21/09/2020
Parlamentarische Fragen
Landwirtschaft und Weinbau
André Bauler
Gusty Graas
D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot wéi et momentan ëm de Mëllechsecteur zu Lëtzebuerg bestallt ass? Si froen ënner aneren, wéi héich d'Produktiounskäschte fir de Bauer vun engem Liter Mëllech sinn an ob hie mat dëse rentabel schaffe kann? Donieft wëllen si gewuer ginn, wéi d'Consomatioun vun der Koumëllech an der Biomëllech déi lescht Joren evoluéiert huet an ob planzlech Ersatzproduite wéi Mandel- Soja oder Huewermëllech, déi ëmmer méi um Komme sinn, en Impakt op d'Consomatioun vu Koumëllech hunn?