{"id":478,"date":"2023-05-06T15:39:45","date_gmt":"2023-05-06T15:39:45","guid":{"rendered":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/?p=478"},"modified":"2023-05-10T17:02:13","modified_gmt":"2023-05-10T17:02:13","slug":"lu-eise-bilan-2017-2023","status":"publish","type":"post","link":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/lu-eise-bilan-2017-2023\/","title":{"rendered":"[LU] Eise Bilan 2017-2023"},"content":{"rendered":"\n<p><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/lu-eise-bilan-2017-2023\/\" data-type=\"post\" data-id=\"478\">[LU]<\/a><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/de-unser-ruckblick-2017-2023\/\" data-type=\"post\" data-id=\"487\">[DE]<\/a><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/fr-notre-bilan-2017-2023\/\" data-type=\"post\" data-id=\"489\">[FR]<\/a><a href=\"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/en-our-report-2017-2023\/\" data-type=\"post\" data-id=\"491\">[EN]<\/a><\/p>\n\n\n\n<p>L\u00e9if Matbiergerinnen a l\u00e9if Matbierger,<\/p>\n\n\n\n<p>Mat d\u00ebser Publikatioun w\u00eblle mer Iech de Bilan aus eiser Siicht zu deene wichtegste Sujeten aus der elo zu Enn goender Legislaturperiod duerlee\u00ebn.<\/p>\n\n\n\n<p>Eis Vertrieder am Conter Gemengerot an an de verschiddene Kommissiounen hu wuel eng Rei Projete vun der Majorit\u00e9it matgedroen, d\u00e9i n\u00e9ideg waren a si fir eis Gemeng op allen Niveaue fit fir d\u2019Zukunft ze maachen. Hei k\u00ebnne mer d\u2019Investissementer an eis Infrastrukture w\u00e9i d\u2019Dr\u00e9nkwaasser an d\u2019Ofwaasser nennen oder och de soziale Wunnengsbau.<\/p>\n\n\n\n<p>Ganz vill Projete konnten ons Zoust\u00ebmmung allerd\u00e9ngs net kr\u00e9ien, well se aus eiser Siicht net ganz duerchduecht waren, Alternative net analys\u00e9iert goufen oder ze deier sinn.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">1. ENG GEMENG MAT VILLEN DIERFER<\/h2>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-group is-layout-constrained wp-block-group-is-layout-constrained\">\n<p>D\u00e9i allermeeschte grouss Projeten an d\u00ebser zu Enn goender Legislaturperiod hu sech op d\u2019Duerf Conter konzentr\u00e9iert. Zur Gemeng geh\u00e9ieren awer och Mutfert-M\u00e9ideng, \u00c9iter an eng Rei H\u00e4ff ronder\u00ebm. Mir fannen, datt am Cader vun enger \u00e9quilibr\u00e9ierter Duerf- an Gemengenentw\u00e9cklung iwerall h\u00e4tte Projete missen \u00ebmgesat ginn, duerch d\u00e9i sech d\u2019Liewensqualit\u00e9it vun all eise Matbierger verbessert h\u00e4tt.<\/p>\n<\/div>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">2. TRANSPARENZ<\/h2>\n\n\n\n<p>Mir sinn der Meenung datt, obscho vill Reunioune waren, et un der n\u00e9ideger Transparenz s\u00e4itens vum Sch\u00e4fferot feelt. Vill Informatioune kommen n\u00ebmmen dr\u00ebpsechersweis ouni awer ee Gesamtkonzept ze present\u00e9ieren, w\u00e9i zum Beispill bei der Duerfentw\u00e9cklung oder dem Personal. Bei der Presentatioun vum leschte Plan Pluriannuel de Financement z.B. goufe just d\u2019Eckdate present\u00e9iert ouni awer, och op Nofro hin, an den Detail anzegoen.