Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Kënnen sech d'Traineren op de Covid-19 teste loossen?

Fir déi beschtméiglech Betreiung z'assuréieren ass a ville Sportaarten den direkte Kontakt mam Sportler néideg. D'DP Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann froen dofir no, ob d'Traineren sech net sollte kënnen op de COVID-19 teste loossen. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Wéi steet et ëm d'Bluttreserven zu Lëtzebuerg?

D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéieen Afloss d'Covid-19-Pandemie op d'Bluttspenden am Land hat a wéi een d'Bluttreserven besser am Bléck behale kéint.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Max Hahn Carole Hartmann

D'Virdeeler vun der 5G-Technologie fir d'Telemedizin

Den Ausbau vun der 5G-Technologie kéint ee grousst Potential fir d'Telemedizin zu Lëtzebuerg hunn. D'DP-Deputéiert, Max Hahn a Carole Hartmann, hu bei den zoustännege Ministeschen nogefrot, wéi hir Meenung zu dësem Sujet ass.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum Carole Hartmann

Siwen Teststatiounen goufen zougemaach

Zënter dem 28. Juli, kënnen d'Leit sech nach a néng Teststatiounen op de neie Coronavirus teste loossen. Am Osten vum Land wäert keng Statioun méi op hunn. D'DP-Deputéiert, Gilles Baum a Carole Hartmann, haten an dësem Kontext e puer Froen un d'Gesondheetsministesch. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Wat sinn d'Resultater vun der Campagne "Sport-Santé 2018"?

Am Juni 2018, gouf eng Campagne lancéiert, déi de Gesondheetssport fërdere sollt. D'DP-Deputéiert, Claude Lamberty a Carole Hartmann, hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wéieng Conclusiounen dorauser gezu goufen.

Parlamentarische Fragen Familie Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Kéint de System "I-Care" och a Fleegeheemer zu Lëtzebuerg agesat ginn?

Zu Karlsruhe kënnt a Fleegeheemer ee neie System zur Betreiung vun Demenzpatienten an den Asaz. D'DP-Deputéiert, Gusty Graas a Carole Hartmann, hunn bei der Gesondheets- an der Familjeministesch nogefrot, ob dëse System och hei am Land eng Optioun kéint sinn. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Wéi gëtt d'Garde vum Urgencendéngscht an der Ophtalmologie organiséiert?

Et ass den DP-Deputéierten, Gusty Graas a Carole Hartmann, zu Ouere komm, datt den CHL neméi un der ofwiesselnder Garde vum Urgencendéngscht an der Ophtalmologie deelhuele wäert. D'Deputéiert hunn der Gesondheetsministesch dozou e puer Froen gestallt. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Sport und Freizeit Claude Lamberty Carole Hartmann

Kënnt eng Reform vun de Centres médico-sportifs?

Am Kader vun der sanitärer Crise, goufen den 23. Mäerz 2020 d'Centres médico-sportifs zougemaach. Véier Centres médico-sportifs ginn iwwert de Summer elo nees op. 

An dësem Kontext, hu sech d'DP-Deputéiert, Claude Lamberty a Carole Hartmann, beim Sportsminister informéiert, wéini déi aner Centres médico-sportifs nees opginn an op eng Reform vun de Centres médico-sportifs geplangt ass. 

Parlamentarische Fragen Arbeit Gesundheit und Pflege André Bauler Carole Hartmann

Ass d'Préretraite solidarité opgrond vun der sanitärer Crise am Gesondheetssecteur suspendéiert?

Den 1. Juli 2018 gouf d'Préretraite solidarité annuléiert. An enger Iwwergangsphase, bleiwt se awer esou laang bestoen bis all d'Kollektivverträg, déi virum 1. Juli ënnerschriwwe goufen, ausgelaf sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler a Carole Hartmann ass elo zu Ouere komm, datt d'Préretraite solidarité an der sanitärer Crise ausgesat gouf. An dësem Kontext, hate si e puer Froen un den Aarbechtsminister.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Wéivill Capacitéiten hunn d'Spideeler fir den Traitement vu Net-Covid-19-Patienten?

Déi lescht Wochen hunn déi lëtzebuergesch Spideeler Capacitéiten, wéi Better a Personal, fir den Traitement vu Covid-19 Patienten reservéiert. Doduercher hunn Ënnersichungen an Operatiounen vun anere Patienten op ee spéideren Zäitpunkt misse verluet ginn.

Mam Réckgang vun den Infektiounen, stellt sech elo d'Fro no der Prise en Charge vun de Patienten, déi net mam Coronavirus infizéiert goufen. 

An dësem Kontext, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas e puer Froen un d'Gesondheetsministesch gestallt. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Carole Hartmann

Perséinlech Schutzausrüstungen fir Dokteren an Zänndokteren

Ab dem 4. Mee, kënnen d'Dokteren an Zänndokteren erëm hir Aktivitéiten ophuelen, mat der Konditioun fir déi néideg perséinlech Schutzausrüstung ze suergen. Bei de Commanden vun dëser Ausrüstung schéngt et awer Schwieregkeeten ze ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an de Claude Lamberty hunn der Gesondheetsministesch dozou eng Fro gestallt. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Een zweete PET-Scan fir Lëtzebuerg?

D'Waardezäiten fir ee Rendez-vous beim Centre National PET ze kréien, sinn an de leschte Jore geklommen. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hunn dowéinst bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob Lëtzebuerg een zweete PET-Scan brauch?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Partizipatioun vun der Patiente Vertriedung um "Gesondheetsdësch"?

De 14. Feburar 2020 ass de "Gesondheetsdësch" fir d'éischt Kéier zesummekomm. D'Patiente Vertriedung war bei dëser Reunioun net representéiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum Carole Hartmann

Ee Bachelordiplom an der Infirmerie zu Lëtzebuerg?

Am Géigesaz zu eise Nopeschlänner, bidd Lëtzebuerg kee Bachelordiplom an der Infirmerie un. D'Carole Hartmann an de Gilles Baum hunn zu dësem Sujet Froen un déi zoustänneg Ministere gestallt. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Gilles Baum Carole Hartmann

Sensibiliséierungscampagnen fir Gesondheetsberuffer och a Lëtzebuerg?

Bei all de medizinesche Sevicer besteet de Risiko vun engem Personalmangel an de nächste Joren, esouwuel bei den Dokteren ewéi och bei den Infirmieren. Verschidde Länner hunn Sensibiliséierungscampagnen organiséiert fir Gesondheetspersonal ze rekrutéieren. An dësem Kontext, hunn d'DP-Deputéiert Carole Hartmann an de Gilles Baum Froen un de Gesondheetsminister gestallt.