24/07/2019
Parlamentarische Fragen
Gesellschaft
Justiz und Sicherheit
Max Hahn
De Koalitiounsaccord gesäit verschidden Ännerunge fir zivil Manifestatioune vir. Dat gëllt z.B. dofir, datt Koppelen sech an Zukunft kéinten op aner Plaze bestueden, wéi am Gemengenhaus. Ma och bei de Begriefnisser sinn Upassunge virgesi. Ech hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot wou dës Aarbechten dru sinn. Och wat d'Méiglechkeet betrëfft fir Äschen an enger Baach oder an engem Floss ze verstreeën.