16/04/2018
Parlamentarische Fragen
Mobilität und Verkehr
Claude Lamberty
Max Hahn
Den technesche Fortschrëtt mécht dat autonoomt Fueren ëmmer méi realistesch. A ville Länner ginn et Testprojeten an deem Beräich, an och Lëtzebuerg huet en Ofkommes mat Däitschland a Frankräich ënnerschriwwen, fir an déi Richtung ze fuerschen. Aus dëse Grënn wollten d'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty vum zoustännege Minister wëssen, wéi de gesetzleche Kader fir Autoen ouni Chauffeur ausgesäit, a vu wéini un dës op de Lëtzebuerger Stroosse kéinten ënnerwee sinn.