Fir d’DP-Fraktioun ass d’Qualitéit vun der parlamentarescher Aarbecht méi wichteg, wéi d’Quantitéit, och wann d’Majoritéit déi lescht 6 Méint schonn eng Hellewull un Texter ëmgesat huet.
De gréissten Deel vun der parlamentarescher Aarbecht geschitt an de Chamberkommissiounen. Hei gesi der elo, wéi eng vun eisen Deputéierten a wéi enge Kommissioune sinn. Da wësst der direkt, mat wéi engen Theme sech d'DP-Deputéiert virop wärend den nächste fënnef Joer befaassen.
Um Krautmaart gouf en Dënschdeg dat neit Archivgesetz ugeholl, dat déi legal Basis fir den Ëmgang an d’Konservatioun vun historesch wichtegen Dokumenter leet.
Am Kader vun enger Aktualitéitsstonn ass en Dënschdeg de Mëtten iwwert de Kulturentwécklungsplang diskutéiert ginn, deen de Staatssekretär an der Kultur, de Guy Arendt, e Samschdeg virgestallt huet.