënschte Niewewierkungen...
06 May 2022
D’Zeckesaison fänkt nees un an nei Zeckenaarten fannen hire Wee op Lëtzebuerg. Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Krankheeten bis haut no Zeckebëss zu Lëtzebuerg nogewise goufen an ob net nees op méi visibel Manéier zum Sujet sensibiliséiert sollt ginn.
05 May 2022
Den CSSST, deen der Direction de la Santé ënnersteet, ass zanter 2018 net méi zesummekomm. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat keng Reunioune méi stattfonnt hunn, an ob d’Ministesch an nächster Zäit eng Reunioun aberuffe wäert?
26 April 2022
Et schéngt de Fall ze sinn, datt d’Apdikt vu Veianen an d’Gemeng Tandel verluecht wäert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob et eng konkret Demande fir dësen Transfert gëtt an ob et zu dësem Sujet schonn Entretienen mat de kompetenten Gemengenautoritéiten gouf.
20 April 2022
Zu Lëtzebuerg feelt et un Dokteren. Dat provozéiert laang Waardezäiten a wäit Deplacementer fir d’Patienten. Den André Bauler an de Gilles Baum, Deputéiert vun der DP, hunn d’Gesondheetsministesch gefrot, ob gewosst ass, wéi vill Dokteren aus all Fachrichtung zu Lëtzebuerg schaffen, a wéi vill Dokteren an de leschte fënnef bäikomm oder an d’Pensioun gaange sinn.
07 April 2022
No der Fermeture vun der Maternité um Site Ettelbréck vum Centre Hospitalier du Nord, wäert d’DP-Deputéiert Carole Hartmann eng erweiderdert parlamentarescher Fro an der Chamber un d’Gesondheetsministesch riichten. Wéi steet d’Ministesch zu der Fërderung vun Hausgebuerten, der Installatioun vun engem Gebuertshaus, wéi se an Däitschland scho laang üblech sinn, oder och d’Schafen vun enger Hiewanenambulanz....
04 April 2022
Den DP-Deputéierten Max Hahn a Gusty Graas ass zu Ouere komm, datt d’Spidol um Kierchbierg, wärend der „klenger Garde“, deelweis Patiente refuséiert, déi mat der Ambulanz an d’Urgence bruecht goufen. An enger parlamentarescher Fro wollte si dowéinst vun den zoustännege Ministere wëssen, ob dat stëmmt a wa jo, wat ënnerholl gëtt fir esou Fäll ze verhënneren.
01 April 2022
Den DP-Deputéierten André Bauler a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt um Ettelbrécker Site vum Centre hospitalier du Nord an den nächsten Deeg kee Pediater méi zur Verfügung steet an d’Maternité dowéinst riskéiert missen zouzemaachen. Aus dësem Grond hu si bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dat stëmmt a wat an deem Fall d’Ursaache fir dësen Ëmstand sinn.
30 March 2022
Schonn haut schaffen net méi genuch Pediateren hei am Land. Zesumme mam Wuesstem vun eiser Bevëlkerung, wäerten sech och d’Waardezäiten nach weider verlängeren.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéi vill Pediateren aktuell zu Lëtzebuerg schaffen, wéi vill Lëtzebuerger Pediatrie studéieren a wéi vill Pediateren bis 2025 gebraucht wäerte ginn.
28 March 2022
Bis haut gëtt et fir d‘Radiologie am Extrahospitalier keng Tariffer an der Nomenclature. Dat bedeit, datt z.B. een IRM just komplett vun der Krankekeess iwwerholl gëtt, wann en am Spidol gemaach gëtt.
D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gilles Baum hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéini de Sujet an der Nomenclatureskommissioun nees thematiséiert gëtt an ob si net der Meenung sinn, datt eng...
16 March 2022
A Frankräich gouf dëse Mount eng national Strategie fir d’Bekämpfung vun der Endometriose annoncéiert. Eng Krankheet, déi weltwäit 180 Millioune Frae betrëfft.
D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Carole Hartmann wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, wéi vill Fraen hei am Land un dëser Krankheet leiden a wat géint d’Endometriose ënnerholl gëtt.
10 March 2022
Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, datt d’Klinick zu Wolz an eng Dagesklinick ëmgewandelt soll ginn. An enger parlamentarescher Fro, wollt den Norddeputéierten dowéinst vun der Gesondheetsministesch wëssen, wéi d’Konzept vun dëser Dagesklinick soll ausgesinn, wat dat fir den Urgencendéngscht vun der Weelzer Klinick bedeit an ob dat een Impakt op den Ettelbrécker Site vum Centre Hospitalier...
