Sie sind hier

News Gesundheit und Pflege Edy Mertens Max Hahn

Cannabis: Fräigab fir medezinesch Zwecker

Um Krautmaart gouf dës Woch eestëmmeg ee Gesetz ugeholl, mat deem de Gebrauch vu Cannabis fir medezinesch Zwecker erlaabt gëtt. D'Deputéiert Edy Mertens a Max Hahn hunn dozou an der Chamber Stellung geholl.

News Tribune libre Gesundheit und Pflege Edy Mertens

Spidolsplang: Fir d’DP steet alleng d’Wuel vum Patient am Mëttelpunkt.

A senger Tribune Libre um Radio ass den DP-Deputéierten Edy Mertens op d’Gesetzreform vum Spidolsplang agaangen an huet nach eemol kloer d’Uleies an d’Argumenter vun der DP-Fraktioun ënnerstrach.

News Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Neie Spidolsplang: Besser Prise en charge a méi Matsproocherecht

No ganz intensiver parlamentarescher Aarbecht ass den neie Spidolsplang um Krautmaart gestëmmt ginn. D'DP-Vertrieder Edy Mertens an Alexander Krieps hu virop begréisst, datt den Text nach eng Kéier opgemaach ginn ass an datt vill Verbesserunge konnten an d'Gesetz afléissen.

News Gesundheit und Pflege Justiz und Sicherheit Edy Mertens

Afferambulanz - Nei Ulafstell fir Affer vu Gewaltverbriechen

E Mëttwoch huet d’Chamber e Gesetz gestëmmt, mat deem déi sougenannten „Afferambulanz“ an d’Liewe geruff gëtt. Et handelt sech dobäi ëm e Service, deen d’Opklärung vu Gewaltverbrieche méi efficace mëscht andeems et fir d’Affer méi einfach gëtt hir Blessuren dokumentéieren ze loossen.

News Gesundheit und Pflege Edy Mertens Alexander Krieps

Reform vun der Fleegeversécherung

D’Qualitéit an de Patient stinn am Mëttelpunkt.

D’DP-Deputéierten Edy Mertens an Alexandre Krieps begréissen, datt vill Proposë vun der DP an der Reform vun der Fleegeversécherung erëmzefanne sinn. Hirer Meenung no geet dat neit Gesetz an déi richteg Richtung a wäert ville Patienten och an Zukunft déi Fleeg garantéieren, déi brauchen.

News Gesundheit und Pflege Edy Mertens

Net verschreiwungsflichteg Medikamenter online bestellen

Geschwënn kann een zu Lëtzebuerg net verschreiwungsflichteg Medikamenter online bestellen. Den DP-Deputéierten Edy Mertens huet am Plenum Stellung geholl.