24/11/2016
Parlamentarische Fragen
Justiz und Sicherheit
Max Hahn
Alexander Krieps
Gusty Graas
Dem Gesetz no sollten 6 Infirmiere am Service Santé vun der Arméi schaffen. Momentan sinn der just 2 agestallt. Dëse Service besteet och aus Zaldote mat enger Formatioun als Secouriste. Nëmmen e puer hätten d’Formatioun als Ambulancier. D’Deputéierte Gusty Graas, Max Hahn a Alexander Krieps hunn ënner anerem beim zoustännege Minister nogefrot firwat dës Posten net besat wieren, op rekrutéiert géif ginn, an op et eventuell gemeinsam Formatioune mat anere Rettungscorpse kéint ginn.