Sie sind hier

Parlamentarische Fragen Nachhaltigkeit, Natur- und Umweltschutz André Bauler Max Hahn

Wat ass den Impakt vum Goldschakal op déi einheimesch Déieren?

Wéi et schéngt, ass de Goldschakal méiglecherweis eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg gesi ginn. D'DP-Deputéierten André Bauler a Max Hahn hu bei der Ëmweltministesch nogefrot, wat den Impakt vu senger Presenz virun allem op d'Beutedéieren ass, a wéi et allgemeng ëm d'Bekämpfung vun den invasiven Déierenaarten hei am Land steet.

Parlamentarische Fragen Gemeinden Kultur André Bauler

Wéi ginn d’Wopen vu Fusiounsgemengen gehandhaabt?

Verschidde Fusiounsgemengen hunn sech mat der Fusioun och e neie Wopen ginn. Aner Gemengen setzen op e Gemenge Logo fir hir Identitéit no baussen visuell auszedrécken. An dësen Demarchen ginn d’Gemenge vun der Commission héraldique vum Staatsministère ënnerstëtzt. Den Deputéierten André Bauler huet beim Staatsministère nogefrot, wéi eng Gemengen iwwer déi lescht Joren hire Wopen oder Logo geännert hunn a wéi dës Prozedur funktionéiert.

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege André Bauler Gilles Baum

Muss ee sech ofmellen, wann een eng Invitatioun fir d'Covid-19-Impfung refuséiert?

De Gesondheetsministère verschéckt Invitatiounen fir sech géint de Covid-19 impfen ze loossen. Mee muss ee sech ofmellen, wann een d'Impfung refuséiert? D'Deputéiert vun der Demokratescher Partei Gilles Baum an André Bauler hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot. 

Parlamentarische Fragen Gesundheit und Pflege Carole Hartmann André Bauler

Zwou nei Maisons médicales fir de Norden an den Osten

De Gesondheetsministère léisst ënnersichen, wou nei Maisons médicales am Norden an am Oste vum Land opgebaut kéinte ginn. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hunn der Gesondheetsministesch dozou e puer Froe gestallt. 

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler

D'Uergel vun der Stater Kathedral

D'Uergel vun der Stater Kathedral ass d'lescht Joer fir Renovatiouns- a Moderniséierungsaarbechten ofmontéiert ginn. Den Deputéierten André Bauler stellt a senger parlamentarescher Fro haaptsächlech Froen zur Finanzéierung vun dësen Aarbechten. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Kënnt et zu weideren Upassunge bei der Buslinn 555?

No den Ännerunge vum Busplang vum 13. Dezember hunn eng Rei Linnen am Norde missten nach emol ugepasst ginn, well et zu Schwieregkeete komm ass, zemol beim Schülertransport. Well awer keng Adaptatioune bei der Buslinn 555 virgeholl goufen, quitt dass et och hei eng Rei Problemer gëtt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nach emol beim zoustännege Minister nogefrot.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Wéi geet et viru mat der neier Verbindungsstrooss Fridhaff-Häerebierg?

De Projet sollt eigentlech Enn vum leschte Joer ufänken, ma et huet sech bis elo nach näischt gedoen. Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot, wou de Projet drun ass.

Parlamentarische Fragen Mittelstand Tourismus Wirtschaft Carole Hartmann André Bauler

Wéi séier ginn déi nei Covid-Hëllefen ausbezuelt?

Am Dezember goufe weider Hëllefe gestëmmt fir deene Betriber ze hëllefen, déi besonnesch ënnert der Corona-Krise leiden. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann an André Bauler hu beim Mëttelstandsminister Lex Delles nogefrot, wéi vill Demandë schonn agereecht goufen a wéi séier dës traitéiert ginn.

Parlamentarische Fragen Bildung Kultur André Bauler

Pafemillen : Acquisitioun vum Klouschter fir schoulesch Aktivitéiten ?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm dass d’Regierung dat fréiert Klouschter op der Pafemillen bei Ëlwen wéilt opkafen. Wéi et schéngt, sollen dës Raimlechkeeten an Zukunft fir schoulesch Zwecker genotzt ginn.

Den Deputéierten huet beim Educatiounsminister nogefrot wat et mat dësem Gerücht op sech huet.

Parlamentarische Fragen Kultur André Bauler

D'Fërderung vun der Uergel zu Lëtzebuerg

D'Uergel ass en aalt Museksinstrument wat zu Lëtzebuerg an iwwerall op der Welt seng Bedeitung huet. Däitschland feiert dëst Joer dat imposant Museksinstrument. Ma ass och zu Lëtzebuerg eng Promotioun vun der Uergel geplangt? Dës a weider Froen huet den Deputéierten André Bauler der Kulturministesch gestallt.

Parlamentarische Fragen Landwirtschaft und Weinbau André Bauler Gusty Graas

Wéi vill Betriber baue Geméis un?

D'DP-Deputéierten André Bauler a Gusty Graas hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi vill Betriber zu Lëtzebuerg Geméis ubauen a wéi vill dovunner biologesch sinn.

Parlamentarische Fragen Justiz und Sicherheit André Bauler Gusty Graas

Drone bei der Lëtzebuerger Arméi

D'Lëtzebuerger Arméi huet schonn am Mali Drone fir Observatiounen agesat. Elo sollen nach weider Drone kaaft ginn. D'Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hunn dozou e puer Froen un de Verdeedegungsminister gestallt. 

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

Trafic a Verkéierssécherheet zu Bettenduerf

Nieft dem Trafic zu Bettenduerf, deen ëmmer méi zouhëlt, heefe sech och Virfäll vu riskéierten Iwwerhuelmanöveren, besonnesch op der Streck, wann ee vun Iechternach kënnt. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wat dogéint ënnerholl gëtt.

Parlamentarische Fragen Landesplanung und Wohnen André Bauler Max Hahn

Renovatioun vun Wunnengen déi fréier fir den ëffentlechen Déngscht bestëmmt waren

Säit puer Joer si Wunnengen déi fréier fir den ëffentlechen Déngscht bestëmmt waren, fräi gemaach gi fir néie Logement ze schafen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Max Hahn hunn beim zoustännege Minister ënnert anerem nogefrot, wéi vill Logementer de Moment renovéiert ginn an a wéi wäit de Fond de Logement an d'SNHBM bei der Renovatioun vun dëse Gebailechkeete mat abegraff gëtt.

Parlamentarische Fragen Mobilität und Verkehr André Bauler

En Tram fir d'Nordstad?

Wier den Tram eng passend Léisung fir d'Mobilitéit an der Nordstad besser ze geréieren? Den DP-Deputéierten André Bauler huet beim zoustännege Minister nogefrot.