16/05/2017
Parlamentarische Fragen
Gemeinden
Lex Delles
Dëser Deeg goufe Gemengen informéiert, dass ab dem 1. Juli negativ Zënsen op hirem Compte Courant applizéiert géife wann de Montant iwwert enger Millioun läit. D'Gemenge missten also dropbezuele fir Suen um Kont stoen ze hunn. Den DP-Deputéierte Lex Delles freet dofir bei den zoustännege Ministeren no, op d'Gemenge weiderhin e Post-Kont ugi musse fir d'Dotatioun vum Staat ze kréien.