Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Ännerung vum Code de la route: Manner Visibilitéit fir Vëlosfuerer

Vill Vëlosfuerer hunn eng Luucht um Vëlo, déi blénkt, fir dass ee se besser op der Strooss gesäit a wëll se sech sou méi sécher spieren. Well de Mobilitéitsminister sou Luuchte verbidde wëll, hunn d'DP-Deputéiert Max Hahn an André Bauler nogefrot, wéi et zu där Decisioun komm ass an ob d'Vëlosinteresseverbänn am Virfeld no hirer Meenung dozou gefrot gi sinn.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et mam Contournement Ettelbréck-Feelen virun?

Well et anscheinend net richteg viru geet mat de Planungen um Contournement Ettelbréck-Feelen, ënnert anerem och well nëmmen e klenge Budget fir Studie virgesi wier, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister nogefrot, wat de Stand der Dinge an deem Dossier ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Tourismus André Bauler

Arrêt Maulesmillen: Eng Iddi fir den Tourismus am Summer ze fërderen?

Nodeems d'Aarbechten um PC1 am Norde vum Land deemnächst sollen ufänken, freet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister no, ob et net eng Iddi wier, am Summer nees um Arrêt Maulesmillen stoen ze bleiwen, fir den Tourismus an der Géigend ze fërderen.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Wunnengen an Zuchstatiounen?

Op verschiddene Plaze ginn et scho Wunnengen an Zuchstatiounen. Mee wéi gesäit et generell am Land mat sou Projeten aus? Gëtt et do nach Loft no uewen? Wat ass geplangt? D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu weider Informatioune vum zoustännege Minister gefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Kënnt et zu weideren Upassunge bei der Buslinn 555?

No den Ännerunge vum Busplang vum 13. Dezember hunn eng Rei Linnen am Norde missten nach emol ugepasst ginn, well et zu Schwieregkeete komm ass, zemol beim Schülertransport. Well awer keng Adaptatioune bei der Buslinn 555 virgeholl goufen, quitt dass et och hei eng Rei Problemer gëtt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nach emol beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et viru mat der neier Verbindungsstrooss Fridhaff-Häerebierg?

De Projet sollt eigentlech Enn vum leschte Joer ufänken, ma et huet sech bis elo nach näischt gedoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wou de Projet drun ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Trafic a Verkéierssécherheet zu Bettenduerf

Nieft dem Trafic zu Bettenduerf, deen ëmmer méi zouhëlt, heefe sech och Virfäll vu riskéierten Iwwerhuelmanöveren, besonnesch op der Streck, wann ee vun Iechternach kënnt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat dogéint ënnerholl gëtt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En Tram fir d'Nordstad?

Wier den Tram eng passend Léisung fir d'Mobilitéit an der Nordstad besser ze geréieren? Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Bildung Mobilität und Verkehr André Bauler

Ännerungen um Busplang: Problemer beim Schoultransport

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass et am Kader vum neie Busplang zu Schwieregkeete beim Schülertransport wäert kommen, speziell wat d'Linn 545 Heischent-Ettelbréck betrëfft. Tatsächlech kéimen nom neie Plang d'Schüler entweder vill ze fréi oder ze spéit an d'Schoul. Den André Bauler huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Tourismus André Bauler

Weider Informatiounen zur neier Nordstad-Jugendherberg

Am Kader vum Reamenagement vun der Ettelbrécker Gare soll och eng nei Jugendherberg gebaut ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministere nogefrot, fir weider Informatiounen dozou ze kréien.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Mobilität und Verkehr André Bauler

Mobil Radaren am Norde vum Land

Iwwer déi lescht Méint stoungen op zwou Strecken am Norde mobil Radaren, dëst tëscht Méchela an Ierpeldeng-Sauer, souwéi tëscht Ettelbréck a Feelen an tëscht Bidscht a Schumannseck. Eisen Deputéierten André Bauler huet dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet e puer Froen zu deene Radare gestallt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Trafic an der Nordstad: Wat ass den Impakt vum Chantier op der Ettelbrécker Gare?

Wéinst den Aarbechten un der Ettelbrécker Gare schéngt et, dass am Moment vill Autoen a Camionen duerch Wunnvéierel an iwwer Schläichweeër an den Nordstad-Gemenge fueren, fir de Chantier z'ëmgoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, ob schonn eng Analys gemaach goufe wat den Impakt vum Chantier op den Trafic am Detail ass, a wéi eng Mesurë virgesi si fir d'Situatioun ze berouegen.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et mam Contournement vun Housen virun?

Aktuell gëtt am Ministère un engem Gesetzesprojet fir de Contournement vun Housen geschafft. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot wou den Dossier drun ass.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Wéi steet et ëm d'Ausweisung vun neie Bauschuttdeponien?

De Mangel u Bauschuttdeponien an alle Regioune vum Land gëtt scho méi laang vum Secteur kritiséiert. Effektiv musse vill Camionen dacks e wäite Wee duerch d'Land fir bei eng Deponie fueren, wat onnéidege Verkéier an Emissioune verursaacht. D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi et bei der Ausweisung vun neie Bauschuttdeponië viru geet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En neit Parkhaus op der Dikrecher Gare?

Virun enger Zäit war mol riets gaange fir en neien, iwwerdaachte Parking bei der Dikrecher Gare ze bauen. Vu dass effektiv ëmmer méi Leit den Zuch huelen, huet den DP-Deputéierten André Bauler beim Mobilitéitsminister nogefrot, ob dëse Projet nach ëmmer aktuell ass, a wa jo, wou en drun ass.