07/07/2020
Parlamentarische Fragen
Landesplanung und Wohnen
Wirtschaft
Carole Hartmann
D'Schafe vun neien Aktivitéitszonen ass en zentraalt Instrument fir eng equilibréiert Landesplanung a wirtschaftlech Entwécklung. Besonnesch an der Grenzregioun, a mat Plaz fir Coworking-Strukturen, droen se dozou bäi, de Verkéier an den Zentrum vum Land ze reduzéieren. Aus deem Grond huet d'DP-Deputéiert Carole Hartmann bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou deen Dossier drun ass, wat an Zukunft geplangt ass an ob virgesinn ass, grad Zonen un de Grenzen a mat Coworking-Strukturen ze favoriséieren.