31/05/2017
News
Verfassung, Institutionen und Demokratie
Simone Beissel
Eugène Berger
Xavier Bettel
Dës Woch gouf an der Chamber d’Reform vum Staatsrot gestëmmt. „Dës Reform gestallt de Staatsrot méi modern an transparent ouni dobäi awer d’Wichtegkeet an d’Onofhängegkeet vun dëser Institutioun a Fro ze stellen“, esou de Premier Xavier Bettel a senger Interventioun an der Chamber. D’Rapportrice Simone Beissel huet déi eenzel Punkte vun der Reform am Detail virgestallt an erkläert, wéi dës Ännerungen zu enger méi moderner Institutioun bäidroen an de gudde Fonctionnement vum Staatsrot garantéieren.