02/11/2016
Parlamentarische Fragen
Renten
Gilles Baum
An Däitschland gouf elo eng sougenannten "Flexi-rente" agefouert, esou kann een als eeler Persoun seng Aarbechtszäit reduzéieren an dofir en Deel vu senger Pensioun an Usproch huelen. Den DP-Deputéierte Gilles Baum freet no wat an dësem Kader zu Lëtzebuerg geplangt ass, dat och well de Koalitiounsaccord hei weider Effort'en virgesinn hat.