10/07/2020
Parlamentarische Fragen
Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz
Max Hahn
Gusty Graas
A Frankräich gouf Apple am Februar vun dësem Joer verklot, well se al iPhone-Modeller méi lues gemaach hunn, nodeems en neie Modell op de Marché komm ass. Sou eng bewosst Verkierzung vun der Liewensdauer vun engem Produit, fir d'Clienten dozou ze beweegen, en neie Produit ze kafen, ass net just Bedruch um Client, mee och en immens ineffikassen a verschwendereschen Ëmgang mat eise Ressourcen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zwou concernéierte Ministeschen nogefrot, ob d'Regierung net wëlles hätt, e Gesetz nom franséische Virbild anzeféieren.