Sie sind hier

News Gemeinden Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Max Hahn: „Et ass net normal, dass verschidde Gemengen hir eege Bauterrainen un den Héchstbiddende versteeën!“

Eisen Deputéierte Max Hahn huet dëse Mëttwoch an der Chamber ënnerstrach, dass d'Gemengen an Zukunft sollten eng méi wichteg Roll beim Schafe vu bezuelbarem Wunnraum spillen.

Dofir sollten si wa méiglech hir eege Bauterraine viabiliséieren a se net un den Héchstbiddende verkafen, fir d'Präisser esou net mat an d'Luucht ze dreiwen.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Max Hahn

Réckgang vun den Éischt-Hëllef-Coursen?

Den Deputéierte Max Hahn an Claude Lamberty ass zu Ouere komm, dass plazeweis am Land d'Unzuel vun den Éischt-Hëllef-Coursë réckleefeg wieren, trotz héijen Aschreiwungszuelen d'Joer virdrun. Donieft géifen och net méi all d'Stéit via Toute-Boîte iwwert déi Coursen informéiert ginn. An hirer Question Parlementaire froen déi zwee Deputéiert beim zoustännege Minister no, ob dat sou ass an ob et do vläicht e Lien gëtt.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Claude Lamberty Max Hahn

Populatioun an de Gemenge

Existéieren ënnerschiddlech Zuelen, wat d'reell Populatioun an eenzele Gemengen ubelaangt? De Claude Lamberty an de Max Hahn froe beim Inneminister no.

News Finanzen Gemeinden Landesplanung und Wohnen Max Hahn

Gemengefinanzreform

De Max Hahn huet an der Chamber der Regierung felicitéiert, datt si sech déi neideg budgetär Mëttele ginn huet, fir d’Gemengefinanzreform esou ëmzesetzen, datt vill Gemengen gewannen ouni datt anerer verléieren.