Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Claude Lamberty Gusty Graas

Verkéierssécherheet beim Gefaangenentransport

D'Sécherheet vu Gefaangene beim Transport wier zu Lëtzebuerg net garantéiert, well dës net ugestréckt sinn, sou de Comité européen pour la prévention de la torture et des peines ou traitements inhumains ou dégradants (CPT) an engem Rapport vun 2015. Och déi lëtzebuergesch Associatioun "Eran, eraus… an elo?" reprochéiert der Regierung an deem Beräich déi international Normen nach ëmmer net ze respektéieren. D'DP-Deputéiert Gusty Graas a Claude Lamberty hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, firwat dass sech hei bis haut nach näischt gedoen huet a wéi et an Zukunft domadder ausgesäit.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Invasiv Kriibsen-Aarten an eise Gewässer: Gräifen d'Mesuren?

De Signalkrebs an de Kamberkrebs sinn zwou invasiv Aarten, déi sech a ganz Europa zënter Joren ausbreeden - dëst mat engem gravéierenden Impakt op déi lokal Ökosystemer. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas wollte vun der zoustänneger Ministesch wëssen, ob d'Mesuren déi am Aktiounsplang virgesi sinn, bis lo de gewënschte Succès haten, wéi vill där Déieren an de leschte Jore konnte gefaangen oder gefëscht ginn a weider Detailer zur Bekämpfung vun dësen invasiven Aarten.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Kënnt gläich eng nei Variant vun der Schwéngspescht op Lëtzebuerg?

Déi australesch Autoritéite warne vun enger neier Variant vun der Schwéngspescht. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot wéi héich d'Gefor ass, datt dës Variant et bis an Europa packt.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann Gusty Graas

Nosokomial Infektiounen zu Lëtzebuerg

Och an de Spideeler kann et virkommen, datt Patiente sech eng Infektioun zouzéien. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann a Gusty Graas hunn der Gesondheetsministesch zu dësem Sujet e puer Froe gestallt. 

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Réikitzrettung per Dron

D'Regierung hat leschte Summer e Pilotprojet annoncéiert fir d'Réikitzrettung per Dron virum Mädrescher z'ënnerstëtzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou dee Pilotprojet drun ass.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Resilienz vun den Transportweeër vu medezineschem an Impfmaterial

An enger Publikatioun vun enger globaler Liwwerfirma ass dorop higewise ginn, dass et fir Länner déi um technesche Niveau manner developpéiert sinn kéint dozou kommen, dass dat entspriechend medezinescht Material an Impfungen des Regiounen an der Pandemie nëmme schwiereg kënnen erreechen. Den Deputéierten Gusty Graas huet beim Ministère fir Kooperatioun nogefrot ob esou Problemer an dëse Länner effektiv optrieden, an a wéi wäit Lëtzebuerg sech do ënnerstëtzend engagéiert.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Wat ass d'Reaktioun vun der Ëmweltministesch op d'Demissioun vum President vun der Jeeërfederatioun?

Als Grond vu sengem Récktrëtt gëtt de President vun der Jeeërfederatioun e Mangel u konstruktiver Zesummenaarbecht an e "Missachten" vu Säite vun der Ëmweltministesch vis-à-vis vun de Jeeër un. D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn nogefrot, wéi d'Ministesch zu de Virwërf steet a wéi d'Zesummenaarbecht an Zukunft verbessert soll ginn.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Ze vill Phosphat am Stauséi?

Wéi aus engem rezenten Interview am Wort ervirgeet, hat d'Landwirtschaftskummer dem Ëmweltministère eng Etüd presentéiert iwwer déi héich Konzentratioun vu Phosphat am Stauséi an d'Ursaachen dovunner, déi bei verschiddene Kläranlagen an der Géigend géife leien. Well d'Kummer allerdéngs keng Reaktioun dorop kritt hätt, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Eng eege Bank fir d’NATO?

