08/01/2020
Parlamentarische Fragen
Landesplanung und Wohnen
Landwirtschaft und Weinbau
André Bauler
Wou sollen déi nei Laboe fir d'Administration des services techniques de l'agriculture (ASTA) hikommen? Nodeems, wéi et schéngt, aus dem urspréngleche Site um Fridhaff bei Dikrech näischt gëtt, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wéi eng aner Plazen ëm d'Nordstad a Fro géife kommen. Ausserdeem wollt den André Bauler wëssen, ob virgesi wier, all d'Büroe vun der ASTA op den neie Site am Sënn vun der administrativer Dezentraliséierung ze verleeën.