Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Wat ass an deene suspekte Päck?

Kierzlech huet d'ASTA d'Leit, déi suspekt Päck mat Kären Heem geschéckt kruten, opgefuerdert sech un si ze wenden. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet déi zoustänneg Ministere gefrot, wéi vill Leit dëser Demande schonn nogaange sinn an ob d'ASTA analyséiert wat genau an deene Päck ass?

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Dossier FAGE: Manner Waasserverbrauch duerch eng innovativ Klärtechnologie?

Kann de Waasserverbrauch vun der Jughurtsfabrick zu Beetebuerg duerch eng nei Technologie drastesch reduzéiert ginn? Eng Lëtzebuerger Firma huet eng Méiglechkeet entwéckelt 80% vum Ofwaasser a Form vun Drénkwaasser ze recuperéieren. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob et virgesi wier dës Entreprise z'ënnerstëtzen a vu dass et technesch méiglech ass, FAGE ze verflichten, e Maximum un Drénkwaasser ze klären an nach eng Kéier ze benotzen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Dossier FAGE: Wéi steet et ëm d'Gestioun vum Klärschlamm?

Ronn 16.000 Tonne Klärschlamm sollen an der Jughurtsfabrick zu Beetebuerg all Joer ufalen. Gläichzäiteg soen Experten aus dem Secteur, déi lëtzebuergesch Filièrë fir de Klärschlamm ze verschaffe wiere lo scho saturéiert. Dobäi kënnt, dass Frankräich, wouhinner FAGE ursprénglech e groussen Deel exportéiere wollt, ab nächstem Joer all Import vu Klärschlamm verbueden huet. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob dës zousätzlech Quantitéiten zu Lëtzebuerg absorbéiert kënne ginn oder ob aner Léisunge musse fonnt ginn.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Wou ass d'Waasserschutzzonekonzept fir de Stauséi drun?

D'Waasserschutzzonekonzept fir de Stauséi sollt u sech scho fir Enn 2018 a Kraaft trieden. Gläichzäiteg solle véier Baueren aus dem Comité vun der « Landwirtschaftlech Kooperatioun Uewersauer » (LAKU) ausgetruede sinn, well d'Zesummenaarbecht mat de jeeweilegen Verwaltungen net gutt gewiescht soll sinn. D'DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Plastik an Diesel verwandelen! Ass dat d'Zukunft?

Eng franséisch Associatioun, déi sech dem Kampf géint de Plastiksoffall verschriwwen huet, soll eng Maschinn erfonnt hunn, déi duerch d'Erhëtze vum Plastik Diesel hierstelle kann. Den DP-Deputéierte Gusty Graas freet bei der Ëmweltministesch no, ob si dësen neie System kennt an ob si mengt, datt dësen eng viabel Revalorisatioun vum Plastiksoffall duerstelle kéint?

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Porteur vu geféierleche Krankheeten: Ginn et Sandmécken och zu Lëtzebuerg?

Duerch de Klimawandel verbreede sech exotesch Déieren ëmmer méi an nërdlech Géigenden, wéi z.B. d'Sandméck. Allerdéngs kann dëst Insekt, dat ursprénglech aus den Trope kënnt, fir de Mënsch ganz geféierlech Krankheeten iwwerdroen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeschen nogefrot, ob et zu Lëtzebuerg scho Fäll gouf, bei deene Leit duerch sou en Insekt mat enger Tropekrankheet infizéiert goufen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

No belschem Virbild: Soll en Audit gemaach gi bei Firmen déi mat Ammoniumnitrat schaffen?

No der schroer Explosioun zu Beirut huet déi belsch Ëmweltministesch ugekënnegt, en Audit wëllen ze maache vun de Seveso-Betriber, déi mat Ammoniumnitrat schaffen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob sou en Audit och zu Lëtzebuerg geplangt ass.

Parlamentarische Fragen Klimaschutz und Energie Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Gusty Graas

Geplangte Wandmillen tëscht Bierden a Waarken

Tëscht Bierden a Waarken, um Territoire vun der Gemeng Ettelbréck, soll spéitstens an zwee Joer eng Wandmillen opgeriicht ginn; mat hiren 230 Meter déi héchst am ganze Grand-Duché. D'DP Deputéiert André Bauler a Gusty Graas froen no Detailer.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Wéi ginn déi vulnerabel Leit bei den AGen vun de Juegdsyndikater geschützt?

