Sie sind hier

News Mittelstand Tiere Lex Delles Gusty Graas

D’DP ass fir en europawäit Pelzverbuet

An der Chamber ass haut eng Motioun virgestallt a gestëmmt ginn, déi d’Regierung opfuerdert sech op europäeschen Niveau fir en europawäit Pelzverbuet anzesetzen. Domadder gi mir méi wäit wéi d’Piratepartei, déi just e Pelzverbuet zu Lëtzebuerg gefuerdert huet. D’DP wëll och dorobber hiweisen, datt e nationaalt Pelzverbuet géint d’Reegele vum europäesche Bannemaart verstéisst, also net realisabel ass. Wéinst dësen EU-Reglementatioune sinn och schonn änlech Initiativen an England an an der Slowakei gescheitert. Déi eenzeg méiglech Léisung ass also en EU-wäit Verbuet vum Pelzverkaf. An dofir setzt d’DP sech an.

News Tiere Edy Mertens Fernand Etgen Gusty Graas

Den Déierschutz eescht huelen!

Dëst hat d’Demokratesch Partei an hirem Wahlprogramm stoen an dëst gouf elo mam neien Déierschutzgesetz ëmgesat.