Sie sind hier

News Mittelstand Tiere Lex Delles Gusty Graas

D’DP ass fir en europawäit Pelzverbuet

An der Chamber ass haut eng Motioun virgestallt a gestëmmt ginn, déi d’Regierung opfuerdert sech op europäeschen Niveau fir en europawäit Pelzverbuet anzesetzen. Domadder gi mir méi wäit wéi d’Piratepartei, déi just e Pelzverbuet zu Lëtzebuerg gefuerdert huet. D’DP wëll och dorobber hiweisen, datt e nationaalt Pelzverbuet géint d’Reegele vum europäesche Bannemaart verstéisst, also net realisabel ass. Wéinst dësen EU-Reglementatioune sinn och schonn änlech Initiativen an England an an der Slowakei gescheitert. Déi eenzeg méiglech Léisung ass also en EU-wäit Verbuet vum Pelzverkaf. An dofir setzt d’DP sech an.

News Mittelstand Tourismus Lex Delles

De Minister Lex Delles – vollen Asaz fir de Mëttelstand an den Tourismus

De Munnerefer Lex Delles ass mat 34 Joer de jéngste Minister an der neier Regierung. Trotz sengem jonken Alter, huet hien scho munches um politesche Plang Opweises...