En amerikaneschen ‚Think tank‘ huet proposéiert fir eng Bank speziell fir d’NATO ze kreéieren an domat an d’Finanzéierung vun den europäesche Memberstaaten hiren Verteidegungsmëttel ze assuréieren. Wéi géing dëse System funktionéieren a wien géing dovunner profitéieren? Den Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Minister nogefrot.

News Tribune libre Landwirtschaft und Weinbau Gusty Graas

Iwwergangsmesure fir eng modern an nohalteg Landwirtschaft

A senger Tribune Libre huet eisen Deputéierte Gusty Graas iwwert d’Upassung vum Agrargesetz aus dem Joer 2016 geschwat. Mat deem Gesetz géingen Iwwergangsmesure fir eng modern an nohalteg Landwirtschaft geholl.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Wat ass den Impakt vum Militärputsch am Myanmar op d’Lëtzebuerger Kooperatioun?

Nodeems d’Partei vun der Friddensnobelpräisdréierin Aung San Suu Kyi d’Wale mat groussem Ofstand gewonnen haten, huet d’Arméi am Myanmar Ufanks Februar duerch e Militärputsch d’Kontroll iwwer d’Land iwwerholl. D’Cheffin vun der burmesescher Zivilregierung a Memberen aus hirer Partei goufe festgeholl an ënnert Hausarrest gesat.  Wéi ass d’Positioun vu Lëtzebuerg vis-à-vis vun dësen Evenementer ? Wéi geet et lëtzebuerger Hëllefsagenten op der Plaz ? Wäerten des Developpementer sech op d’lëtzebuerger Kooperatioun am Myanmar auswierken. Den Deputéierte Gusty Graas huet op den zoustännege Ministèren nogefrot.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Ënnerdréckung vun de Medien am Burkina Faso

Am Juni 2019 ass am Burkina Faso d’Strofrecht esou geännert ginn, dass eng objektiv Berichterstattung an de Noriichten net méi méiglech ass. Säitdeem erlieft d’Press ëmmer méi Géigewier an ass dem Drock a strofrechtleche Suitte vun den Autoritéiten ëmmer méi ausgesat. Wéi steet Lëtzebuerg dozou a wat fir Implicatiounen huet dëst op d’Lëtzebuerger Kooperatioun an dem Gebitt. Den Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Atomendlager zu Bure: Gëtt d'Regierung reegelméisseg iwwer nei Entwécklungen informéiert?

An hirem Avis vum 13. Januar huet déi franséisch Ëmweltautoritéit eng ganz Partie Kritike par Rapport zum geplangten Endlager zu Bure opgeworf, dat eng 100 km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech läit. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob gewosst ass, wat d'Suite vun deem Avis fir de Projet wäerte sinn an ob d'Regierung reegelméisseg iwwer sou Entwécklungen um Lafende gehale gëtt.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Gen-Schwäin aus den USA fir z'iessen?

An den USA huet d'Administratioun fir Liewensmëttelsécherheet (FDA) kierzlech gentechnesch verännert Schwäi fir déi mënschlech Consommatioun zougelooss. D'DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler froen d'Gesondheetsministesch an de Landwirtschaftsminister wat si dovunner halen an ob dës Schwäin och an Europa fir d'Medikamentenhirstellung oder an der Liewensmëttelhierstellung dierfe benotzt ginn. 

 

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Wéi geet et nom Alexej Nawalny senger Verhaftung virun?

De Sonndeg ass den Alexej Nawalny aus Däitschland zeréck op Moskau geflunn a bei senger Arrivée direkt verhaft ginn. Op internationalem Plang huet dëst fir vill Reaktioune gesuergt. Wéi wäert et fir de Kreml-Kritiker weidergoen, a wat fir Konsequenzen kënnen dës Handlungen fir Russland mat sech bréngen. Den Deputéierten Gusty Graas huet beim zoustännege Minister nogefrot.