Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Gemeinden Mobilität und Verkehr Claude Lamberty Max Hahn

Firwat kënnen d’Zuch-Horaire net an de Gemengen-Appen integréiert ginn?

Verschidde Gemengen uechtert Land hunn eng mobil App lancéiert, wou een nieft dem Offall - a Manifestatiounskalenner och d‘Horaire vum ëffentlechen Transport an deene jeeweilege Gemenge ka consultéieren. An deem Kontext, hunn D'DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty beim zoustännege Minister nogefrot, firwat d’Zuch-Horaire den Ament net kënnen an dësen Appen integréiert ginn.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Max Hahn

Wéi huet sech de First Responder am CGDIS bewäert?

De First Responder spillt eng primordial Roll, fir Leit a liewesgeféierlechen Noutfäll ze versuergen a fir wichteg Informatiounen un d'Zentral weiderzegi bis de Rettungsdéngscht op der Plaz ass. An deem Sënn, huet den DP-Deputéierte Max Hahn beim zoustännege Minister nogefrot wéi sech de First Responder an de lëschten zwee Joer am CGDIS bewäert huet.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Tourismus André Bauler

Arrêt Maulesmillen: Eng Iddi fir den Tourismus am Summer ze fërderen?

Nodeems d'Aarbechten um PC1 am Norde vum Land deemnächst sollen ufänken, freet den DP-Deputéierten André Bauler beim zoustännege Minister no, ob et net eng Iddi wier, am Summer nees um Arrêt Maulesmillen stoen ze bleiwen, fir den Tourismus an der Géigend ze fërderen.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen Mobilität und Verkehr André Bauler Max Hahn

Wunnengen an Zuchstatiounen?

Op verschiddene Plaze ginn et scho Wunnengen an Zuchstatiounen. Mee wéi gesäit et generell am Land mat sou Projeten aus? Gëtt et do nach Loft no uewen? Wat ass geplangt? D'DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hu weider Informatioune vum zoustännege Minister gefrot.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Remboursement vu chirurgeschen Agrëff bei engem Lipödem ab dem 1. Stadium

Zu Lëtzebuerg gi chirurgesch Agrëff bei engem Lipödem ab dem 3. Stadium vun der Krankekeess rembourséiert. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat net schonn ab dem 1. Stadium esou Agrëff rembourséiert ginn. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Wéi wäit si mer mam autonome Fueren zu Lëtzebuerg?

Déi däitsch Regierung wëll an Zukunft op verschiddene Plazen am Land erlaben, dass vollautomatesch Gefierer ganz normal am Stroosseverkéier dierfe fueren, wou de Chauffer just an engem Noutfall muss agräifen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit mer hei zu Lëtzebuerg an deem Beräich sinn.

Parlamentarische Fragen Bildung André Bauler

En Internat zu Clierf beim Lycée?

Virun zwee Joer huet de Minister fir ëffentlech Aarbechten dem DP-Deputéierten André Bauler op seng parlamentaresch Fro zu engem méiglechen Internat beim Clierfer Lycée geäntwert, et géif keng Demande dofir ginn. Wéi ass et haut domadder? Den André Bauler huet nogefrot. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Projet MMUST: Besser Organisatioun vun der Mobilitéit an der Groussregioun

Mam Projet "modèle multimodal et scénarios de mobilité transfrontaliers" (MMUST) sollen d'Verkéiersflëss an der Grenzregioun analyséiert gi fir d'Mobilitéit besser z’organiséieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit d'Aarbechten um Projet sinn an ob schonn en Tëschebilan gezu ka ginn.

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Guy Arendt Gusty Graas

Wat ass d'Reaktioun vun der Ëmweltministesch op d'Demissioun vum President vun der Jeeërfederatioun?

Als Grond vu sengem Récktrëtt gëtt de President vun der Jeeërfederatioun e Mangel u konstruktiver Zesummenaarbecht an e "Missachten" vu Säite vun der Ëmweltministesch vis-à-vis vun de Jeeër un. D'DP-Deputéiert Guy Arendt a Gusty Graas hunn nogefrot, wéi d'Ministesch zu de Virwërf steet a wéi d'Zesummenaarbecht an Zukunft verbessert soll ginn.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit Guy Arendt

Kann den Dierwiechter seng Signifikatioun einfach un d'Bréifboîte pechen?

Dierf den Dierwiechter e Sticker un d’Bréifkëscht virum Haus hänke fir d’Awunner iwwert eng Saisie bei hinnen ze informéieren? Wéi gi Privatpersoune vum Dierwiechter kontaktéiert falls si net doheem sinn? Wéi gëtt an esou engem Fall de Bewunner hir Privatsphär geschützt? Den Deputéierte Guy Arendt huet beim Justizministère nogefrot.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann

Wéi vill Prozent vun de Residenten huele reegelméisseg um "Large scale Testing" deel?

D'Regierung huet rezent matgedeelt, datt eng drëtt Phase vum Large-Scale-Testing Mëtt Mäerz ulafe wäert. D'DP Deputéiert Carole Hartmann wollt an deem Kontext ë.a wëssen, wéi vill Prozent vun de Residente reegelméisseg um "Large schale Testing" deelhuelen.

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler

Liichtmëssdag als immateriellt Kulturierwe schütze loossen?

Al Traditiounen a Bräich geroden ëmmer méi an de Vergiess. Si kënnen a sollen als immateriellt Kulturierwen geschützt ginn. Op Liichtmëssdag huet den Deputéierten André Bauler dofir e puer Froen un d'Kulturministesch gestallt. 

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz Gusty Graas

Ze vill Phosphat am Stauséi?

Wéi aus engem rezenten Interview am Wort ervirgeet, hat d'Landwirtschaftskummer dem Ëmweltministère eng Etüd presentéiert iwwer déi héich Konzentratioun vu Phosphat am Stauséi an d'Ursaachen dovunner, déi bei verschiddene Kläranlagen an der Géigend géife leien. Well d'Kummer allerdéngs keng Reaktioun dorop kritt hätt, huet den DP-Deputéierte Gusty Graas bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

Parlamentarische Fragen Außenpolitik Gusty Graas

Eng eege Bank fir d’NATO?

En amerikaneschen ‚Think tank‘ huet proposéiert fir eng Bank speziell fir d’NATO ze kreéieren an domat an d’Finanzéierung vun den europäesche Memberstaaten hiren Verteidegungsmëttel ze assuréieren. Wéi géing dëse System funktionéieren a wien géing dovunner profitéieren? Den Deputéierten Gusty Graas huet bei den zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr Max Hahn

Moderniséierung vum CITA?

Laut Koalitiounsaccord soll de CITA enger Analys ënnerzunn an den techneschen Entwécklungen ugepasst ginn. Och soll allgemeng eng informatesch Strategie ausgeschafft ginn, fir d'Verkéiersfluxe besser ze leeden an d'Chauffere besser z'informéieren. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn.