Sie sind hier

News Justiz und Sicherheit Medien und ICT Eugène Berger

Eugène Berger: "De Schutz vun de perséinlechen Daten ass e fundamentaalt Recht"

An der Chamber ass en Donneschdeg eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, déi konkreten Dateschutz an enger globaliséierter, digitaler Welt bitt, fir déi perséinlech Date vun de Bierger ze garantéieren.

News Arbeit Bildung Familie Finanzen Gesellschaft Haushalt Wirtschaft Eugène Berger

D’Gesellschaft an d’Politik sinn erëm am Takt!

"Dës Regierung mam Premier Xavier Bettel huet Lëtzebuerg aus dem politeschen, wirtschaftlechen a gesellschaftleche Stëllstand erausgefouert", dat sot den Eugène Berger e Méindeg op der Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun.

News Gesellschaft Justiz und Sicherheit Eugène Berger

D'Geschlecht an de Numm méi séier an onkomplizéiert am Etat civil änneren

An Zukunft kënnen trans- an intersexuell Matbierger op eng méi séier an onkomplizéiert Prozedur zréckgräife fir hiert Geschlecht an hiren Numm am Etat civil ze änneren. Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger huet dës administrativ Vereinfachung um Krautmaart ausdrécklech begréisst.

News Justiz und Sicherheit Eugène Berger

Prisonéier solle besser resozialiséiert ginn

Zwee nei Gesetzer huet d’Chamber um Mëttwoch ugeholl, déi fir besser Haftbedéngungen zu Lëtzebuerg suerge wäerten. Den DP-Fraktiounspresident Eugène Berger huet déi eenzel Mesurë begréisst an ënnerstrach, datt Lëtzebuerg en effiziente Strofvollzuch brauch.

News Justiz und Sicherheit Eugène Berger

Kampf géint den Terrorismus

Mat engem neie Gesetz, dat d’Chamber en Donneschdeg guttgeheescht huet, sollen eventuell Attentater zu Lëtzebuerg nach méi efficace verhënnert ginn. „Et ass e gudden Equiliber fonnt ginn tëschent enger effizienter Präventioun vun terroristeschen Akten an dem Respekt vun de fundamentale Rechter a Fräiheete vum Eenzelen“, fënnt den DP-Fraktiounschef Eugène Berger.

News Familie Gesellschaft Eugène Berger

Scheedungsreform gestëmmt

Op dëst Gesetz hu vill Leit laang musse waarden. D’Chamber huet en Donneschdeg gréng Luucht ginn, fir d’Schafe vun engem Familljegeriicht, enger neier Gesetzgebung iwwer d’Scheedung an d’Autorité parentale.

News Tribune libre Medien und ICT Eugène Berger

D'Digitaliséierung als Chance gesinn!

A senger Table Ronde op Radio Lëtzebuerg an um Radio 100,7 huet den DP-Fraktiounschef Eugène Berger sech haut mat de Chance beschäftegt, vun deene Lëtzebuerg kann a soll am Kader vun der weltwäiter Digitalisatioun profitéieren.

News Medien und ICT Eugène Berger

Neit EU-Dateschutzreglement

De Fraktiounspresident Eugène Berger iwwert datt neit EU-Dateschutzreglement.

News André Bauler Gilles Baum Eugène Berger Xavier Bettel Gusty Graas

Fënnef Joer responsabel a wäitsiichteg Regierungspolitik

A sengem État de la Nation huet de Xavier Bettel detailléiert duergeluecht, wéi eng Reformen d’Regierung an de leschte fënnef Joer ëmgesat huet. Projeten, déi d’Land aus sengem Wanterschlof gerappt a fir frësche Wand uechter Lëtzebuerg gesuergt hunn: Et geet dem Land besser, wéi viru fënnef Joer, esou de Staatsminister en Dënschdeg um Krautmaart.

News Finanzen Medien und ICT Eugène Berger Pierre Gramegna

Kryptowärungen: Aktualitéitsstonn an der Chamber

Thema en Donneschdeg an der Chamber ware Bitcoin & Co. Wat sinn d’Risiken an d’Chancë vun esou Kryptowärungen, a wat bedeiten se fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg? Den Eugène Berger ass a senger Ried op déi Froen agaangen.

News Gesellschaft Verfassung, Institutionen und Demokratie Eugène Berger

E modernt Wahlgesetz: Vereinfachung bei der Bréifwahl

An Zukunft ka jiddereen d’Bréifwahl ufroen. Dat ass déi gréissten Ännerung um Wahlgesetz, déi d’Chamber e Mëttwoch decidéiert huet.

News Finanzen Eugène Berger Pierre Gramegna

Trotz Rekordinvestissementer a Steierreform: Bescht Budgetszuelen zënter Joren

Gutt Note vum FMI a Lutte géint d’Geldwäsch.

Iwwerschoss vun 364 Milliounen Euro beim Zentralstaat: Een zefriddene Finanzminister Pierre Gramegna huet den Deputéierten aus der Finanz- a Budgetskommissioun kënne gutt Zuele presentéieren.

News Finanzen Joëlle Elvinger Gilles Baum Eugène Berger Pierre Gramegna

Budget 2018

Déi lescht Chamberwoch am Dezember steet gewéinlech ganz am Zeeche vum Staatsbudget. Nodeems dëst Joer d'DP-Deputéiert Joëlle Elvinger de Budget huet dierfen als Rapportrice dem Plenum virstellen, hunn deen Dag drop d'Debatten am Parlament ugefaangen. D'Prioritéite vum Budget 2018 fannt Dir hei.

News Eugène Berger

Grouss Zoustëmmung fir familljen- a bildungsfrëndlech DP-Politik

D’DP huet e Sondage iwwer eng Partie rezent Mesurëgemaach, déi d’Familljen zu Lëtzebuerg betreffen. Moossname fir méi finanziell Entlaaschtung, méi Qualitéit an der Betreiung an an der Bildung a fir méi Zäit fir d’Famill. Fir d’DP sinn dat déi dräi grouss Sailen, mat deenen d’Zukunftschance vun de Kanner hei am Land kënne verbessert ginn.

News Familie Lydie Polfer Edy Mertens Claude Lamberty Anne Brasseur Lex Delles Joëlle Elvinger Alexander Krieps André Bauler Gilles Baum Simone Beissel Eugène Berger Max Hahn Gusty Graas

Däitlech méi fir d'Famill

D’DP mécht sech staark fir all d’Leit a setzt sech geziilt fir d’Familljen an. Mir wëllen hiren Alldag erliichteren an d’Elteren an d’Kanner aktiv ënnerstëtzen.

 deutsche Übersetzung
 traduction française
 English translation