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">3. CONTER STUFF<\/h2>\n\n\n\n<p>Mir stinn hannert dem Projet Conter Stuff. Nieft dem Gebai ass d\u2019Gemeng och elo Propri\u00e9t\u00e4r vum Terrain hannendrun deen u weidere Gemengenterrain st\u00e9isst. Doduerch ass et an Zukunft m\u00e9iglech eng adequat Entw\u00e9cklung vum Duerfk\u00e4r ze plangen an \u00ebmzesetzen. Och d\u2019Schafe vun enger st\u00e4nneger Plaz fir d\u2019BD an hirer grousser Kollektioun u Bicher \u00ebnnerst\u00ebtze mir, grad w\u00e9i eng nei Wiertschaft mat engem Restaurant op d\u00e4r Plaz.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">4. \u00cbFFENTLECH TOILETTE ZU CONTER<\/h2>\n\n\n\n<p>Mir sinn erfreet, datt op eis Initiative hin endlech eng \u00ebffentlech Toilette op Conter nieft d\u2019Kierch koum.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">5. CHANTIERSKOORDINATIOUN<\/h2>\n\n\n\n<p>Mir sinn net d\u2019Accord mat der Chantiersplanung a -koordinatioun, besonnesch wat de grousse Chantier zu Conter ugeet. Eiser Meenung no h\u00e4tt do besser geplangt k\u00ebnne ginn. Secherlech goufen et verst\u00e4ndlech Schwieregkeeten an der Exekutioun vum Chantier an der leschter Z\u00e4it. D\u2018Gestioun vum Chantier am Duerfzentrum vu Conter ass nawell inakzeptabel.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">6. NEIT GEMENGEGEBAI<\/h2>\n\n\n\n<p>Den aktuelle Sch\u00e4fferot plangt ee ganzt neit Gemengegebai um Site vun der aler Schoul zu Conter. S\u00e9cher besteet de Besoin weider nei Raimlechkeeten ze schafen a mir stinn och fir modern an ugepasste B\u00fcroe fir eist Personal a Raim fir Reuniounen. Mir stellen eis allerd\u00e9ngs d\u2019Fro, ob direkt d\u00e9i ganz Administratioun een neit Gebai muss kr\u00e9ien, well dat alt er\u00e9ischt e puer Joer um Bockel huet. Eis Propositioun och alternativ M\u00e9iglechkeeten a punkto Faisabilit\u00e9it a virun allem K\u00e4schtepunkt z\u2019analys\u00e9iere gouf knapp zur Kenntnis geholl. D\u00e9i selwecht Fuerderung vun der Finanzkommissioun gouf och ignor\u00e9iert. Firwat strieft de Sch\u00e4fferot sech, pr\u00e9iwen ze loossen, ob et z.B. m\u00e9iglech ass, dat aktuellt Gebai ze vergr\u00e9isseren oder et nach aner Alternative ginn? Entretemps gouf awer een Architekteconcours fir de Site vun der aler Schoul ausgeschriwwen.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">7. RESTAURANT AN HENKES<\/h2>\n\n\n\n<p>Mir hunn och net fir ee Restaurant an Henkes gest\u00ebmmt a fannen d\u2019Gebai soll esou s\u00e9ier w\u00e9i m\u00e9iglech er\u00ebm senger eigentlecher Funktioun als Festsall fir eis Ver\u00e4iner a Bierger zougefouert ginn. D\u2019Ver\u00e4iner an d\u2019Bierger si virun ee Fait accompli gesat ginn. T\u00ebscht der Presentatioun vun der Iddi an der \u00cbmsetzung louche just dr\u00e4i Wochen. De Kontrakt gouf op 2 Joer an 11 M\u00e9int limit\u00e9iert, fir esou eng Soumsssioun z\u2019\u00ebmgoen. D\u2019Miwwele goufe schonns geliwwert, ier de Gemengerot s\u00e4in Accord ginn hat. Besonnesch schl\u00ebmm fanne mer awer, dass bei der Aweiung vun Henkes zwee M\u00e9int virdrun nach gesot gouf, datt d\u2019Ver\u00e4iner an d\u2019Leit elo nees d\u2019S\u00e4ll loune k\u00ebnnen. Dat war net \u00e9ierlech. S\u00e4it d\u00ebser Entscheedung stinn de Conter Bierger an de Conter Ver\u00e4iner keng Raimlechkeeten m\u00e9i fir Aktivit\u00e9iten am Duerf zur Verf\u00fcgung.