21 February 2022
Nuets a weekends musse Leit am héije Norden vum Land sech fir bei den nächsten Dokter oft wäit deplacéieren, wa si krank sinn.
D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob et net opportun wier eng wieder Maison médicale an der Nordspëtzt vum Land z’installéieren, a wat ënnerholl ka ginn fir d’Situatioun kuerzfristeg ze verbesseren?
31 January 2022
Am Koalitiounsaccord gouf festgehalen, datt een Entschiedegungsfong fir „aléa thérapeutique“ agefouert soll ginn. Wann Accidenter bei Behandlungen geschéien, mee kee Feeler beim Gesondheetsdéngschtleeschter virläit, soll dëse Fong d’Patienten entschiedegen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou d’Aarbechten dru sinn an ob dëse Fong nach an dëser...
31 January 2022
De Service audiophonologique offréiert eng Fréierkennung vu Sproochendefiziter bei Kanner am Alter vun 30 Méint. D’DP-Deputéiert Max Hahn, Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn der Gesondheetsministesch Froen zu der Bedeelegung gestallt, wéi och zu den aktuelle Problemer ee Rendez-vous ze kréien.
25 January 2022
D’Patiente Vertriedung asbl. (PV) gëtt vum Staat subventionéiert an ass an diversen nationalen Organismen vertrueden. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, opgrond vu wéi enge Krittären d’Representativitéit vun der PV unerkannt gëtt a wéi héich hir Subventiounen an de leschte Jore waren.
25 January 2022
Zanter der Pandemie schéngen an Däitschland d’Fäll vun Diabetes Typ 2 bei Kanner a Jugendlechen an d’Luucht ze goen. D’DP-Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob och zu Lëtzebuerg eng Hausse ze verzeechnen ass a wéi oft eng Behandlung bei enger Dieteticienne rembourséiert gouf.
24 January 2022
Wann d’Kand krank, mee de Kannerdokter grad net disponibel ass, da kënnen d’Elteren mat hirem Kand an d’Kannerklinik, an d’Clinique Bohler oder an d’ambulant Pediatrie vum Nordspidol fueren. Nieft laange Waardezäiten, musse virun allem Elteren aus dem Norden an Oste vum Land dofir oft laang Trajeten op sech huelen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann wollten dowéinst vun der Gesondheetsministesch...
12 January 2022
Mam Gesetz vum 31. Juli 2020 goufen d’Indemnitéiten fir Dokteren ugepasst, déi amgaang sinn hir Spezialisatioun ze maachen. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler wollte vun der Gesondheetsministesch ënnert Anerem wëssen, ob Dokteren, déi sech an der Spezialisatioun befannen schon dës adaptéiert Indemnitéit kréien, a wann net, ob ee retroaktiven Remboursement vun der Differenz virgesinn ass....
05 January 2022
Trotz Invitatioun fir d'Boosterimpfung, krute verschidde schwanger Fraen am Impfzentrum d'Impfung refuséiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, firwat dat esou ass a wat ënnerholl gëtt fir dëse Fraen den Zougang zu hirer Boosterimpfung z'erméiglechen.
08 December 2021
Duerch d’Pandemie riskéiere mir Gesondheetspersonal ze verléieren, well si de Beruff opginn oder d’Fréipensioun froen. D’DP-Deputéiert Gusty Graas a Gilles Baum wollte vun den zoustännege Ministere wëssen, ob et Zuele fir Lëtzebuerg ginn a wat ënnerholl ka ginn fir ee Verloscht vu Gesondheetspersonal z’evitéieren.
02 December 2021
Den DP-Deputéierten Gusty Graas huet sech bei der Gesondheetsministesch ë. A. renseignéiert, firwat een bei der Helpline net iwwert seng Positioun an der Waardeschläif informéiert gëtt.
08 November 2021
D'Infektiounszuele klamme nees an et ginn och nees méi Leit mat Covid-19 hospitaliséiert.
D'DP-Deputéiert Gilles Baum an André Bauler wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob scho medezinesch Behandlungen hu missen verréckelt oder ofgesot ginn a wéi eng Spideeler am meeschte betraff sinn.
30 September 2021
Verschidde Länner limitéieren d'Gültegkeet vun der Covid-19-Impfung fir d'Arees. Fir Persounen, déi Ufank des Joers geimpft goufen, leeft d'Gültegkeet vun der Impfung deemno geschwënn aus. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob och Lëtzebuerg esou eng Limitt virgesäit a wat op EU-Niveau kann ënnerholl ginn.