Fir d’DP-Fraktioun ass d’Qualitéit vun der parlamentarescher Aarbecht méi wichteg, wéi d’Quantitéit, och wann d’Majoritéit déi lescht 6 Méint schonn eng Hellewull un Texter ëmgesat huet.
De gréissten Deel vun der parlamentarescher Aarbecht geschitt an de Chamberkommissiounen. Hei gesi der elo, wéi eng vun eisen Deputéierten a wéi enge Kommissioune sinn. Da wësst der direkt, mat wéi engen Theme sech d'DP-Deputéiert virop wärend den nächste fënnef Joer befaassen.
Am Kader vun enger Interpellatioun iwwert de Lëtzebuerger Wäibau hunn d’Deputéierte Gusty Graas a Gilles Baum sech Gedanke gemat iwwert d’Zukunft vum Lëtzebuerger Wäibau!