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">8. CONTER SCHLASS<\/h2>\n\n\n\n<p>2018 huet de Sch\u00e4fferot zimmlech st\u00ebnterlech matzen am Duerfk\u00e4r Deeler vum Conter Schlass, d\u00e9i der Gemeng geh\u00e9ieren, ofrappe gelooss. D\u2019Geschicht vun d\u00ebse Gebailechkeete kann ouni Problem bis Uganks 16. Joerhonnert retrac\u00e9iert ginn. Och wann et net m\u00e9i am beschten Zoustand war h\u00e4tt op d\u2019mannst en \u00c9tat des Lieux mat Sites et Monuments gemaach misse ginn a gekuckt ginn, w\u00e9i een d\u2019Gebai h\u00e4tt eventuell revaloris\u00e9iere k\u00ebnnen. Haut huet den Entrepreneur s\u00e4i Material fir de Chantier do leien.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">9. POMPJEESBAU<\/h2>\n\n\n\n<p>Op eis Fuerderung no engem neie Pompjeesbau krute mer bis elo keng \u00c4ntwert, d\u00e9i eis zefridde stellt. Mir fannen et wichteg, dass de CGDIS modern an adapt\u00e9iert Strukture kritt an net m\u00e9i seng Gefierer a s\u00e4i Material op dr\u00e4i verschiddene Plaze muss stock\u00e9ieren. Am Budget f\u00ebnnt ee mol net ee Poste fir eng \u00c9tude ze maachen.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">10. PARKING R\u00c9SIDENTIEL<\/h2>\n\n\n\n<p>Prinzipiell \u00ebnnerst\u00ebtze mir d\u2019Demarche fir d\u2019Parkings- situatioun an eiser Gemeng an de Gr\u00ebff ze kr\u00e9ien, besonnesch d\u2019Situatioun \u00ebm d\u2019Berufspendler, d\u00e9i hiren Auto an der Gemeng station\u00e9iert hunn an da mam Bus an d\u2019Stad gefuer sinn. W\u00e9i awer de Parking<\/p>\n\n\n\n<p>r\u00e9sidentiel agefouert gouf hat d\u2019DP, grad esou w\u00e9i d\u2019Mobilit\u00e9itskommissioun, eng Rei Bedenken um initiale Konzept a Verbesserunge goufe virgeschloen, d\u00e9i awer net ber\u00e9cksiichtegt goufen. De System war vu vir eran ze kompliz\u00e9iert an \u00ebmts\u00e4ndlech. Leider huet et laang gedauert, bis de Sch\u00e4fferot dat agesinn huet. Och versti mer net firwat dee grousse Parking an der Industriezone t\u00ebscht der Tankstell an dem Supermarch\u00e9, den der Gemeng geh\u00e9iert zanter Joeren net fir de Public opgemaach g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">11. REFORM CONTIBUS AN NIGHT-RIDER<\/h2>\n\n\n\n<p>D\u2019DP war d\u00e9i eenzeg Partei, d\u00e9i sech d\u2019M\u00e9i gemaach huet, an een Avis zu d\u00ebse wichtege Sujet fir eis Bierger verfasst huet. Emsou si mer erfreet, datt enger Rei vun eise Bedenken zum Contibus Rechnung gedroe gouf<\/p>\n\n\n\n<p>an esou eng bedeitend Verschlechterung vum Service konnt verh\u00ebnnert ginn, w\u00e9i z.B. eng Reduz\u00e9ierung vun den Z\u00e4iten, eng gr\u00e9isser Reduktioun vum Mindestalter fir k\u00ebnne matzefueren oder d\u2019Oplo een Certificat m\u00e9dical present\u00e9ieren ze mussen, wann ee reegelm\u00e9isseg Faarte w\u00ebll. Mir hunn och d\u2019Af\u00e9ierung vun enger Night-Rider Kaart fir eis Matbierger \u00ebnnerst\u00ebtzt. Am Kader vun d\u00ebsen Diskussiounen hu mir eis Fuerderung op en neits formul\u00e9iert, dass de Kr\u00e9intgeshaff och un den RGTR-R\u00e9seau misst ugeschloss ginn. D\u00ebst ass einfach ze realis\u00e9ieren, andeems een d\u2019Linn 324, d\u00e9i op d\u2019Sandweiler-Conter Gare a bei d\u2019Luxexpo fiert, \u00ebm een Arr\u00eat verl\u00e4ngert.