03/07/2019
Parlamentarische Fragen
Außenpolitik
Landwirtschaft und Weinbau
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
Tiere
André Bauler
Gusty Graas
No 20 Joer Verhandlunge si sech d’EU an déi 4 Länner vum „Mercosur“ (Brasilien, Argentinien, Uruguay a Paraguay) den 28. Juni iwwer d’Base vun engem Handelsaccord eens ginn. Wärend déi europäesch Wirtschaft, wéi z.B. Däitschland, sech doriwwer freet, mécht sech déi europäesch Landwirtschaft Suerge wéinst engem evtl. Massenimport aus Länner, an deenen net déi selwecht Reegele gëlle wéi an Europa. Dat betëfft z.B. d’Beräicher vum Sozialen, vum Ëmweltschutz oder vum Déiereschutz. Deemno stellt sech d’Fro, ob deen Handelsaccord vun der europäescher Kommissioun soll ugeholl ginn oder net. An dem Kontext hunn eis Deputéiert Gilles Baum an André Bauler dem Landwirtschaftsminister e puer Froe gestallt.