Sie sind hier

News Bildung Claude Meisch Claude Lamberty Lex Delles

Kanner & Zukunftschancen

Eng Villfalt an der Bildung geschaf, déi den Talenter an Interessie vun de Kanner a Jugendleche gerecht gëtt.

Pressekonferenz haut vum Bildungsminister Claude Meisch a vum President vun der respektiver Chamberkommissioun Lex Delles iwwert d’Thema „Kanner&Zukunftschancen“, dat a Präsenz vum DP-Generalsekretär Lamberty Claude.

News Landesplanung und Wohnen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Marc Hansen

Mobilitéit & Infrastrukturen

D’Leit méiglechst séier a komfortabel vun A op B bréngen!

News Gesellschaft Kultur Claude Meisch Claude Lamberty

Identitéit & Kultur

Sech senge Wuerzele bewosst sinn a preparéiert sinn, fir d’Chancë vun der Zukunft ze notzen.

Parlamentarische Fragen Verfassung, Institutionen und Demokratie Claude Lamberty Eugène Berger Max Hahn

No dem rezente Virfall: Ass eng Adaptatioun vum Walgesetz neideg?

An der Presse war dëser Deeg ze liesen, datt eng Rëtsch Leit op enger Kandidatelëscht gelant ze sinn, ouni awer hiren Accord dofir ginn ze hunn. Laut den Aussoe vun de betraffene Leit wieren si Affer vun "Manipulatiounen" gewiescht. An hirer urgenter parlamentarescher Ufro froen d'DP-Deputéiert Claude Lamberty, Max Hahn an Eugène Berger no, ob een d'Walgesetz net misst adaptéiere fir den Affer vun esou grave Virfäll, no dem Arrêtéiere vun de Lëschte, nach eng Méiglechkeet ze ginn sech zeréckzezéien.

Parlamentarische Fragen Tiere Claude Lamberty Max Hahn

Zentraliséiert Plattform fir vermëssten Déieren?

D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty froen den zoustännege Minister an hirer rezenter parlamentarescher Ufro ob et net opportun wier eng offiziell online Plattform a d'Liewen ze ruffen, déi all Informatioune vun diversen Annoncë betreffend vermëssten Hausdéier regroupéiert, fir soumat Chancen ze erhéijen déi vermëssten Déier ze fannen.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Claude Lamberty Max Hahn

Ginn et Enkpäss bei der Hepatite-A Impfung?

Den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty ass zu Ouere komm, datt et anscheinend Enkpäss beim Hepatite-A Impfstoff ginn. Vill Apdikten hätten d'Impfung an der Vakanzenzäit net méi op Stock. An hirer parlamentarescher Ufro froen si no Informatioune bei der Gesondheetsministesch.

News Mobilität und Verkehr Claude Lamberty

Gréng Luucht fir de Pôle d’échange um Houwald

D’Chamber huet den Accord ginn fir déi drëtt Etapp vum Reamenagement vum Houwald. De Projet gesäit den Ausbau vum P&R an d’Konstruktioun vun engem neie Pôle d’échange vir.

News Arbeit Gesellschaft Claude Lamberty Gilles Baum

REVIS gestëmmt: Däitlech Verbesserung vun der Ënnerstëtzung.

En Dënschdeg gouf an der Chamber de REVIS gestëmmt. De Revenu d’inclusion sociale wäert an Zukunft den RMG ersetzen. Esou ginn d’Konditioune geschafen, fir datt déi betraffe Leit hiert Liewen nees kënne selwer meeschteren.

News Sport und Freizeit Claude Lamberty Lex Delles

5-Joresplang vum Sport: No sports! war gëscht, More sports! dat ass d’Zil vu muer.

Déi nächst fënnef Joer investéiert de Lëtzebuerger Staat eng 120 Milliounen Euro an den Erhalt vu senge sportlechen Infrastrukturen an an de Bau vun neie Projete fir de Sport hei am Land.

News Gesellschaft Claude Lamberty André Bauler

D'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

Dëse Mëttwoch stoung d'Gesetz iwwer d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch am Mëttelpunkt vun de Chamberdebatten um Krautmaart. Den DP Deputéierten a Rapporteur vum Gesetz Claude Lamberty huet de Projet virgestallt.

News Bildung Familie Finanzen Staat und Öffentlicher Dienst Claude Lamberty Corinne Cahen

PK vun der DP: Mir investéieren an d’Zukunft vun de Mënschen!

Nodeems de Conseil national vun der Partei e Sonndeg de Wahlprogramm fir de 14. Oktober finaliséiert hat, hunn eis Presidentin Corinne Cahen an eise Generalsekretär Claude Lamberty e Méindeg éischt Punkten aus dem Programm op enger Pressekonferenz virgestallt.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Claude Lamberty Max Hahn

Wat gëtt ënnerholl géint d'Verschmotzung vun eise Baachen a Flëss?

Reegelméisseg komme bei Botzaktiounen vu Baachen a Flëss enorm Quantitéiten vu Knascht zesummen, deen d'Leit an d'Waasser geheit hunn. Mee och vu Fäll vu Verknaschtung duerch Ueleg oder soss chemesch Substanzen, huet een dës Lescht méi dacks héieren. Dowéinst froen déi zwee DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty bei der Ëmweltministesch no, wat géint dës Zoustänn ënnerholl gëtt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Autonom Gefierer zu Lëtzebuerg: Wéini ass et souwäit?

Den technesche Fortschrëtt mécht dat autonoomt Fueren ëmmer méi realistesch. A ville Länner ginn et Testprojeten an deem Beräich, an och Lëtzebuerg huet en Ofkommes mat Däitschland a Frankräich ënnerschriwwen, fir an déi Richtung ze fuerschen. Aus dëse Grënn wollten d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty vum zoustännege Minister wëssen, wéi de gesetzleche Kader fir Autoen ouni Chauffeur ausgesäit, a vu wéini un dës op de Lëtzebuerger Stroosse kéinten ënnerwee sinn.

Parlamentarische Fragen Gesellschaft Claude Lamberty Max Hahn

Gemengen sollen och Kreditkaarten benotzen däerfen

Wéinst der aktueller Gemengegesetzgebung ass et de Gemengen net erlaabt hirem Personal Kreditkaarten zur Verfügung ze stellen. Verschidde Servicer a Gidder kënnen awer just iwwert dëse Wee bezuelt ginn, zum Beispill mobil Applikatiounen déi an der Grondschoul gebraucht ginn. D'Deputéierte Claude Lamberty a Max Hahn hunn den Inneminister gefrot d'Gemengegesetz op deem Punkt ze änneren.

News Mittelstand Wirtschaft Claude Lamberty Carole Hartmann

Ëffnungszäiten: Gläich Rechter fir de ganze Commerce am Land

Op enger Pressekonferenz hu sech den DP-Generalsekretär Claude Lamberty an d’Carole Hartmann vun der JDL-Osten de Muere gewonnert, datt an engem Land vun 82 op 58 Kilometer deux poids et deux mesures gëllen.