10/07/2019
Parlamentarische Fragen
Gemeinden
Kultur
Landesplanung und Wohnen
André Bauler
Den 29. Januar 2018 ass d‘Biertrenger Schlass am Kadaster vun der Gemeng Schieren ageschriwwe ginn. An enger parlamentarescher Fro, schreift eisen Deputéierten André Bauler, datt deen aussergewéinleche Site am Dikrecher Kanton et verdéngt, fir renovéiert ze ginn. Esou wéi z.B. d’Schlass vun der Renaissance zu Beefort. Den Ament gehéiert d’Biertrenger Schlass dem Roude Kräiz, dat d‘Schlass verkafe wëll. Den André Bauler huet duerzou e puer Froen un d’Kulturministesch.