19/09/2016
Parlamentarische Fragen
Arbeit
Staat und Öffentlicher Dienst
Gusty Graas
D'Inspection du travail et des mines, kuerz ITM, ass ëmgaange restrukturéiert ze ginn. Wéinst der héijer Unzuel un Aarbechtsaccidenter sollen ënner anerem 36 néi Mataarbechter agestallt ginn. Ma och d'Douane schafft um Terrain mat der ITM zesummen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet an dem Kontext beim zoustännege Minister no, wéi dës Kollaboratioun an Zukunft ausgesi soll.