D'Demokratesch Partei huet haut de Moien déi fënneft a lescht Sail vun hirem Walprogramm virgestallt. D'Pressekonferenz iwwert d'Thema "Wirtschaft&Finanzen" gouf gehale vun der Familljeministesch a Parteipresidentin Corinne Cahen a vum Finanzminister Pierre .
"Dës Regierung mam Premier Xavier Bettel huet Lëtzebuerg aus dem politeschen, wirtschaftlechen a gesellschaftleche Stëllstand erausgefouert", dat sot den Eugène Berger e Méindeg op der Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun.
Op enger Pressekonferenz hu sech den DP-Generalsekretär Claude Lamberty an d’Carole Hartmann vun der JDL-Osten de Muere gewonnert, datt an engem Land vun 82 op 58 Kilometer deux poids et deux mesures gëllen.
En Dënschdeg huet d’Regierung sech wéi gewinnt den Deputéierten hire Froe gestallt. Sujeten waren dës Kéier ë.a. de Bau vun enger Sportshal fir den Iechternacher Lycée (Gilles Baum), d’Konsequenze vum Brexit fir d’Lëtzebuerger Industrie (André Bauler) an den Detachement bei Betriber (Joëlle Elvinger).
D’Gesetz vum Bail commercial vun 1936 ass elo moderniséiert ginn, fir d’Locataire besser ze schützen an dem Proprietär awer och eng gewësse Flexibilitéit bei der Gestioun vu sengem Bien ze loossen. Déi nei Dispositioune wäerten d’Spekulatioune bremsen an de Commerçante Planungssécherheet garantéieren.
De kreativen a kulturelle Secteur spillt eng wichteg Roll fir d’ Wirtschaft an den Aarbechtsmaart zu Lëtzebuerg. Den André Bauler huet den Aarbechtsminister an der Chamber Detailer iwwert dëse Secteur gefrot.
Dësen Donneschdeg gouf an der Chamber iwwert de Rifkin-Rapport debattéiert. Den Deputéierten André Bauler huet der Demokratescher Partei hir Vue op den zukünftege Wuesstem zu Lëtzebuerg virgestallt an de Gusty Graas ass op d’Repercussioune vun dësem Wuesstem op eis Landwirtschaft agaangen.
Déi sougenannte Kreativwirtschaft ëmfaasst déi Beruffer, bei deenen et drëms geet duerch kreatiivt Denken nei Objeten a Servicer ze produzéieren. Den DP-Deputéierten André Bauler freet beim Minister no wéi dës Aktivitéiten hei am Land ënnerstëtzt ginn.
„Mir sollen de Courage hu fir no de Stären ze gräifen, mä nëmme wa mer mat zwee Féiss um Buedem bleiwen“, esou resuméiert den André Bauler de Gesetzprojet iwwert de Spacemining.
Wéini ginn déi geplangte nei Lagere gebaut a wéini ginn déi al zou gemaach ? Dës an aner Froen stellt de Süd-Deputéierte Max Hahn un de zoustännege Minister.