Am August fanne bei der Naturverwaltung zu Dikrech déi lescht Generalversammlunge vun de Juegdsyndikater statt. Ab September sollen dann déi nei Syndikater d'Steeë fir d'Juegdlousen organiséieren. Well traditionell vill eeler Leit un dëse Versammlungen deelhuelen, an dës als vulnerabel gëllen, froen d'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas déi zoustänneg Ministesch wat ënnerholl gëtt fir d'Sécherheet vun de Participanten ze garantéieren.

Parlamentarische Fragen Bildung Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Huet d'Akerbauschoul wëlles e Juegdlous ze pachten?

Et ass den DP-Deputéierte Guy Arendt a Gusty Graas zu Ouere komm, dass d'Akerbauschoul wëlles hätt, e Juegdlous ze pachten. Laut dem Juegdgesetz kann de Staat dat maachen, wann et en "intérêt général" duerstellt. De Guy Arendt an de Gusty Graas hu bei der Ëmweltministesch an dem Bildungsminister nogefrot, wat et domat op sech huet.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Regulatioun vun der Kormoran-Populatioun?

Nodeems de Kormoran laang Zäit op der rouder Lëscht stung, hu sech d'Bestänn mëttlerweil sou wäit erholl, dass hien sengersäits schonn zënter enger Rei Joren d'Bestänn vu verschiddene Fëschzorte gefährt. Zu Lëtzebuerg refuséiert den Ëmweltministär allerdéngs d'Populatioun ze reguléieren, mam Verweis op déi europäesch Legislatioun, quitt dass aner Länner wéi Frankräich an Däitschland d'Juegd erlabe fir d'Fëschbestänn ze schützen. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob de Ministère kloer Zuelen iwwer d'Kormoran-Populatioun huet, wat den Impakt op d'Fësch an eise Gewässer ass, wat déi wëssenschaftlech Begrënnung fir e Juegdverbuet ass an ënner wéi enge Konditiounen d'Ministesch eng Regulatioun vun der Populatioun erlabe kéint.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Nilgänse-Plo: Wat gëtt dogéint ënnerholl?

D'Verbreedung vun den Nilgänsen am Oste vum Land ass eng schwéier Belaaschtung fir déi betraffe Gemengen, déi viru kuerzem an zwee Artikelen an der Press hirer Frustratioun Loft gemaach hunn. Virun allem gëtt d'Verknaschtung duerch dës Déieren ëmmer méi schlëmm, mee och den Impakt op d'Biodiversitéit - duerch d'Verdränge vun indigenen Aarten - stellt e Risiko duer. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi vill der Déieren et zu Lëtzebuerg ginn, firwat d'Juegd op dës Déieren hei am Land verbueden ass, wärend se an eisen Nopeschlänner erlaabt ass, an ob d'Ministesch net wëlles hätt, d'Jued ugesiichts vun den aktuellen Zoustänn awer zouzeloossen.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Verbuet vun der "obsolescence programmée" och zu Lëtzebuerg?

A Frankräich gouf Apple am Februar vun dësem Joer verklot, well se al iPhone-Modeller méi lues gemaach hunn, nodeems en neie Modell op de Marché komm ass. Sou eng bewosst Verkierzung vun der Liewensdauer vun engem Produit, fir d'Clienten dozou ze beweegen, en neie Produit ze kafen, ass net just Bedruch um Client, mee och en immens ineffikassen a verschwendereschen Ëmgang mat eise Ressourcen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zwou concernéierte Ministeschen nogefrot, ob d'Regierung net wëlles hätt, e Gesetz nom franséische Virbild anzeféieren.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Max Hahn Gusty Graas

Drécheperioden: Privat Reewaasserbasengen fir Drénkwaasser ze spueren?

Duerch déi laang Drécheperiode geroden d'Waasserressourcen zu Lëtzebuerg ëmmer méi ënner Drock, soudass den Ëmweltministère d'Bierger ëmmer nees opfuerdert, spuersam mam Waasser ëmzegoen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, ob et net eng Iddi wier, Reewaasserbasenge bei privaten Haiser ze fërderen, fir sou manner Drénkwaasser ze verbrauchen fir verschidden Aktivitéiten, wéi z.B. Planzen nätzen asw.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Geriichtlech Poursuite vun Ëmweltverknaschtungen

Laut der Federatioun vun de Lëtzebuerger Sportfëscher géifen dacks Verknaschtunge vu Flëss a Baachen net weider poursuivéiert ginn, och wann de Schëllege bekannt wier. Den DP-Deputéierte Gusty Graas huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, ob dat tatsächlech sou ass a wa jo, firwat.