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">12. VERK\u00c9IERSBEROUEGUNGSMOOSSNAMEN AN DER L\u00cbTZEBUERGER STROOSS ZU CONTER<\/h2>\n\n\n\n<p>Prinzipiell si mir fir Moossnamen d\u00e9i de Verk\u00e9ier op eise Stroossen berouegen, m\u00e4 mir versti bis haut net firwat an enger \u00e9ischter Phase de Choix op d\u00e4ischter Blummebacke gefall ass, d\u00e9i ee ganz schlecht gesinn huet an zu enger Rei Accidenter gefouert hunn. Nach manner versti mer firwat no den \u00e9ischten Accidenter d\u00ebs Backen net direkt ewech geholl goufen. Souwuel d\u2019DP, w\u00e9i och d\u2019Mobilit\u00e9itskommissioun hunn d\u00ebst gefuerdert. Doduerch h\u00e4tte weider schw\u00e9ier Accidenter verh\u00ebnnert kenne ginn.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">13. ZENTRALSCHOUL<\/h2>\n\n\n\n<p>D\u2019DP stoung nach \u00ebmmer hannert dem Konzept vun enger Zentralschoul fir d\u2019Conter Gemeng. Waren et dach och hirer Memberen, d\u00e9i virun iwwer 20 Joer d\u00e9i n\u00e9ideg Schr\u00ebtt \u00ebnnerholl hunn, fir ee Site ze fannen an de Projet \u00ebmzesetzen. Eiser Meenung no ass d\u2019Gr\u00e9isst vun der Schoul an der Maison-Relais an doduerch der Zuel vun de Kanner um Site um Ewent elo un enger ieweschter Grenz ukomm. Mir h\u00e4tten et begr\u00e9isst, wa beim Plange vun der neier Vergr\u00e9isserung och no alternative Site gekuckt an analys\u00e9iert gi wier. Verschidde m\u00e9i kleng Site wiere m\u00e9i iwwersichtlech a pedagogesch m\u00e9i w\u00e4ertvoll. Ee m\u00e9i famili\u00e4ert \u00cbmfeld k\u00e9int geschaaf ginn an och de Sch\u00fclertransport k\u00e9int reduz\u00e9iert ginn.<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>L\u00e9if Matbiergerinnen a l\u00e9if Matbierger,<\/p>\n<p>Mat d\u00ebser Publikatioun w\u00eblle mer Iech de Bilan aus eiser Siicht zu deene wichtegste Sujeten aus der elo zu Enn goender Legislaturperiod duerlee\u00ebn.<\/p>\n","protected":false},"author":569,"featured_media":509,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","sticky":false,"template":"","format":"standard","meta":{"footnotes":""},"categories":[1],"tags":[],"class_list":["post-478","post","type-post","status-publish","format-standard","has-post-thumbnail","hentry","category-uncategorized-lb-lu","wpbf-post"],"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/478","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/posts"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/types\/post"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/users\/569"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=478"}],"version-history":[{"count":9,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/478\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":505,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/posts\/478\/revisions\/505"}],"wp:featuredmedia":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/media\/509"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=478"}],"wp:term":[{"taxonomy":"category","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/categories?post=478"},{"taxonomy":"post_tag","embeddable":true,"href":"https:\/\/www.dp.lu\/contern\/wp-json\/wp\/v2\/tags?post=478"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}